Search

You may also like

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op
International Neiegkeeten

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Den Dënschden 4 August, hunn zwou Explosiounen d’Stad Beirut, Haaptstad vum

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
International Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

[onionbuzz quiz-id=18][/onionbuzz]

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen
International Neiegkeeten

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen

D’Escher Héichiewen hunn nees no Musek gejaut. Mam Sonic Visions

Kanada kritt säin Dreck zréck

Kanada kritt säin Dreck zréck

D‘Bevëlkerung vun de Philippinnen war es sat, datt hiert Land als Dreckskëscht benotzt gëtt an hu sech zur Wier gesat. No fënnef Joer Gestreits mat Kanada, wéinst „falschem“ Offall, huet de President Rodrigo Duterte einfach beschloss, alles per Schëff un den Absender zréckzeschécken.

E Samschdeg huet de Frachter Anna Maersk mat de 69 „Offall-Container“ den Hafe vu Vancouver erreecht. Am Terminal Tsawwassen sinn se ofgeluede ginn an kanadesch Autoritéiten hu bestätegt, datt den Offall elo an eng „spezialiséiert Struktur“ iwwerstallt gëtt wou e verbrannt soll ginn.

De Sträit ëm den „Offall“ féiert zréck an d‘Joer 2013, wou eng kanadesch Entreprise de Knascht – deen als recycléierbare Plastik etiquetéiert war – op d‘Philippinnen exportéiert huet. Just datt sech an all deem Offall, kee recycléierbar Plastik, mee virun allem „normalen Hausoffall“ befonnt huet.

Elo ass den Dreck nees do wou en hierkomm ass. Ugesiichts dem allgemenge Wëllen sech der Ëmweltverschmotzung unzehuelen, wat och domatter ze dinn huet, datt ëmmer méi Länner keen Offall méi aus den Industrielänner – och net de recycléierbaren – akzeptéieren, eng gutt Léisung.

mat indymedia/ott/kul

Foto: Dat dänescht Containerschëff Anna Maersk (hei en Archivbild aus dem September 2016 © Hafenradar

Related topics Kanada, Offall, Philippinnen, Rodrigo Duterte
Next post Previous post