Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
International Neiegkeeten

matchmaking in pubg mobile

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

how do you use custom matchmaking in fortnite battle royale
online dating via skype
International Neiegkeeten

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen
International Neiegkeeten

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen

Laut dem Communiqué vun der Weltbank, huet de President vun

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie

Säit gëschter ass Kanada dat éischte Land vun de G20, an deem de rekreative Cannabis legaliséiert ass. Eng historesch Reform, déi de ganzen Dag gefeiert ginn ass, wéi een et un de Waardeschlaange virun den offizielle Geschäfter konnt feststellen.

Vum Atlantik bis zum Pazifik, déi éischt Clienten si scho matten an der Nuecht virun de Geschäfter ukomm. Et war egal op a stréime gereent oder äiseg kal war, et wollt een zu den éischte gehéieren. Domm gelaf ass et fir d‘Kanadier aus dem Ontario. Hei ass et och legal, mee d‘Geschäfter hunn et net zäitlech ronn kritt, zum Stéchdatum „ageriicht“ ze sinn. Hei ass online bestallt ginn…

Apropos „Online“: an alle Provënzen hunn d‘Bestellunge via Internet an de fréie Moiesstonne Rekorder gebrach. Esou ass et dann och séier zu Enkpäss komm, eng ganz Partie „Produiten“ waren géint der Owend am Ontario, Alberta a Manitoba Ausverkaf.

Zu Montreal, virun der Filial vun der „Société Québécoise du Cannabis“ (SQDC) an der Rue Sainte-Catherine, eng vun den Haaptstroosse vum Stadzentrum, hat de Mathieu scho mueres fréi um 3 Auer Stellung bezunn. Géintiwwer der AFP huet hie just gemengt: „Et ass historesch, et wollt onbedéngt derbäi sinn!“. Et ass verréckt, an et geet hei net ëm dee leschte Apple-Handy…

„Mir hunn all Gras doheem. Hei geet et drëms den Truc ze liewen an nei Geschmaachsrichtungen ze probéieren“ erzielt eis de Sébastien, dee vu Bordeaux ugereest ass. „D‘Fransouse wäerten elo all heihinner ‚fëmme‘ kommen“, esou seng Analyse, wou de Präis vum Fligerbilljee ënnergaangen ass.

Kanada

Esou kann et goen: net nëmmen datt de Cannabis uerdentlech verpaakt gëtt, nee et gëtt och eng sanitär Kontroll. Et kann ee sech seng „Zort“ auswielen, op een d‘Kraut elo fëmme wëll, et léiwer als Téi oder Gebäck konsuméiert, et dierften net vill Wënsch ginn déi hei net kënnen erfëllt ginn. © Alice Chiche/AFP

Zu Québec, mécht sech den 18 järege Student Zachary Gedanken. Hien ass beonrouegt iwwert d‘Intentioune vun der neier Regionalregierung ënnert der Leedung vum François Legault. Déi wëll de legalen Alter fir de Cannabiskonsum op 21 Joer hiewen. „Also ech wäert elo net méi op meng 21 waarden, fir legal drun ze kommen. Da riskéieren ech at, a ginn nees op de Schwaarzmaart“.

Legal, Illegal, Schäissegal…

Dräi Joer no de Walen, huet déi liberal Regierung vum Justin Trudeau eent vun de grousse Verspriechen ageléist, dat si an der Campagne gemaach huet. An de Kanada ass domatter, eréischt dat zweet Land vum Planéit, dat rekreative Cannabis, nom Uruguay 2013, zougelooss huet.

An den USA, ass de Konsum vu rekreativem Cannabis an 8 Bundesstaaten, an och zu Washington erlaabt. Kalifornien ass den 1. Januar 2018 de gréisste legale Maart vun der Welt ginn. Parallel dozou, hunn eng Rei Länner wéi Holland oder Spuenien de Konsum vu Marihuana depenaliséiert, an den therapeutesche Cannabis legaliséiert. Zu Lëtzebuerg feelt et nach u politeschem Wëllen.

Wéi et sech am Kanada mam Cannabis „entwéckelt“ wäert elo opmierksam verfollegt ginn. Am Kanada stinn 2019 Parlamentswahlen un, an den Drogekonsum dierft en Thema sinn. D‘Regierung wollt et all Provënz iwwerloossen den Handel z‘organiséieren, an dat dierft och zur Debatt stoen.

Fir den Ament ass et esou, datt all Provënz „säi Business“ organiséiert. Ottawa schätzt de Benefice fir de Staat op ronn 4 Milliarden Euro pro Joer an. Experte rechne mat wiesentlech méi. Dat hält d‘Oppositioun net dovunner of, mat allem wat d‘Wëssenschaft hir gëtt, géint d‘Legaliséierung virzegoen. Hei géif esouwuel déi ëffentlech Gesondheet wéi d‘Sécherheet a Fro gestallt.

De kanadesche Premierminister Justin Trudeau, ass sech dem Gesellschaftleche Wandel bewosst, an wat et fir d‘Leit bedeit. „Et ass gewosst datt et Erausfuerderunge gëtt déi iwwerwonne musse ginn. Mir schaffe mat allen Acteuren zesummen, fir sécher ze stellen datt et klappt“, esou de Premier.

Prohibitioun war fir d‘Kaz

Am Kanada war d‘Prohibitioun fir de Cannabis 1923 agefouert ginn. A wéi dat esou an der Natur vu Prohibitioun a Verbuet läit, et huet um Enn nëmmen derzou gefouert, datt déi jonk Kanadier fir sech den héchste Consommatiounstaux opzeweisen haten. Dobäi huet d‘Gesellschaft vun dësem Konsum net profitéiert. D‘Geld ass direkt a steierfräi dem organiséierte Verbriechen zougeschanzt ginn.

De Gesondheetsminister Ralph Goodale, huet ugekënnegt, datt et zu enger vereinfachter Amnestie wäert kommen, fir all déi Persounen déi fir einfache Besëtz vu Cannabis veruerteelt gi sinn. Ënnert hinnen, oft Membere vu marginaliséierte Communautéiten oder „siichtbare“ Minoritéiten.

Kanada

Zu Vancouver huet sech de Graham Darling mat sengem Panneau op d‘Strooss gestallt, fir drop opmierksam ze maachen, datt och Cannabis Geforen an sech dréit. An dem Mann kann een zumindest esouwäit Recht ginn, datt ee verantwortlech mat dësem Kraut ëmgoe muss. © Don MacKinnon/AFP

Während der Campagne 2015, hat de Justin Trudeau zouginn, selwer emol „un enger lëschteger Zigarett gezunn ze hunn“, och zu Zäite wou hien Deputéierte vun der Oppositioun war. Elo asl Premierminister hätt hien dat geckegt Kraut op d‘Säit geluecht. „Ech drénken net vill Alkohol, drénke kee Kaffi an hunn net wëlles Marihuana ze fëmmen“, sot hien de Journalisten.

Laut der offizieller Statistik, hunn sech 16% vun der kanadescher Bevëlkerung 2017 eng gedämpt, an elo wou legal ass, dierft sech dësen Undeel mindestens verduebelen. Et geet een also dovunner aus, datt déi aktuell 120 autoriséiert Produzenten, der Demande net wäerte kënne gerecht ginn.

Fir de Bill Blair, de Minister dee sech ëm déi organiséiert Kriminalitéit këmmert, sollt et méiglech sinn bis zu 25% vum Schwaarzmaart bis Enn 2018, an nach emol ëm bis zu 50% an 2019, ze iwwerhuelen. Op der Bourse, hunn déi 2 gréissten Acteure (Caniopy Growth / Tilray) vum Marché, eng kleng Baisse gemellt. Woubäi den Aktiëwäert an engem Joer ëm bis zu 500% zougeluecht hat.

mam Clément Sabourin/AFP

Foto: D‘Knetzel huet mat grousser Wahrscheinlechkeet hei net den éischten „Joint“ vu sengem jonke Liewe genoss, mee deen eleiten ass esou legal, dee geet am „grousse Krees“ bei enger mega „Legalized it!“ Party am Trinity Bellwoodspark zu Toronto genoss. © Geoff Robins/AFP

Ähnlech Sujeten Cannabis, Justin Trudeau, Kanada, Legaliséierung, Verantwortung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel