Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“
International Neiegkeeten

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“

De CLAE, dee fir eng „Erliichterung“ bei de linguistesche Kritäre

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn
International Neiegkeeten

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn

No enger Reportage vun RTL, wou et ëm den zweiwelhaften

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!
International Neiegkeeten

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!

Um haitege Moien huet d’Zeremonie vum Begriefnis vu S.A.R. dem

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative Cannabis gemaach. Domatter kéinten d‘Kanadier déi éischt aus dem Grupp vun de G7 ginn, déi dës sougenannten „douce“ Drog allgemeng legaliséieren. D‘Regierung hofft d‘Gesetz nach virum Hiecht anzeféieren.

Mat enger grousse Majoritéit vu 56 Stëmme géint 30 an enger Enthalung, hunn déi kanadesch Senateuren de Gesetzprojet, dee vun der liberaler Regierung virgeluecht ginn ass, ugeholl. Et war dann allerdéngs keng „einfach Affär“, an et ass deels richteg hëtzeg hiergaangen am Parlament. E sëllechen Amendementer hunn d‘Gesetz gebremst, datt eigentlech scho fir Nationalfeierdag, also den 1. Juli, sollt a Kraaft trieden.

De Gesetzestext zum rekreativen Notze vum Cannabis, dee vun de Senateure verännert gouf, geet elo nees zréck an d‘Parlament, wou d‘Deputéiert dann och nach hir Zoustëmmung mussen zum Ausdrock bréngen. Dann eréischt kann d‘Cannabisgesetz och de kinnekleche Sigel erhalen.

Iwwert de Summer dierf net gekifft ginn

An zwou Woche ginn d‘Parlamentarier an hir verdéngte Summervakanz, wouduerch all d‘Dossiere roue gelooss ginn. A well fréistens Mëtt-September nees Entscheedunge geholl kënne ginn, kann d‘Cannabisgesetz net virum Hiecht a Kraaft trieden.

Kiffen aus rengem rekreativen Notzen, ass schonn am Uruguay gesetzlech erlaabt. A Kanada dierft dann elo och dat éischt Land aus dem Grupp vun de G7-Länner sinn, datt de Cannabis a vollem Ëmfang legaliséiert. Et war iwwregens och e Wahlversprieche vum Premierminister Justin Trudeau, deen zouginn hat, och emol mat Frënn un esou enger „lëschteger“ Zigarett gezunn ze hunn.

Mee d‘Gesetz u sech huet e vill méi eeschten Hannergrond. Esou huet de Premier säi Gesetz mam Argument gerechtfäerdegt, datt et de sécherste Wee ass d‘Trafikanten aus dem Geschäft ze joen, d‘Qualitéit vun der „Wuer“ ze kontrolléieren, an esou d‘Konsumenten ze schützen. Woubäi et mat der Legaliséierung och zu enger uerdentlecher Besteierung vum Cannabis kënnt.

D‘Prohibitioun ass net Zilféierend

An de Justin Trudeau ass och iwwerzeegt, datt nom Kanada och aner grouss Länner sech enger Legaliséierung – och fir de rekreative Gebrauch – net méi wäerte verschléisse kënnen. Et géif scho Länner, déi d‘Legaliséierung als besonnesch gewot géife betruechten, mee den éierlechen Ëmgang mam Sujet hätt och Unerkennung bruecht.

Kanada war sech deemno net ze schued anzegesinn, datt d‘Prohibitioun an déi heimatter verbonne Repressioun, net Zilféierend waren. Et hat, huet an hätt kee Konsument dovunner ofgehalen sech dat beléifte kraut ze besuergen. A besonnesch déi Jonk hätten sech net vun Gesetzer beandrocke gelooss, déi schlicht net méi zäitgeméiss sinn.

„A ville Länner, an notamment a Kanada, ass et fir e Mannerjärege méi einfach un en Joint ze kommen, wéi sech eng Fläsch Béier ze kafen. Dat entbiert aller Logik! Woubäi den Trafic mam Cannabis, eng inakzeptabel Geldquell vir den organiséierte Crime duerstellt“, esou de kanadesche Premierminister Justin Trudeau.

De Cannabis bréngt Geld an de Staatshaushalt

Nom Vott um Donneschdegowend, huet déi kanadesch Justizministesch, Jody Wilson-Raybould, op déi selwecht Argumentatioun zréckgegraff. Si ass iwwerzeegt, datt mat dësem Gesetz „e strikt reguléierte Maart geschafe gëtt, mat deem wäitleefeg séchergestallt ka ginn, datt déi ganz jonk keen Zougrëff méi erhalen, an déi kriminell Banden sech net méi beräichere kënnen“.

Wann den organiséierte Crime an den illegalen Trafic eliminéiert soll ginn, esou muss een awer och festhalen, datt d‘Staatskeess dovunner dierft profitéieren. Éischten Estimatiounen no, kéint d‘Legaliséierung vum Cannabis, bis zu 7 Milliarde kanadesch Dollar, eleng u Steieren abréngen. Zudeem entsti legal Aarbechtsplazen an de „Produit“ gëtt kontrolléiert.

Fir all Gramm Cannabis, deen zu engem Präis vun ënner oder gläich 10 Dollar verkaf gëtt, falen Accisen an héicht vun engem Dollar un (0,65 Euro-Cent). Dovunner gi 25% direkt un de federale Staat, de Recht erhalen d‘Provënze. Dozou kommen d‘Steieren (Federal a Regional), déi tëscht 10 a 15% leien dierften.

Mat gesondem Mënscheverstand kommerzialiséieren

De kanadesche Finanzminister Bill Morneau, besteet drop de Präis vum Cannabis niddreg ze halen, fir kee Schwaarzmaart opkommen ze loossen. Et sinn awer d‘Provënzen, déi d‘Vente an autoriséierte Geschäfter organiséiere mussen. Esou kéint de Modell vun de Butteker, an deenen de Verkaf vun Alkohol kontrolléiert gëtt (bsp. Quebec an Ontario) ugewannt ginn.

Wat d‘Produktioun vun dësem „Kraut“ betrëfft, esou hunn 105 Entreprisen déi noutwenneg Geneemegungen erhale fir Cannabis unzebauen, a Produiten op der Basis vum Ueleg – wéi „Patisserien“ oder „Séissegkeeten“ – hierzestellen. Privatpersounen dierfen dann och fir den eegene Gebrauch, bis zu véier Planzen (jee no Provënz) ziichten.

Et gëtt awer net nëmme legaliséiert: d‘Regierung huet am Budget och e Programm an héicht vun 260 Milliounen Dollar op 5 Joer virgesinn, mat deem Preventiounsaarbecht geleescht soll ginn. Fir am Senat den Accord ze erhalen, huet d‘Gesondheetsministesch Ginette Petitpas Taylor, versprach no engem Joer e Rapport virzeleeën, wéi déi gefuerdert Mesuren sech duerchgesat hunn.

mam Marc Braibant/AFP

Foto: Während der Joresversammlung um „Capitol Hill“ an der Haaptstad Ottawa (20. Abrëll) hunn e sëlleche Kanadier vum Premierminister gefuerdert, säi Verspriechen, de rekreative Cannabis ze legaliséieren, och ze halen. © Lars Hagberg/AFP

Ähnlech Sujeten Cannabis, G7, Justin Trudeau, Kanada, Legaliséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel