Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerika um Wee an d‘Anarchie?
International Neiegkeeten

Amerika um Wee an d‘Anarchie?

Déi aner Säit vum grousse Pull hat et um 1.

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
International Neiegkeeten

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

Kritik an Däitschland u gratis Coronatester: Reesend solle selwer bezuelen
International Neiegkeeten

Kritik an Däitschland u gratis Coronatester: Reesend solle selwer bezuelen

Zënter Ufank dës Mounts musse sech Persounen, déi aus Risikogebidder

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“ schaffen, nodeems e Méindeg am Senat e kontroverséierte Gesetzprojet gestëmmt ginn, mat deem de Streik vun de Bréifdréier, dee virun engem gudde Mount ugefaangen huet, an eng Bedreeung fir den Onlinehandel wier.

Déi héich Kummer huet um Méindegowend zugonschte vum Text gestëmmt (53 derfir, 25 dergéint), deen hir vun der liberaler Regierung virgeluecht ginn ass. Dem kanadescher Premierminister Justin Trudeau seng Equippe war de ganze Weekend mam Text beschäftegt, deen um Freidegowend nach vun der Chamber of Commons ugeholl gi war.

„Déi kinneklech Sanktioun“ – eng einfach Prozedur, déi e Gesetzprojet dee vu den zwou Kummeren ugeholl ginn ass, an e Gesetz ëmwandelt – ass am fréien Owend erausgaangen, an trëtt schonn um Dënschdeg a Kraaft.

An der Praxis beendegt dëst d‘Gesetz den alternéierte Streik vun de Salariéeën, vum parastaatleche Betrib „Postes Canada“. D‘Aarbechter si elo gezwongen nees d‘Aarbecht opzehuelen, woubäi d‘Gesetz zugläich engem Mediateur den Optrag gëtt, de Sozialkonflikt ze Arbitréieren, an der Hoffnung datt dësen, béid Parteien zu engem Accord féiere kann. Sollt de Mediateur scheiteren, ginn d‘Konditioune vum Kollektivvertrag vun der Regierung bestëmmt.

„D‘Entscheedung fir esou e Gesetz ze stëmmen, ass net op déi liicht Schëller geholl ginn“, sot de Justin Trudeau e Méindeg virun de federalen Deputéierten. „Während engem Joer hu mir béid Parteien encouragéiert en Accord ze verhandelen, a mir encouragéieren och weiderhin déi zwou Säiten, sech endlech eens ze ginn“.

Ënnert dem Drock vum Onlinehandel, engersäits wéinst dem „Black Friday“ an dem „Cyber-Monday“, anersäits de Festdeeg, déi op eis duerkommen, huet sech déi federal Regierung d‘lescht Woch dozou entschloss e Gesetzprojet an der Urgence duerchzeboxen, fir de Konflikt ze beendegen.

D‘Bréifdréier ënnerhalen zanter dem 22. Oktober e sougenannten alternéierte Streik, wouduerch et a ville Groussstied, zu momentanen Ënnerbriechunge vun de Liwwerunge komm ass. Dausende Päck leien an de Lager, waarden drop zortéiert an ausgeliwwert ze ginn.

Géintiwwer dësem „Chaos“ huet „Postes Canada“ seng auslännesch Homologe misse bieden, den Ament keng Päck méi ze schécken. D‘Bréifdréier verlaangen datt méi Personal agestallt, fir der Hausse vun 30% bei de Liwwerungen entgéintzewierken. Et soll zudeem nach méi Päck ginn, elo wou den Handel mat Cannabis och Online ka bedriwwe ginn.

mat AFP

Foto: © Ryan Remiroz/PC

Ähnlech Sujeten Bréifdréier, Gesetzprojet, Kanada, Postes Canada, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel