Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: 455 Schüler kruten en Diplom

Fir d’Schouljoer 2019/2020 kréie 455 Schüler vun de Lëtzebuerger Sproochen-

Déifferdeng an de Wielerwëllen
Neiegkeeten

Déifferdeng an de Wielerwëllen

Et ass den Ament net einfach fir d‘Awunner vun Déifferdeng.

money
Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front
Neiegkeeten

Handelskrich USA vs China: Neiegkeete vun der Front

Den Donald Trump ass nees ganz aus dem Haischen. Gëschter

Kanalisatiounsaarbechten um Boulevard Pierre Werner (27.-28.06.2020)

Kanalisatiounsaarbechten um Boulevard Pierre Werner (27.-28.06.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et um Samschdeg, de 27. Juni géint 7:00 Auer bis Sonndes, den 28. Juni 2020 géint 17:00 Auer zu Kanalisatiounsaarbechten um Boulevard Pierre Werner kënnt. Duerch de Chantier gëtt d’Rue Edward Steichen a Richtung a bis bei de Rondpoint Serra eng Eebunnsstrooss.

D’Ëmleedung a Richtung Gréngewald, Spidol um Kierchbierg a Rehazenter geet iwwert de Circuit vun der Foire a wäert vum Zirkulatiounsservice ausgeschëldert sinn. Och beim ëffentlechen Transport kënnt et zu Ännerungen:

Buslinn 1/125, 7 a 25: Si fueren der Ëmleedung tëscht dem Kierchbierg an dem Zentrum, respektiv dem Cents no, stoppen awer bei all Arrêt.

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir Äre Verständnis an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Buslinnen, Chantier, Ëmleedung, Foire, Kanalisatiounsaarbechten, Rehazenter, Spidol Kierchbierg, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel