Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill mam Auto ënnerwee? Da kenns du bestëmmt eis Nationalstroosse gutt!
International Neiegkeeten

Vill mam Auto ënnerwee? Da kenns du bestëmmt eis Nationalstroosse gutt!

Hei teste mer däi Wëssen, wat d’Nationalstroossen ugeet. Wéi gutt

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
International Neiegkeeten

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

money
D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)
International Neiegkeeten

D‘Proprietaire sollten eppes Solidaritéit weisen (e Kommentar)

De gréissten Undeel vu Geschäftsraim zu Lëtzebuerg ass a ganz

Besoff op Neijoerschdag: Elo ass dëse Kärel Känguru-Papp!

Besoff op Neijoerschdag: Elo ass dëse Kärel Känguru-Papp!

Trëfft een oniwwerluecht spontan Decisiounen a gëtt Sue fir eppes aus, wou een am Normalfall net de Portmonnie gezéckt hätt, da war een entweder vun déiwem Honger geplot oder et hat een eng am Kanälli. Ma, esou goung et och dem Peyton Haag, dee besoff op Neijoerschdag ee Bebe-Känguru adoptéiert huet.

De frësch gebakene Papp vun engem „Joey“ – esou nennen d’Australier d’Déierchen, wann et nach ganz kleng ass – huet seng impulsiv Handlung, bei där hie scheinbar net méi Här vu senge Sënner war, eréischt viru kuerzem realiséiert. Zënter dem 2. Januar sinn nämlech all Woch 5 Dollar vu sengem Konto fir de Poppy ofgezu ginn. A wëll jo souwisou all Mount verschidden Déngschter, wéi ënnert anerem Spotify an Netflix, hir Suen automatesch vum Notzer akasséieren, huet de Peyton den zousätzleche Montant ni wierklech Wouer geholl.

Enges Dages ass am onfräiwëllegen Déierefrënd dach ee Gefill vu Skepsis gewuess, wouduerch hien e bësse Recherche bedriwwen huet. Eraus koum, datt säin Don un ee Grupp gaange war, dee sech fir d’Ëmwelt a wëll Déieren asetzt. Si hu per Mail hir Dankbarkeet ausgedréckt a bestätegt, datt seng Spend opgedeelt u verschidden Aarte vun Déieren, dorënner eben de klenge Känguru Poppy, geet.

Känguru

© Peyton Haag

„Ech denken ech gouf an där Nuecht inspiréiert ee Känguru ze adoptéieren, wëll zu där Zäit déi Australesch Buschbränn immens schlëmm waren an ech am Ausland zu Adelaide fir 5 Méint studéiert hunn. Ech si staark mat dësem Land verbonnen!“ De jonke Kärel, deen eigentlech aus Minnesota kënnt, huet säin Handelen natierlech net bereit, war awer mësstrauesch op a wéi vill Suen tatsächlech beim hopsende Beideldéier ukommen.

Mëttlerweil huet de Peyton sech, dës Kéier niichter, fir eng aner Déiereschutzorganisatioun entscheet, mat där hie konkret 2 Känguruen hëlleft. An dësem Kader huet hien d’Opmierksamkeet genotzt, fir weider Organisatioune virzeschloen, mat deenen een et him gläich maache kann an engem Liewewiesen Ënnerstëtzung bidde kann.

Eng häerzlech Geschicht, déi beweist, datt ee lëschtegen Zoufall och positiv Auswierkunge kann hunn!

Ähnlech Sujeten Adoptioun, Australien, Buschbränn, Déiereschutz, Don, Känguru, Peyton Haag, Poppy, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel