Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”
https://moien.lu/dating-scan-bury-st-edmunds/

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018

amelia maltepe dating
https://moien.lu/dating-scan-bury-st-edmunds/

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron

Taifun iwwer Japan
https://moien.lu/dating-scan-bury-st-edmunds/

Taifun iwwer Japan

An Japan huet den Taifun „Hagibis“ schwéiert leed an a

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen: Si verlaangt, datt an Zukunft d’Schoulen eng Stonn mi spéit géifen ufänken. Firwat? Domat den Transport vun de Schüler net méi flatsch an d’Mëtt vun der Rush Hour fält. Well wann d‘Schoul eréischt um 9:00 géing ugoen, da wieren di meescht Schüler eréischt no 8:00 ënnerwee, also ausserhalb vun der stressegster Zäit vun der Rushhour. Am Ministère ass een sech dës Weideren der Problematik bewosst, datt vill Schüler wéinst Verspéidungen am Ëffentlechen Transport ze spéit géinge kommen. Si gesinn e méi spéit Ufänke vun de Stonnen awer net onbedéngt als eng Léisung.

Niewent dësem Grond gëtt de Petitionnaire Claude Feltgen awer och nach anerer un, firwat dëst Sënn géing maachen. Esou heescht et am Petitiounstext: „Nieft dësem prakteschen Notzen am Ëffentlechen Transport hätt ee méi spéide Schoulufank bei Lycéesschülerinnen a Schüler awer och nach ee positiven Effekt op hir Leeschtungsfäegkeet, wann een enger ganzer Rei vun Etüden am Ausland Vertraue schenkt. Esou fuerdert beispillsweis d‘„Deutsche Gesellschaft für Schlafforschung und Schlafmedizin“, baséierend op dëse Studien, ee méi spéide Schoulstart fir Jugendlecher.“

D‘Petitioun braucht insgesamt 4.500 Ënnerschrëften. Da gëtt de Petitionnaire vun der Petitiounskommissioun gehéiert. Bis elo ass d‘Zuel vun de Petitioune, déi dëse Seuil erreecht hunn nach relativ iwwerschaubar. Di prominentste Beispiller ware Petitiounen, déi sech mam Tram oder mam Lëtzebuergeschem befaasst hunn. D‘Petitioun kann nach bis zum 17. Januar ënnerschriwwe ginn.

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel