Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Neiegkeeten

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“
Neiegkeeten

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“

Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss

Kann een Entreprisen zur Verantwortung zwéngen?

Kann een Entreprisen zur Verantwortung zwéngen?

Zu Lëtzebuerg installéiert transnationalen Entreprisen sollen zur ethescher Verantwortung gezwonge ginn. Verstéiss géint d‘Mënscherechter, d‘Aarbechtsnormen an och den Ëmweltschutz sollen hei Sanktionéiert ginn. 13 ONGen* hunn sech zesummegedoen an dëst vun der Regierung gefuerdert.

Et kéint net sinn, datt sech Lëtzebuerg mat senger Wirtschaftspolitik zum Kompliz vun Entreprise mécht, déi mat Kanner- a Sklavenaarbecht hire Profitter maximéieren. Zäit also, d‘Handbrems ze zéien an de Public ze sensibiliséieren. D‘ONGen hunn d‘Plattform „Initiative pour un Devoir de Vigilance des Entreprises Transnationales au Luxembourg“ gegrënnt a virgestallt.

60% vun der Weltproduktioun an 80% vum Welthandel géing an den Hänn vun transnationalen Entreprisen oder Konzerner leien. Dat zumindest geet aus dem CSI-Rapport 2017 ervir. Wuel hätten sech vill Entreprisen eng eegen ethesch Charta operluecht, déi awer wéineg Afloss op d‘Verstéiss géint Mënschen– an Aarbechtsrecht huet.

Fräiwëlleg mécht keen eppes

D‘Antonia Argirova vun der ASTM erkläert, datt de Problem doranner besteet, datt déi „Flichten“ eng fräiwëlleg Mesure ass, déi vu kengem kontrolléiert ka ginn. Si fuerdert dann och ganz däitlech vun der Politik Moossnamen ze ergräifen. D‘Iddi wier en onofhängegt Kontrollorgan anzesetzen, Schuedenersatz fir d‘Affer virzegesinn an Sanktioune géint d‘Verstéiss festzeleeën .

Et misst fir d‘Entreprise verflichtend sinn, wëll et soss keng Verännerunge ka ginn. D‘Strofen an de Schuedenersatz musse méi deier sinn wéi d‘Preventiounsaarbecht. A mat engem gudde Reglement, kënnen d‘Entreprise och hir Risike besser aschätzen. Net ze vergiessen, datt eng Verflichtung den Entreprise och erlaabt sech eng gewësse Renommée zouzeleeën.

Iwwerhaapt ass de Konsument hautdesdaags vill méi sensibel, wann et ëm d‘Ëmwelt an d‘Mënscherechter geet. Esou kann aus enger 2016 gemaachten Enquête vu Fairtrade an TNS-Ilres enthuelen, datt 88% vun de Befroten uginn hunn, datt hinne beim Kaf vu konventionelle Produkter de Respekt vum Mënsch immens wichteg wier.

D‘Iddi u sech ass net nei

Interessant ass d‘Feststellung, datt d‘Iddi sech un de Prinzipie vun der UNO orientéiert. Esou hu schonn eng Rei Länner Mesuren ergraff. Frankräich zum Beispill, huet sech 2017 e Gesetz ginn, wat d‘Entreprisen zum Anhalen a Respekt vun de Mënscherechter an dem Aarbechtsrecht zwéngt.

D‘ONGen erhoffen sech dann och, datt hir Fuerderungen, am Kontext vun de Chamberwahlen, vun de Parteien zu Lëtzebuerg opgegraff ginn. Déi wieren déi lescht Woch ugeschriwwe ginn, an et géif een elo op hir Äntwerten a Positioune waarden.

Mee och den Ausseministère ass kontaktéiert ginn. Vun deem erwaart sech d‘Antonia Argirova, datt e sech dofir asetzt, datt d‘Initiativ an de nationalen Aktiounsplang fir Entreprisen a Mënscherechter opgeholl gëtt. Wéi et elo mat dëser Initiativ soll weidergoen a a wéi sech den ONG-Konsortium ka weiderentwéckelen, muss ofgewaart ginn.

* ASTM (Action Solidarité Tiers Monde), Caritas Lëtzebuerg, Cercle de Coopération des ONG, CPJPO (Comité pour une Pais Juste au Proche-Orient), Comission Luxembourgeoise Justice & Paix, Etika, Fairtrade Lëtzebuerg, Frères des Hommes Lëtzebuerg, Greenpeace Lëtzebuerg, OGBL, OGBL Solidarité Syndicale, Bridderlech Deelen (partage.lu) an SOS-Faim Lëtzebuerg.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Mënscherechter, Welthandel, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel