Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen
Meenung

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Um Donneschdeg ass no un der Kopp vum Vulkan Kilauea

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso
Meenung

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso

Op e Restaurant vun Ouagadougou ass um Sonndegowend en Uschlag

cooldislikelove
Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn
Meenung

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen,

Kann een ze vill froen?

E Kommentar

Kann een ze vill froen?

Et gëtt net immens vill driwwer geschwat, mee ech hunn d’Gefill, wéi wann et besser wier et eng Kéier ugeschwat ze hunn. De System vun de Parlamentaresche Froen huet en nobelt Zil, wat deelweis fir PR ausgenotzt gëtt. Dat ass e bësschen eng allgemeng verbreete Wäisheet bei de Journalisten, déi a mengen An mol méi, mol manner offensichtlech ass.

Hei dann, wéi den éiwegen, natierlechen Zyklus an der Politik a Presselandschaft ausgesäit. Den éischte Schrëtt ass et, esou eng parlamentaresch Ufro ze stellen. Dat gëtt da schonn emol direkt e Communiqué un d’Press. Dat ass jo schonn emol positiv, well éischtens huet een eppes gemaach, an zweetens en Thema gesat. Dat kann ee schonn emol fir sech vereinnahmen, well et huet een eppes gemaach, et ass een net passiv bliwwen. Den zweete Schrëtt ass dee vum Waarden: Bis de Minister (oder de Ministère) eng Äntwert gëtt kann daueren. Mee et kënnt eng. Dat gesinn dann d’Journalisten, a wann et eng interessant Äntwert ass, da gëtt se och verschafft. Jiddereen ass hei e Gewënner: De Journalist huet eng Story, d’Politiker haten hiren Optrëtt – souwuel de Froesteller, wéi och deen, deen d’Äntwert gëtt – an de Public ass e Stéck besser informéiert.

Sou wäit, sou gutt.

Elo ginn et do awer e puer Praktiken, déi mer komesch virkommen. Do ass zum engen déi, wou d’Äntwerte vu vir era kloer oder scho laang disponibel sinn. Net seele gi Froen agereecht, wou zënter Deeg alles bekannt ass. Mee well den Thema gutt zum Leitbild vun der Partei passt, stellt een se trotzdeem, well d’Opmierksamkeet ass engem sécher. An den eegene Wieler kann ee super vermëttelen: Kuckt, mir këmmeren eis ëm dat, wat iech besuergt.

Eng Win-Win Situatioun fir de Froesteller, well et deen Ament reng Selbstinszenéierung ass. Den absoluten Héichpunkt ass iwwregens ëmmer dann erreecht, wann en Deputéierten eng parlamentaresch Fro stellt, déi op Informatiounen vun enger net genau genannter Source baséieren. Dat sinn dann net seelen “Informatiounen” déi schlicht Rumeure sinn, déi se opgeschnaapt hunn, oder schlëmmer nach, Fake News a Verschwierungstheorien, déi duerch den Internet geeschteren, an esou eng gutt Portioun Salonsfäegkeet verpasst kréien.

Dat ass eng Lose-Lose-Situatioun.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Medien, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0