Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier
Neiegkeeten

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier

Fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren informéiert de Minister

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!
Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 ass erëm an de Schlagzeilen

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn. Där Usiicht ass den Nilton Soares, deem seng Petitioun géint dësen ëmstriddenen Gesetzesprojet nach bis den 7. September ënnerschriwwe ka ginn.

D’Begrënnung liest sech relativ emotional: Esou hält den Nilton Soares fest, datt Lëtzebuerg keng Diktatur wier, a kengem Patron dierft eng Carte Blanche erdeelt ginn, fir seng Mataarbechter ze iwwerwaachen. Esou géif dëst Gesetz déi dagdeeglech Ängscht ëm den Job an de Stress nëmme nach weider an d’Luucht dreiwen. Et gëtt sech an der Petitioun och fir eng Stäerkung vun der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) ausgeschwat.

Wat steet am Gesetzesprojet dran?

Den Haaptpunkt vum Gesetz besteet doranner, d’Autorisatioun duerch den CNPD bei der Asetzung vun enger Iwwerwaachung ofzeschafen.  A Plaz dovunner soll den CNPD selbststänneg Kontrollen zu engem spéideren Ament duerchféiere kënnen.

Dës Petitioun ass net déi éischt ëffentlech Kritik un dësem Gesetzesprojet. Den OGB-L hat virun der Chamber eng Demonstratioun organiséiert. Sowuel Chambre des Salariés als och déi lénk an d’Piratepartei hunn sech kritesch gewisen. Sou schreift de Sven Clement, President vun der Piratepartei, op Facebook: „Och wann een näischt ze verstoppen huet muss een sech awer net de ganzen Dag filme loossen!“

Déi lénk fuerderen dogéint eng konsequent Opstockung vun de Mëttelen vun der CNPD, déi bis dato Krämpes, all d’Demanden opzeschaffen.

D’Chance fir des Petitioun dierft een niddreg aschätzen. De Gesetzesprojet baséiert op enger EU-Direktiv, déi Lëtzebuerg bis Mee 2018 ëmzesetzen huet.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gesetzprojet 7049, OGB-L, Petitioun, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel