Bedeite méi Stroossekontrollen méi Sécherheet?
Fir mat Tweets fir Diskussiounen ze suergen muss een net
Fir mat Tweets fir Diskussiounen ze suergen muss een net
Wéi gutt kenns du deng Gemengen oder d‘Landkaart am allgemengen?
Fir de President vun de Piraten, Sven Clement, kann een
Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der Fondatioun Pro Familia zu Diddeleng a Presenz vun der Ministesch fir Chancëgläichheet ageweit. Den Zenter mam Numm „Alternatives“ beréit Kanner a Jugendlecher déi Affer vun haislecher Gewalt sinn.
D‘Lydia Mutsch huet dës weider Initiativ vun der Fondatioun, déi schonn eng grouss Erfarung am Ëmgang mat Kanner a Nout huet, begréisst. An den Ae vun der Ministesch ass dësen neie Service ee ganz wichtege Partner, onëmgänglech a komplementar zu de Strukturen déi sech ewell schonn ëm d‘Opnam an de Schutz vun de Kanner, déi Affer vu Gewalt gi sinn, këmmeren.
„De neie Service erlaabt et de Kanner e Gesiicht an eng Stëmm ze ginn“, esou d‘Ministesch. Aus hirer Siicht sinn d‘Kanner ëmmer d‘Affer, op se d‘Gewalt erliewen oder ze spiere kréien. Déi wou déi haislech Gewalt ënnert all hire Facettë kenneléieren, oft scho vu Gebuert un, aner a verschidde Liewensofschnëtter, direkt oder als passiven Zeien, ganz oft wann net ëmmer, säitens deene Leit deenen se eigentlech sollten dierfe Vertrauen.
D‘Kanner vun haut sinn déi Erwuesse vu muer. Déi aktiv Ënnerstëtzung fir all d‘Kanner déi Affer vu Gewalt ginn, an d‘Stäerkung vun der Offer fir d‘Hëllef an d‘Déngschtleeschtung duerch eng konzeptuell Diversifikatioun ass enorm wichteg. Esou och d‘regionaliséieren an d‘schafe vun neie Partenariater, grad ewéi d‘ophuele vu Synergien, sinn elementar Bestanddeeler fir e Verantwortungsvollen Ëmgang mat dësem gesellschaftleche Problem.
Foto: (v.l.n.r.) Michèle Kayser-Wengler, Presidentin vum Direktiounscomité vu Pro Familia; Lydia Mutsch, Ministesch fir Chancegläicheet; Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng; Pierrette Meisch, Direktesch vu Pro Familia; Nicole Hentzen, Psychologin vun Zenter Alternatives; Béatrice Ruppert, Directrice Adjointe a Responsabel vum Zenter Alternatives. © MEGA/SIP