Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU-Parlament muss sech (erëm) géint GMO’en wieren
Neiegkeeten

D’EU-Parlament muss sech (erëm) géint GMO’en wieren

Mat grousser Majoritéit huet d’Europäescht Parlament 4 nei Autorisatiounen zur

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss
Neiegkeeten

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft
Neiegkeeten

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft

Um haidegen Donneschdeg 7.41 Auer, ass den Asteroid TC4 a

Kanner-Jugendtelefon: De BOD als Suergefriesser

Kanner-Jugendtelefon: De BOD als Suergefriesser

De Kanner-Jugendtelefon huet e Mëttwoch, den 28. November bei enger Pressekonferenz déi offiziell Campagne BOD presentéiert.

Beim KJT handelt et sech ëm eng national Telefon-Helpline fir Kanner, Jugendlecher an Elteren aus Lëtzebuerg. Genau wéi aner Déngschter, wéi beispillsweis BEE SECURE Help, den Elterentelefon oder Online Help operéiere si anonym a streng vertraulech.

D’Barbara Gorges-Wagner, Leederin vum Kanner-Jugendtelefon huet déi uwiesend Leit häerzlech begréisst an huet dobäi d’Noutwennegkeet vun der Nummer 116111, an dës och ëffentlech méi bekannt ze maachen, nach emol ënnerstrach. Nëmme wa Kanner a Jugendlecher d’Nummer kennen, kënnen si an Noutsituatiounen drop zeréckgräifen.

Wéi huet d’Campagne ugefaangen?

Wou deemools den neien engleschsproochegen Online-Help bekannt gemaach ginn ass, huet de Kënschtler Simon Taylor-Kietly zesumme mam Publicity Team vum KJT, d’Comic-Figur BOD entwéckelt. De KJT huet 2017 all Mount Postkaarte mat dëser Figur publizéiert, ëmmer mat ënnerschiddleche Kanner- a Jugendthemen.

Eng Néiesch huet d’Iddi vun de Kaarten opgegraff an de BOD als Suergefriesser-Popp gebitzt, sou datt d’Figur och dräidimensional existéiere kann. D’Wierkung vum BOD op d’Kanner an déi Jugendlech war iwweraus positiv.

A sou koum schlussendlech den Entschloss de BOD als Maskottche vum Kanner-Jugendtelefon anzeféieren, als Identifikatiounsfigur vum KJT an als Ënnerstëtzung fir hir Visioun, datt alle Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg d’Telefonsnummer 116111 bekannt ass. Bei dëser Pressekonferenz ass d’Maskottchen eng éischt Kéier dem Publique presentéiert ginn.

Natierlech ass de BOD um neie Plakat ze gesinn an och den Haaptacteur am neie Video vum Kanner-Jugendtelefon. Dat neit Plakat, entwéckelt vum Farshad Afsharimehr, sou wéi och den neie Video sinn un dësem Dag virgestallt ginn. An do ass et evident, datt d’Comic-Figur och op de soziale Medien an um Site vum KJT present wäert sinn.

Och Kanner hu Suergen. An do soll de BOD hëllefen iwwert d’Ängschten a Suerge vun de Kanner ze schwätzen. Als Suergepopp kann d’Figur bei praxisorientéierte Weiderbildunge fir Erzéier, déi mat Kanner am Alter vun 9 bis 12 Joer schaffen, agesat ginn.

Et ass déi traureg Wourecht, datt vill Kanner duerch schwéier familiär Situatiounen extrem belaascht ginn an mat kengem iwwert hir Gedanken a Problemer schwätze kennen. Do wou et schwéier gëtt Gefiller a Wierder ze faassen, oder wou een Tabu-Thema ugeschwat gëtt kann de sympathesche BOD agesat ginn. An dësem Kontext wäert och all Kand déi wichteg Telefonsnummer virgestallt kréien.

Wien elo fuewelzech ginn ass kann d’Maskottche vum KJT um Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg beim „roude Pëtz“ um Sonndeg, den 2. Dezember 2018 gesinn. Och Membere vum KJT wäerten op der Plaz sinn. All wichteg Informatioune fannt Dir op hirem Site.

Ähnlech Sujeten 116111, BOD, Kanner-Jugendtelefon, Maskottchen, Problemer, Suergen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel