Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur
Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis
Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis
Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg
“Bleif net eleng, ruff un”, ënnert dësem Motto bitt de Kanner-Jugendtelefon (KJT) zanter iwwer 25 Joer Telefon- an Online-Berodung fir Kanner a Jugendlecher un.
Fir d’Equipe ze verstäerken, sicht de KJT nei fräiwëlleg Mataarbechter, déi un der Liewenswelt vu Kanner a Jugendlechen interesséiert an oppe fir deenen hir Froen a Problemer sinn.
An engem praxisorientéierten Ausbildungsgrupp ginn déi zukünfteg Mataarbechter op d’Berodungsaarbecht virbereet. Uschléissend un d’Grondausbildung vu 70 Stonnen (Owescoursen an dräimol wärend dem Weekend) kënnt eng Stagezäit vun ongeféier 6 Méint. Déi aktiv Mataarbechter leeschten an der Reegel zweemol am Mount dräi Stonnen Telefonsdéngscht an huele reegelméisseg u Supervisiounen an thematesche Formatiounen deel.
2018 hu sech insgesamt 1.618 Kanner, Jugendlecher an awer och Elteren un d’Helplines vum KJT gewannt, wéi am leschte Joresbericht vum KJT nozeliesen ass. Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher fille sech gestresst, wéi d’Zuele beleeën. Einsamkeet, Angscht, Suergen, mangelnd Selbstbewosstsinn, Konflikter mat Frënn, Ausgrenzung, Konflikter an der Famill, Gewalterfarungen, Cybermobbing, suizidal Gedanken, dëst sinn alles Themen, mat deene sech jonk Mënschen un de Kanner-Jugendtelefon wenden.
Eng nei Ausbildungsgrupp start am September 2019, en Informatiounsowend dozou fënnt e Méindeg, den 1. Juli 2019 an de Raim vun RBS (20, rue de Contern L-5955 Izeg) um 19.00 Auer statt. Weider Informatioune befanne sech op www.kjt.lu oder kënnen telefonesch ënnert der Nummer vum Elterentelefon (26 64 05 55) erfrot ginn.
Matgedeelt vum Kanner-Jugendtelefon, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto.
Opmaacherbild: © www.kjt.lu