Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ESA-Concours: Meeschter vun der Weltraumerfuerschung
https://moien.lu/desperate-dating-texts/

ESA-Concours: Meeschter vun der Weltraumerfuerschung

Elo ass et amtlech: „Odysseus Space“ ass de Gewënner vum

nadech dating yaya
https://moien.lu/desperate-dating-texts/

dating gamers discord

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus
https://moien.lu/desperate-dating-texts/

Den Andy Serkis hëlt dat Bescht aus dem Trump sengen Tweets eraus

Den Andy Serkis, deen ënnert anerem dem Gollum aus „Herr

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

De nationale Syndikat vun den Enseignante mécht Drock

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

Datt Kanner mat engem „Handicap“ am allgemengen et net liicht hunn ass gewosst, datt déi virecht Regierung eng inklusiv Schoul wollt och. Firwat dann nach ëmmer esouvill Kanner mat spezifesche Besoinen, net déi versprache Begleedung an/oder Encadrement erhalen, doriwwer kéint ee sech beim nationale Syndikat vun den Enseignante (SNE-CGFP) gréng a giel iergeren.

An de SNE-President, Patrick Remakel, huet sech um Méindeg dann och mat der Prise en Charge vun de Kanner mat spezifesche Besoinen an der Grondschoul, beschäftegt. „Dës Kanner brauchen en Encadrement deen et hinnen erlaabt, sech déi Kenntnisser ze unzëeegnen, déi si fir hir Schoulzäit brauchen“, esou de Patrick Remakel, dee kloer Fuerderunge fir den Educatiounsminister parat huet.

Hien erënnert och drun, datt dës Aarbecht an der Vergaangenheet vu spezialiséierten Equippen (EMP) iwwerholl gouf. Eng vill ze kleng Struktur, déi der Demande net konnt gerecht ginn, an „ënnert dem Uerder vum Schoulinspekter oder der differenzéierter Educatioun“ gestanen huet. Si goufen duerch d‘Equippe „Soutien fir Schüler mat spezifesche Besoinen“ (ESEB) ersat.

Dat ganz Personal steet elo ënnert dem „Uerder vun der Direktioun“, wat u sech de richtege Wee wier, wann et dann och géif funktionéieren. De Problem besteet nämlech doranner, datt de leit déi am differenzéierten Unterrecht ugestallt waren, d‘Wiel haten sech an den ESP ze mellen, oder sech fir d‘Kompetenzzentren ze entscheeden, wat gären ugeholl gouf, firwat et elo um Personal happert.

Et kann ee sech keng aus dem Stee schloen

„Et misst och engem Minister an Tëschenzäit opgefall sinn, datt et an dësen Equippen, déi fir den Encadrement kaum, wann iwwerhaapt, Gesondheetspersonal gëtt“ esou d‘Vanessa Schetgen . Si stellt weiderhi fest, datt „d‘Schüler mat spezifesche Besoine mat hirem Assistent an der Klass bleiwen, awer keng Reeducatioun an Orthophonie oder Psychomotorik méi erhalen“.

Dës Situatioun muss och an de sougenannte Kompetenzzentre konstatéiert ginn. Dat kann dem groussherzogleche Reglement fir de Beruff vum Orthophonist geschëlt sinn, laut deem „nëmmen déi Professionell déi am Privatsecteur schaffen, dann och Reeducatioun maachen dierfen, wann se agreéiert sinn fir et an der Mammesprooch vum Kand ze maachen“.

Wat awer wann et zu Lëtzebuerg en Rei Nationalitéiten a Mammesprooche gëtt, fir déi et einfach keng Orthophoniste gëtt, déi dësem „Reglement“ entspriechen? Hei muss, esou d‘Fuerderung vum SNE, de Minister entspriechend Moossnamen ergräifen, a fir „Gerechtegkeet bei der Betreiung“ suergen. Kanner déi Hëllef brauche mussen déi och erhalen, an zwar zäitno.

Et dierft och net zu enger zousätzlecher administrativer Belaaschtung fir d‘Enseignante kommen. Beim SNE verlaangt ee vum Educatiounsminister, Claude Meisch (DP), net manner wéi sech ze begannen, dat Personal anzestellen, datt gebraucht gëtt, fir datt all Kand, datt spezifesch Besoinen huet, och déi Ënnerstëtzung kritt déi him engersäits zousteet, an anersäits och braucht.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatiounsministère, Inklusioun, Kanner, Patrick Remakel, Schoul, SNE-CGFP, Vanessa Schetgen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel