Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck
International Neiegkeeten

Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck

Wéi de CGDIS matdeelt ass haut um 12:30 Auer gemellt

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt
International Neiegkeeten

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt

Den technesche Service vun de Landwirtschaftsadministratioun (ASTA) hat um Donneschdeg

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!
International Neiegkeeten

Den ‘natur musée‘ a seng geckeg Vullen!

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht huet mat 3.500 Exemplairë vun 1.300

Kanner stierwen am Jemen am Kugelhagel vun der Koalitioun

Kanner stierwen am Jemen am Kugelhagel vun der Koalitioun

Verantwortlecher vun der UNO hu matgedeelt, datt en Donneschdeg am Jemen op e neits Kanner gestuerwe sinn, nodeems déi vu Saudiarabien gefouert Koalitioun d‘Rebellen ugegraff huet. Et ginn dann och nees onofhängeg Enquête gefuerdert, déi sech dëser Gewalt géint Ziviliste soll unhuelen.

Laut dem Mark Lowcock, Adjoint vum UN-Generalsekretär fir humanitär Ugeleeënheeten, sinn op d‘mannst 22 Kanner a véier Fraen an engem Ugrëff vun de Koalitiounstruppen ëmkomm. Dës Leit wiere virun de Kämpf an der Regioun vun al-Douräihimi, südlech vun Hodeida, déi vun de Rebelle kontrolléiert gëtt, geflücht. Véier weider Kanner si bei engem „separaten“ Ugrëff ëmbruecht ginn.

„Dat ass an zwou Woche fir d‘zweet, datt e Loftschlag vun der Koalitioun, déi vu Saudiarabien geleet gëtt, fir den Dout vun Dosenden Ziviliste verantwortlech ass“, veruerteelt de Mark Lowcock d‘Operatioun. Den 9. August waren an der Provënz Saada, enger Rebellenhéichbuerg, bei engem Ugrëff op e Schoulbus, Kanner ëmbruecht ginn. De leschte Bilan geet vu 40 Affer aus.

Bedaueren a fuerderen, méi ass net dran

Scho beim „Virfall“ vum 9. August, hat den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, eng Enquête gefuerdert. Datt et keng gëtt, kann d‘UNO bedaueren, mee méi geet net. Saudiarabien ka sech och op Washington verloossen, datt den UN-Sécherheetsrot hei keng Entscheedung treffe kann.

„Ech hat gehofft, datt d‘Opreegung, déi duerch d‘Attack vu Saada virun zwou Wochen ausgeléist gouf, zu engem Ëmdenken an dësem Konflikt féiert. D‘Informatioun vu gëschter (Donneschdeg) zu den Attacken op al-Douräihimi, wou 26 Kanner ëmbruecht goufen, weisen drop hin, datt dat net de Fall ass“, bedauert hirersäits d‘Henrietta Fore, Direktesch vun UNICEF.

De Mark Lowcock huet d‘Veruerteelung vun der UNO géintiwwer esou „Attacke géint Zivilisten“ widderholl, a fuerdert „eng séier, onofhängeg an onparteiesch“ Enquête. D‘Koalitioun, gefouert vu Saudiarabien, huet och ugekënnegt gehat esou eng Enquête ze ënnerhuelen. Datt dës Enquête soll „onofhängeg an onparteiesch“ sinn, gëtt vu Mënscherechtsorganisatioune bezweiwelt.

Géigesätzlech Informatiounen a Propaganda

D‘Presseagentur vun den Houthi-Rebellen, Saba, huet matgedeelt, datt de Loftschlag vun en Donneschdeg e Bus an en Haus getraff huet. Déi vereenegt arabesch Emirater (UAE), e wichtegen Acteur vun der Koalitioun, beschëllegen d‘Houthi-Rebellen, hannert dem Uschlag ze stiechen.

Säit d‘Koalitioun 2015, ënnert dem saudesche Commandement an de Biergerkrich agetrueden ass, sinn op d‘mannst 10.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Si gëtt vun de Vereenten Natioune verantwortlech gemaach, déi gréissten humanitär Kris op der Welt ausgeléist ze hunn. Dat awer schéngt déi international Communautéit, déi sech gekonnt zeréckhält, net ze interesséieren.

An engem vun Human Rights Watch (HRW) e Freideg verëffentlechte Rapport, gëtt festgehalen, datt d‘Koalitioun (absichtlech) versot huet, eng uerdentlech Enquête zu de Krichsverbrieche géint d‘Zivilbevëlkerung duerchzeféieren. D‘Sarah Leah Wilson, HRW-Responsabel fir den Noen-Osten, stellt fest: „d‘Enquêteure hunn eenzeg den Optrag d‘Krichsverbriechen ze decken“.

En Appell dee keen héiert…

An Europa bleift de Konflikt am Jemen éischter onbeuecht. Dat alles ass wäit ewech, a Washington ënnerstëtzt déi onséileg Koalitioun. Esou ass et och wierklech nëmmen eng symbolesch Aktioun vun der EU, d‘Krichsparteien am Jemen opzefuerderen „de Schutz vun der Zivilbevëlkerung als Prioritéit ze behandelen“. Bréissel „ënnersträicht“ d‘Noutwendegkeet mam Krich opzehalen.

Dat bréngt mat sech, datt d‘Gespréicher, tëscht deem wat als jemenitesch Regierung bezeechent gëtt, faktesch awer d‘Militärkoalitioun ënnert der Féierung vu Saudiarabien ass, an den Houthi-Rebellen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, a vir de 6. September zu Genf ënnert dem Patronat vun der UNO virgesi sinn, wéineg Aussiicht op Erfolleg hunn.

mat AFP

Foto: (Archivbild vum 9. August) Am jemenitesche Biergerkrich, wou sech d‘Houthi-Rebellen an eng vu Saudiarabien geleete Militärkoalitioun géinteniwwer stinn, ass d‘Zivilbevëlkerung an hei besonnesch d‘Kanner an d‘Fraen, e liicht Zil vun den Attacken a Loftschléi. Esou sinn an zwou Wochen, iwwer 60 Kanner gestuerwen. Mee fir si interesséiert sech déi international Communautéit net. © Karim Sahib/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Houthi, Iran, Jemen, Krichsverbriechen, Saudiarabien, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel