Search

You may also like

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
Business International Money Neiegkeeten Stories

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout
Business International Money Neiegkeeten Stories

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout

E Land läit an Trëmmer. 10 Joer nom Ausbroch vum

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019
Business International Money Neiegkeeten Stories

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

money

D‘Kanner vum Kapitalismus

Vill „Kleng Zocker“ vereenegen sech am Internet a dreiwen en Hedgefonds bal an d‘Faillitte

D‘Kanner vum Kapitalismus

Fir vill Finanzjongleuren ass et just e „Spill“ dat si mat topege Spréch wéi „de Maart regelt dat“ justifiéieren. Elo verlaangen si no Reegelen, déi si selwer ëmmer mat alle Mëttel verhënnert hunn. Op Plattforme wéi „reddit“ hu sech „Zocker“ zesummegedoen, fir der Finanzwelt hir Grenzen opzeweisen. Elo soll sech den US-Kongress mam „Fall“ befaassen…

Mee wourëms geet et hei? Dëst „Spill“ dat elo vun der grousse Finanzwelt denoncéiert gëtt, ass der Branche beschtens bekannt an et ass legal. Op der Bourse gëtt et dofir eng treffend Bezeechnung: „Shortsqueeze“ Firwat elo grad all déi Duerchdréinen, déi nach viru kuerzem de Mënschen derzou geroden hunn an Aktien ze investéieren, statt an der Lotterie ze spillen? Well et ëm de Goss geet.

Ee Goss vun deem „gewësse“ Leit mengen datt en hinne gehéiert. Domm gelaf, well et huet sech eng ganz Community zesummefonnt, déi geschéckt hunn, datt ee puer Hedgefonds eng Aktie a Grond a Buedem „geshortet“ hunn. Si hunn sech concertéiert an „entspriechend“ reagéiert. Elo ass d‘Opreegung grouss, well d‘Finanzwelt mat den eegene Waffe geschloe gouf. Si wieren sech elo.

Déi sougenannten „App-Broker“, déi dem normale Mënsch den Zougang zu den Aktiemäert méi einfach maache sollten, hunn sech séier den Hedgefonds ënnerworf. Esou gouf net nëmmen den Handel mat den Aktien ënnerbonnen (esou huet beispillsweis Robin Hood ouni Begrënnung déi oppe Positioune vu Clienten zougemaach) an/oder massiv ageschränkt. Schuedensbegrenzung?

A gewësser Mooss schonn, ëmmerhin hunn d‘Hedgefongen dës oppe Positiounen natierlech direkt opkaf. Dat werft d‘Fro op, wéi et ka méiglech sinn, datt een engem klengen Investisseur den Zougrëff op den Aktiëmaart verspäert an de „Looser“ iwwert dës Method an d‘Hänn spillt? Nach ni an der Geschicht vun der Wall Street war Maartmanipulatioun esou offensichtlech wéi hei.

Krimineller ënnert sech

Datt et am Finanzwiese kaum eng éierlech Séil huet, an den USA jiddefalls gouf nach keng gesinn, datt ass gewosst. Hei awer soll elo genee all deene Mënschen, déi an der Finanzkris ganz Existenze bewosst a wëllentlech zerstéiert hunn, gehollef ginn. Elo wou de Wand sech dréint an d‘Affer vun der Spekulatioun déi „Räich“ sinn, gëtt no Regulatioune gejaut. Elo gëtt an de Maart agegraff.


Fir all déi den Thema GameStop spannend fannen: de Prof. Dr. Christian Riek zu engem Finanzkrimi aus dem echte Liewen.

Et geet ganz oppen a fir jiddereen erkennbar drëms, d‘Verméige vun deene „Räichen“ ze schützen. Wier et net esou batter Eescht, kéint engem an de Gedanke kommen, dat ganzt als „Klassekampf vun Uewen“ ze ëmschreiwen. Fir „déi“ ass et dat normaalst vun der Welt, datt Leit mat klengem Akommes iwwert de Leescht gezu ginn, well dat sinn déi üblech Mechanissem vum Kapitalismus.

„Sinn“ stëmmt zanter dem „Spill mat der GameStop-Aktie“ net méi. Dës Mechanissem ginn elo nei definéiert, dat iwwert den Ëmwee vu Regulatiounen an Zougangsbeschränkungen. Dobäi – an dat wäert iech all DP-Member genee esou erzielen – huet bis viru kuerzem nach geheescht, datt de Kapitalismus gläich Verhältnisser a Chance fir jidderee schaaft. Et war gelunn, an zwar bewosst.

D‘Kausa GameStop

Fir komplett ze sinn, drängt et sech op, eppes Liicht op den „Ausléiser“ ze leeden. GameStop huet zanter Jore finanziell Schwieregkeete gehat. Vill Butteker hu missen zougemaach ginn, a mat der Covid19-Kris, bedéngt duerch sech ofléisend Confinementsphasen, sinn d‘Aussiichten net besser ginn. Am Summer hat d‘GameStop-Aktie mat 2,57 US-Dollar hiren absolutten Déifpunkt erreecht.

Kapitalismus

Esou eppes ass de Bänker an anere mafiéise Kräften éischter egal, well sech bekanntlech „Läichen“ nach zu Geld maache loossen. Dat ëmsou méi wann se nach net wierklech „Dout“ sinn. An hei start déi schonn eppes bosseg Geschicht, déi esouguer Finanzexperten iwwerrascht huet. Wat niewebäi gesot, net engem Mangel un Intelligenz, mee dem Iwwerschoss un Iwwerhieflechkeet geschëlt ass.

Kapitalismus

Wéi och ëmmer… 2020 hunn sech 2 „notabel“ Hedgefonds iwwert den Ëmwee vun de sougenannte „Shorts“ dru gemaach op de weideren Néiergang vu GameStop ze wetten. Si hunn sech (vereinfacht ausgedréckt) bei GameStop-Aktionären Aktien ausgeléint, dat géint eng festgeluechten Zomm. Dunn hunn d‘Spekulanten d‘Schrottpabeier weiderverkaf a gehofft de Wäert géif weider an d‘Gette goen.

Kapitalismus

Fir gewéinlech fält de Wäert vun der Aktie weider, an d‘Spekulanten/Hedgefonds kafen dës Aktien zu engem nach méi bëllege Präis zréck. Da geet d‘Aktie zréck un dee wou se verléint huet. Dat ass ëmmer esou gemaach ginn, an esoulaang wéi déi „Kriminell“ dat Spill ënnert sech bedriwwen hunn war alles an der Rei. Elo awer kommen do op emol Leit, déi matspillen an de Spiiss ëmdréinen.

Domm gelaf

Déi zwee Hedgefonds sinn engersäits Melvin Capital an anersäits Citron Research. Zwee Fongen deenen hiert Geschäftsmodell op d‘Zerstéierung vun Entreprisen an d‘Vernichtung vun Existenzen opgebaut ass. Een iwwregens ganz erfollegräicht Geschäftsmodell, besonnesch a Krisenzäiten, dat elo vun enger Grupp jonker Leit ad absurdum gefouert ginn ass. Ee Liichtbléck an dësen Zäiten…

Op reddit – enger Säit déi optesch un d‘Ufäng vum Internet erënnert – haten sech User iwwert déi juristesch legal, moralesch héich verwerflech Geschäftspraktike vun der Finanzwelt geiergert. Si hunn sech zum Joreswiessel drop verstännegt, selwer zu Spekulanten ze ginn a hu massiivst Aktie vu GameStop kaf. Wéi reagéiert de Kapitalismus: richteg de Wäert vun der Aktie klëmmt nees.

Genee dat awer ass net am Sënn vu Melvin Capital an Citron Research. Op emol hat eng Aktie, déi bei 2,57 US-Dollar gehaangen huet, ee Wäert vu 400 US-Dollar. Wann déi zwee Hedgefonds hir geléinten Aktie mussen zréckginn, also dat waart si „bëlleg“ verkaf hunn nees zum Maximalwäert zeréckkafe mussen, ass ee Faillite. Besonnesch wann sech nach anerer an d‘Spill amëschen…

Esou den Elon Musk, dee via Twitter seng Fans animéiert huet sech „Dat“ bei reddit emol méi genee unzekucken. Sat huet Melvin Capital an d‘Schleider bruecht. Dës Spekulante-Boîte huet sech tatsächlech missen 2,7 Milliarden US-Dollar léine goen, fir net déi gréisste Faillite vun engem Hedgefonds zanter 1990 hinzeleeën. Elo wéi gesot, hunn si vun anere „Kriminellen“ hëllef erhalen.

Tradingplattformen op Ofweeër

Nodeems sech also déi lëschteg Trollen op reddit eng Schluecht ëm GameStop-Aktie vergënnt hunn sinn déi vum Pierre Gramegna ëmmer als „Zougewënn fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg“ zitéiert Fintech-Applikatiounen zum Konter iwwergaangen. Si hunn de Kaf vun Aktië vu GameStop an aneren Entreprisen (dorënner Blackberry an Nokia) déi bei „reddit-user“ beléift sinn, gespaart.

Elo sinn dës „reddit Spekulanten“ awer eng kritesch Mass an net gewëllt sech vun der Finanzmafia den Dicks béien ze loossen. Eng Sammelklo géint d‘Trader-App „Robin Hood“ leeft. Aner Fintech-Entreprisen dierften och Courrier vun Affekoten erhalen. Robin Hood wéi seng Homologen hunn de Leit den Aktiëkaf quasi als „Handyspill“ opgedrängt, a geduecht: „hei kann nëmmen ee gewannen“.

Hire Leitmotiv: „Demokratiséierung vum Finanzmaart fir jiddereen!“. Eng däitlech Ligen, well dat wat Robin Hood tatsächlech gemaach huet, war et de Status quo ze erhalen. Robin Hood huet seng „Clienten“ – also streng geholl hir Opträg – als Finanzprodukt genotzt. Si verkeeft dësen hir Opträg u grouss Finanzentreprisen iert se ausgefouert ginn. Si verdéngen hiert Geld domadder, andeem si gesinn, wat kleng Investisseuren op Robin Hood maachen, iert „si“ et wierklech maachen.

Kapitalismus

Dës sougenannt Héichfrequenz-Händler, kafen eigentlech „Informatiounen“ un déi si hir weider Decisiounen ausriichten. Méi däitlech: Robin Hood mécht de Goss mat verstoppte Provisiounen. Zu dëse gehéiert beispillsweis Citadel Securities, de gréisste „Client“ vu Robin Hood an eng vun de Boîte, déi versicht hunn Melvin Capital mat 2,73 Milliarden US-Dollar virum Ënnergang ze retten.

Zum Ofschloss nach d‘Kiischt op der Schlagsahntaart: dëst Provisiounsgeschäft ass vun engem ganz bekannten US-Kriminellen erfonnt ginn. De Bernie Madoff, deen 2009 wéinst Bedruch zu 150 Joer Prisong verurteelt gouf ass den ideologesche Schëpfer vun dëser „Transaktiounsmethod“. Elo muss d‘Politik agräifen an de „Jonken d‘Handwierk leeën“, d‘Geld gehéiert jo deene Räichen…

mat indymedia/nyc/lon/ber/prg

Illustratioun: © Clay Banks / unsplash

Related topics Bernie Madoff, GameStop, Hedgefonds, Reddit, Robin Hood
Next post Previous post