Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!
open marriage online dating https://moien.lu/slang-term-hookup/

how to calculate how long you've been dating someone

Dat wichtegst europäescht Waasserschutzinstrument, déi sougenannt Waasserschutzrichtlinn, ass a Gefor.

best online dating for artists
open marriage online dating https://moien.lu/slang-term-hookup/

Lëtz’ Party: De Prënz Louis feiert Gebuertsdag!

Um haitegen 3. August feiert S.A.R. de Prënz Louis Xavier

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun
open marriage online dating https://moien.lu/slang-term-hookup/

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun

En ass iech sécher schonn hei an do op engem

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!

Jemen: 1 Millioun Kanner vun Hongersnout bedreet!

Haut huet d‘ONG „Save the Children“ déi international Communautéit virun enger bevirstoender Hongersnout am Jemen gewarnt. Eng Hongersnout déi 1 Millioun Kanner direkt betrëfft. Schold dorunner wier d‘Offensiv vun der Regierungstruppen op den Hafe vun Hodeida. Dat wat et an der Hafestad nach u Liewensmëttel gëtt, ass mëttlerweil „onbezuelbar“.

Trëfft d‘Previsioun vun der ONG „Save the Children“ zou, da wiere 5,2 Millioune Kanner an dësem vum Krich zerrappte Land vun der Hongersnout bedreet. Um Konflikt, deen als Biergerkrich tëscht den Houthi an de regierungstreien Truppen 2014 ugefaangen huet, bedeelegen sech och den Iran an eng vu Saudiarabien gefouert „Allianz“. Dëser gi regelméisseg Krichsverbrieche virgeworf.

Den Houthi-Rebelle war et gelongen tëscht 2014 a 2015, grouss Deeler vum Land ënner Kontroll ze bréngen, dorënner d‘Haaptstad Sanaa. Och d‘Hafestad Hodeida gëtt vun de Rebelle kontrolléiert, an déi britesch ONG wéist an engem Rapport drop hin, datt „all Perturbatioun vum Approvisionnement mat Liewensmëttel a Sprit, déi iwwer Hodeida zirkuléieren, muss zu enger Hongersnout féieren“.

3 vu 4 Mënschen si betraff

Um roude Mier geleeën, ass den Hafe vun Hodeida, déi wichtegst Plattform fir den Import vu Liewensmëttel a, mee ass och den Zougang fir déi international humanitär Hëllef. Laut der UNO, sinn am Jemen 3 vu 4 Mënschen op humanitär Hëllef, a besonnesch op Liewensmëttel ugewisen. Mat der Reprise vun der Offensiv duerch d‘Koalitioun, zeechent sech eng humanitär Kris of.

D‘Regierungstruppen, ënnerstëtzt vun den Emiraten a Saudiarabien, schéngen awer decidéiert dëse strategesch wichtegen Hafen anhuelen ze wëllen. De Präis: 27 Milliounen Awunner eng humanitär Kris opzezwéngen, schéngt der internationaler Communautéit akzeptabel. Déi éischten Affer an dësem „Stellvertrieder-Krich“ sinn awer d‘Kanner an d‘Fraen, trotzdeem kuckt alles ewech…

Fir d‘Presidentin vun der ONG, Helle Thorning-Schmidt onverständlech. „Millioune Kanner wëssen net wéini oder op et en nächst Iesse gëtt. (…) An engem Spidol, dat ech am Norde vum Jemen besicht hunn, waren d‘Bëbeeën esou duerch den Honger geschwächt, datt si wéinst der Ënnerernierung schonn ze schwaach ware fir ze kräischen“.

„Dëse Krich ass derbäi eng ganz Generatioun vu jemenitesche Kanner ze afferen. Kanner déi ville Bedreeungen ausgesat sinn. Vun de Bomme bis zur Hongersnout, an esou vermeidbar Epidemie wéi d‘Cholera“, ënnersträicht d‘ONG. Déi vun der UNO parrainéiert Verhandlungen zu Genf, haten näischt erginn. Laut der UNO, fënnt am Jemen déi gréissten humanitär Kris statt déi Welt gesinn huet.

mat AFP

Foto: Eng Fra mat hire Kanner. Si sinn aus hirem Duerf net wäit vun Hodeida verdriwwe ginn, an hu Schutz an enger Schoul vun der Hafestad fonnt. Liewensmëttel sinn net méi ze bezuelen, an eng gréisser Offensiv vun der Koalitioun, mécht d‘Lag net besser. Laut „Save the Children“ sinn eleng an der Regioun ronderëm Hodeida si zu enger Millioun Kanner vun enger Hongersnout bedreet. © Abdo Hyder/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Hongersnout, Houthi, Jemen, Saudiarabien, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel