Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik
Neiegkeeten

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter

Eng virtuell Foire Agricole 2020?
Neiegkeeten

Eng virtuell Foire Agricole 2020?

Duerch d’Entwécklung vun der Covid-19-Pandemie gesäit d’Stad Ettelbréck als Organisateur

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral
Neiegkeeten

Rock‘n Roll zu Cape Canaveral

E Samschdeg sinn zu Cape Canaveral (Florida) – mat eppes

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn

Véier Joer Prisong, wouvunner der dräi mat Sursis, dat ass d’Uerteel dat gëschter d’Geriicht zu Lëtzebuerg géint e Staatsbeamten ausgeschwat huet. Deen hat op sengem Computer ronn 88.000 Biller an eng 650 Filmer gespäichert, op deene Meedercher ënner 10 Joer – an deels och Bëbeeën – duergestallt ginn. D’Strof fält dann och méi héich aus wéi vum Parquet gefuerdert.

Ee Joer feste Prisong an dräi Joer Sursis, dozou de Verbuet fënnef Joer eng ëffentlech Funktioun auszefëllen, datt ass d’Uerteel dat de President vun der 12. Strofkummer, dem 47 järege Jonggesell operluecht huet. Dem Beschëllegten ass nogewise ginn, datt hien iwwer 88.000 Biller gespäichert, gesammelt an op enger „Internet-Bourse“ getosch huet. Déi éischt Biller déi fonnt goufen, stamen aus dem Joer 2003.

An et waren dann och net déi lëtzebuergesch Autoritéiten, déi op de Mann gestouss sinn, mee hir däitsch Kollegen. Hinne war de Staatsbeamten am Abrëll 2016 opgefall, wéi dësen op enger Internet-Bourse e Film ugebueden huet, an deem e Bëbee vun 2 Joer vergewaltegt ginn ass. Unhand vu senger IP-Adress konnt de Mann ausfënneg gemaach ginn.

Unhand vun den Informatiounen, déi vun der däitscher Police un hir Kollegen zu Lëtzebuerg weider gereecht gi sinn, war beim Mann doheem perquisitionnéiert ginn. Bei senger Unhéierung um Policebüro de 5 Juni 2016, hat de Jonggesell gestanen, schonn 10 Joer laang kannerpornografescht Material gesicht a gesammelt ze hunn. Ëmmer op Internet-Bourssen.

E Parquet mat „Nosicht“

De Riichter, deen uginn huet a senger ganzer Carrière näischt esou Gräissleches an esou engem Ëmfang gesinn ze hunn, huet de Beschëllegten op de besonnesch schockante Charakter vun de Biller higewisen. Et wieren dorops mësshandelt Kanner ze gesinn, an et wier zudeem wéinst esou Mënsche wéi him, datt esou Biller géife gemaach ginn.

Säitens dem Parquet war géint de Staatsbeamten en Strof vun 20 Méint Prisong op Sursis, mat der Obligatioun sech psychiatresch behandelen ze loossen, gefrot ginn. Den Affekot vum Jonggesell hat d’Geriicht dann och gebieden, déi „gutt Zesummenaarbecht“ an den eidele Casier vum Beamten ze berécksiichtegen.

Deem ass d’Geriicht net nokomm, an d’Uerteel ass entspriechend haart ausgefall. Zudeem krut de Mann nach eng Geldstrof an héicht vun 2.500 Euro operluecht, a muss sech elo och „behandele“ loossen. Him ass dës weideren och fir d’Dauer vun 10 Joer ënnersot eng Aktivitéit auszeüben, déi hie kéint a Kontakt mat Mannerjärege bréngt. Hien huet elo 40 Deeg Zäit an Appell ze goen.

Ähnlech Sujeten Geriicht, Kanner, Pornografie, Staatsbeamten, Uerteel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel