Search

You may also like

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch
Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch

Zesumme mam Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène

Viren als Waff asetzen
Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

Golanhéichten ënner beschoss
Neiegkeeten

Golanhéichten ënner beschoss

D‘IDF huet seng Loftwaff op verschidde militäresch Ziler lassgelooss. De

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?

Ëmmer méi Persoune gi wéinst „Tausch“ oder „Besëtz“ gepëtzt – Läit et um vereinfachten Zougang zu den entspriechende Säiten am Internet?

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?

Kannerpornographie oder Pedopornographie ass kee neizäitleche Phenomen, mee hautdesdaags ass et wiesentlech méi einfach un dat „Material“ erunzekommen, sech „auszetauschen“ an eben och vu Polizisten erwëscht ze ginn. 2019 sinn esou (ouni datt et grouss mediatiséiert gi wier) 25 Persounen zu Lëtzebuerg veruerteelt ginn, zwee Fäll waren esouguer virun der Kriminalkummer gelant.

Zuelen déi wuel besser sinn wéi nach am Zäitraum 2013-16, mee net alles aussoen. Esou sinn déi bei den zoustännegen Instanze gemellte „Verstéiss“ regelrecht explodéiert. D‘Meldung vu „Verdächtegen“ huet sech zu Lëtzebuerg verdräifacht, heescht et säitens de Verantwortleche vum Kanner- & Jugendtelefon (KJT). Si hunn 2019 iwwer 3.000 Signalementer erhalen…

Déi treffen zwar net all zou, mee wann si ronn 2.330 Fäll un d‘Police weidergeleet hunn, sollt et engem ze denke ginn. Et gëtt dann och betount, datt dës „Zounam“ sech net eleng op eng besser Beuechtung vun den Internetuser an iwwerwaachenden Organisme bezitt. Et wier virun allem dem Fait geschëlt, datt sech d‘Offer zu Lëtzebuerg vu „spezialiséierte Fournisseuren“ verbessert huet.

Fournisseuren deenen hir Server am Ausland stinn, firwat et bal onméiglech ass drop zouzegräifen, an eisen Autoritéiten entspriechend Kappzerbrieches bereet. De Minister fir Bannesécherheet, François Bausch ass hei gefuerdert. Mat grad emol 31 Beamten déi sech bei der „Judiciaire“ an/oder dem Jugendschutz mat dëse Verstéiss mussen ausenanersetzen, sinn d‘Limitte séier erreecht.

Leit déi een emol fanne muss

Datt et méi Leit brauch, dat stellt de Minister net a Fro an hien erhofft sech, datt duerch den „aussergewéinleche Rekrutementsplang“ dëse spezialiséierten Departementer méi Personal kann zougefouert ginn. Personalmangel beklot och de Kanner- & Jugendtelefon. Si kruten zwar vum Educatiounsministère eng weider „Hallef“ Plaz zougestanen, mee dat geet beileiwen net duer.

An dat sinn net déi eenzeg Problemer, déi d‘CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt an hirer parlamentarescher Fro (1702) un déi zoustänneg Ministeren opgeworf huet. Wann et elo „net vill Fäll“ sinn déi opgedeckt ginn, esou stellt sech fir déi Deputéiert awer och d‘Fro, wat mat deene geschitt, déi erwëscht a veruerteelt ginn. Gëtt et eventuell Therapien?

Aus der gemeinsamer Äntwert, déi vun der Ministesch Sam Tanson aktéiert gouf, geet ervir, datt et zu Lëtzebuerg keng Therapie gëtt: weder am Grupp, nach eng universell oder individuell. Dobäi gëtt all Auteur vu „Kannerpornographie“ (bei der éischter Kéier) zu fënnef Joer Prisong mat Sursis an der Obligatioun eng Therapie ze maache veruerteelt. An do gi schonn zwou Seancen d‘Joer duer.

Wien zu enger fester Prisongsstrof veruerteelt gëtt, dee lant zu Schrasseg oder Giwenech, an ass dann och net gezwongen eng Therapie ze maachen. Woubäi et säitens den zoustännege Minister heescht, datt et Therapeute gëtt, déi regelméisseg hir Déngschter an dësen Institutiounen ubidden. Ob dës Therapien, wa se da stattfannen, erfollegräich sinn? Dat kann aktuell kee beäntwerten.

Kanner-Poppen als Sexobjet

Fir am Kontext ze bleiwen, ass nach op dem Nancy Kemp-Arendt seng parlamentaresch Fro (1854) am zesummenhang mat kannerähnleche Poppen, déi als Sexobjete verdriwwe ginn, hinzeweisen. D‘CSV-Deputéiert weist an hirer Fro drop hinn, datt Dänemark de verkaf vun esou Poppe verbueden an ënner Strof gestallt huet. Eng relativ rezent Entscheedung…

Erbäigefouert déi duerch den Drock vum Kannerschutzverband „Save the Child“ huet d‘Regierung noginn a sech fir de Verbuet ausgedréckt. A ville Länner awer sinn dës Poppen net verbueden, wat zu drolege Prozesser féiere kann. An Amerika sinn „CREEPER“ (Curbing Realistic Exploitative Electronic Pedophilic Robots) zwar verbueden, all déi aner „Poppen“ awer net.

Op et esou Poppen (ausser am Internet) och zu Lëtzebuerg ze kafe gëtt an ob iwwert e Verbuet nogeduecht gëtt, datt wëll d‘Nancy Kemp-Arendt vum Educatiouns- an dem Wirtschaftsminister wëssen. Sollt et nach keen esou e Verbuet ginn, esou wier et gutt wann deem méiglechst kuerzfristeg kéint begéint ginn. Woubäi d‘Psychologen a Psychiater sinn sech hei och net eens…

Foto: © Michael Dziedzic / unsplash

Related topics Kannerpoppen, Kannerpornographie, Pedophilie, Pedopornographie, Psychiatrie, Therapien
Next post Previous post