Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen
Neiegkeeten

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!
Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!

Den 18., 19. an 20. Januar gëtt d’LuxExpo The Box

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!

Dir braucht e Kannersëtz, am beschten een „bal wéi nei“ oder einfach en zweete well et mat engem net méi duer geet. Um Kannersëtzbasar dësen 9. Dezember, organiséiert vum Automobilclub Lëtzebuerg, misst dir äert Gléck kënne fannen.

Um traditionelle Kannersëtzbasar vum ACL, kann een net nëmme kucken, mee selbstverständlech och probéieren op dat gutt Stéck passt. De Krappert oder d‘Knetzel dierf een och direkt matbréngen, well de Nowuess sollt am beschten och an de Sëtz passen.

D‘Manifestatioun fënnt wéi gewinnt an de Raimlechkeete vum Automobilclub Lëtzebuerg, 54 Lonkescher-Strooss zu 8030 Bartreng statt. Dat dëse Samschdeg vun 9 bis 12 Auer. De Kannersëtzbasar ass allerdéngs de Membere vum ACL virbehalen, also d‘Memberskaart net vergiessen.

Et gëtt eng grouss Auswahl

De Choix ass et awer derwäert. Et sollen e puer honnert Kannersëtzer zur Auswiel stoen, wat bedeit, datt dat passend Stéck jiddefalls misst ze fanne sinn. Vläicht sollt een och nach drop hiweisen, datt den ACL just als Vermëttler optrëtt. Dat heescht, datt ee sech just mam Verkeefer muss eens ginn, an op den ausgehandelte Präis keng Majoratioun drop kënnt.

Bedenkt awer, datt hei wéi eigentlech ëmmer bei engem Direktverkaf, Bores ugesot ass. Mat der Kreditkaart kritt een e Samschdeg kee Kannersëtz.

Fir ze beroden, och soss einfach nëmmen ze hëllefen, sinn d‘Mataarbechter vum ACL op der Platz. Si informéieren dann och iwwert déi ënnerschiddlech Systemer a Sécherheetsnormen. Zudeem geet kee Sëtz „iwwert den Dësch“ deen net inspizéiert gi wier. All Sëtz deen en ze kafe kritt entsprécht den aktuellen europäeschen Normen.

Sécherheet am Auto, besonnesch fir eis Butzen, ass wichteg. Een dem Kand an dem Auto ugepasste Kannersëtz ass also net vu Muttwëll. Gutt berode ginn, e Sëtz zum faire Präis ergatteren, datt ass et wat den ACL senge Memberen ubitt.

Méi Informatioune fannt dir wéi gewinnt op der Internetsäit vum Automobilclub Lëtzebuerg: www.acl.lu oder iwwert den Telefon 45 00 45-1.

Ähnlech Sujeten ACL, Kannersëtz, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel