Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Radar, Wéckeldësch a Maut: Dëst sinn e puer vun den neie Petitiounen, déi een elo ënnerschreiwe kann
https://moien.lu/bryce-alford-dating/

Radar, Wéckeldësch a Maut: Dëst sinn e puer vun den neie Petitiounen, déi een elo ënnerschreiwe kann

Eng grouss Zuel vu Petitioune kënnen elo ënnerschriwwe ginn. Ënnert

https://moien.lu/dating-vintage-fedoras/
https://moien.lu/bryce-alford-dating/

https://moien.lu/rock-band-4-online-multiplayer-matchmaking/

„Frae mussen sech méi un der Formatioun vun de Paschtéier

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
https://moien.lu/bryce-alford-dating/

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

Du mengs, du géings de Kanton Miersch gutt kennen? Da packs du locker dës 12 Froen!

Wéi gutt kenns du de Kanton Miersch?


Wéi gutt kenns du de Kanton Miersch?

Question 1 of 12.

Zu Miersch ass den Centre Nationale de littéerature ze fannen. Wéini huet deen do seng Dieren opgemaach?

1. 1987
2. 1995
3. 1982

Am CNL, deen 1995 opgemaach huet, ginn et reegelméisseg Liesungen, Ausstellungen a méi ronderëm d‘Literatur.

Question 2 of 12.

Fréier huet d‘Gemeng Kolmer-Bierg einfach nëmme Bierg geheescht. Wéini gouf dat geännert?

1. 1985
2. 1907
3. 1991

D‘Gesetz, dat den Numm geännert huet, ass de 25. Mäerz 1991 komm.

Question 3 of 12.

Wéi eng vun den Nordstad-Gemengen gehéiert nach zum Kanton Miersch?

1. Schieren
2. Kolmer-Bierg
3. Ettelbréck

Kolmer-Bierg gehéiert zum Kanton Miersch.

Question 4 of 12.

An der Fiels ass och De Roebé-Schlass ze fannen. D‘Härenhaus ass nom Victor de Roebe benannt, engem Lëtzebuerger Jurist a Politiker. A wéi enger Däitscher Stad koum hien op d‘Welt?

1. Köln
2. Saarbrécken
3. Tréier

De Victor de Roebe gouf den 23. Mäerz 1923 zu Saarbrécken gebuer. 1844 krut hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit. E war ënnert anerem Generaldirekter an der Regierung Servais (1873 – 1874)

Question 5 of 12.

Mat méi wéi 9.000 Awunner ass Miersch déi gréisste Gemeng am Kanton. Wéi eng Gemeng kënnt duerno?

1. Luerenzweiler
2. Biissen
3. Helperknapp

Déi zënter dem 1. Januar 2018 existéierend Gemeng Helperknapp kënnt op 4.095 Awunner.

Question 6 of 12.

D‘Gemeng Helperknapp ass aus enger Fusioun entstanen. Wéi eng Gemenge sinn do fusionéiert?

1. Helper a Knapp
2. Mariendall an Openthalt
3. Béiwen-Atert an Tënten

Et waren d‘Gemengen Béiwen-Atert an Tënten, déi hei zesumme gaange sinn.

Question 7 of 12.

A wéi enger Gemeng gouf den Loschbur-Mann, dem eelste Lëtzebuerg, entdeckt?

1. Kolmer-Bierg
2. Hiefenech
3. Miersch

De Loschbur-Mann gouf 1935 zu Reiland entdeckt. E soll virun 8.000 Joer gelieft hunn.

Question 8 of 12.

Zu Bierg, an der Gemeng Kolmer-Bierg, ass déi aktuell Residenz vum Groussherzog ze fannen. A wéi enger Gemeng huet de Groussherzog virdru gelieft?

1. Fëschbech
2. Biissen
3. Hiefenech

Virdrun huet d‘Famill am Schlass Fëschbech gelieft.

Question 9 of 12.

Duerch de Kanton fléisst d‘Attert. Wéi laang ass dëse Floss?

1. 25 km
2. 30 km
3. 38 km

D‘Attert huet eng Längt vun 38 km, 30,5 dovunner fléissen duerch Lëtzebuerg.

Question 10 of 12.

Duerch de Kanton Miersch fléisst ënnert anerem d‘Wäiss Iernz. A wéi ee Floss leeft déi?

1. Our
2. Musel
3. Sauer

D‘Wäiss Iernz leeft zu Reisduerf an d‘Sauer.

Question 11 of 12.

Wéi vill Gemengen huet de Kanton Miersch?

1. 8
2. 10
3. 11

De Kanton Miersch huet 10 Gemengen.

Question 12 of 12.

Aus wéi engem Joerhonnert staamt d‘Buerg Fiels wahrscheinlech?

1. 8. Joerhonnert
2. 11. Joerhonnert
3. 15. Joerhonnert

D‘Buerg staamt aus dem 11. Joerhonnert.

Next question 1 of 12

All 12 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du de Kanton Miersch?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

De Kanton Miersch befënnt sech mëtten am Häerz vum Land. Et deet een also net wonneren, datt ee vill Interessantes – a fir Lëtzebuerg Wichteges – hei an dësem Kanton fënnt! Mee wéi gutt kenns du dech hei aus? Fann et eraus an eisem Quiz!

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Miersch, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel