Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Halogen war gëschter… haut muss et eng LED sinn“
Neiegkeeten

Halogen war gëschter… haut muss et eng LED sinn“

Zanter dem 1. September ass et an der EU verbueden

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?

De Gedanke vun enger Zockersteier ass net nei. Datt d‘Gesondheetsministesch

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt
Neiegkeeten

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt

Se sinn iwwert eng Milliard an der Welt déi et

Kanzlerin Merkel verbitt sech een tierkesche Referendum iwwert Doudesstrof op däitschem Buedem

Kanzlerin Merkel verbitt sech een tierkesche Referendum iwwert Doudesstrof op däitschem Buedem

Wéi d‘AFP de Mëtteg matgedeelt huet, refuséiert d‘Angela Merkel kategoresch eng eventuell Referendumscampagne op däitschem Buedem fir d‘Aféierung vun der Doudesstrof an der Tierkei. „D‘Doudesstrof ass e Sujet dee mir kategoresch ofleenen, firwat also sollt et eng Erlaabnes ginn bei eis eng Campagne dofir ze maachen, besonnesch wou mer dat net mussen.“ sot d‘Kanzlerin an engem Entretien mam Regionalradio WDR haut de Moien.

Schonns leschte Freideg hat déi däitsch Regierung dorops higewisen, dat fir de Fall wou d‘Tierkei ee Referendum wëllt ofhalen fir d‘Doudesstrof nees anzeféieren, Däitschland et net géif zouloossen dat bei hinnen dierft ofgestëmmt ginn. Datt bei ëmmerhin ronn 1,4 Millioune Stëmmberechtegten tierkesche Bierger, dës Positioun zu Ankara nees dierft fir beleidegend Aussoe suergen, ass ze beféischteren. „Politesch ass et einfach net virstellbar dat mir esou eng Consultatioun iwwert esou ee Sujet, deen ganz kloer am Géigesaz zu eiser Verfassung steet, erlaben.“ sot de Spriecher vun der Regierung Steffen Seibert.

D‘Wahlcampagne fir d‘Aféierung vum Präsidialsystem an der Tierkei hat jo net derzou bäigedroen dat d‘Relatioune tëscht der Tierkei an Däitschland sech sollte verbessert hunn. Besonnesch wann ee sech drun erënnert, datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan déi däitsch Regierung bezichtegt hat, sech Nazi-Methoden ze bedéngen fir seng Ministere drun ze hënneren an Däitschland opzetrieden.

Den Erdogan hat awer direkt no senger Victoire bei der Wal, déi him jo a villen Hisiichte den volle Pouvoir garantéiert, schonn ugekënnegt ee Referendum wëllen ofzehalen, dës Kéier dann iwwert d‘Aféierung vun der Doudesstrof. An och wann een et anescht kéint interpretéieren, mat dëser Moossnam zwéngt hien dann d‘EU d‘Bäitrëttsgespréicher endgülteg ofzebriechen. Och wann et säitens der däitscher Regierung ëmmer nees heescht, datt den Dialog muss opriicht gehale ginn, misst och den Ausseminister Sigmar Gabriel dann d‘Handbrems zéien.

Den tierkesche President deen, notamment säit dem vermasselte Putsch am Juli 2016, an den domadder verbonnenen Festnahmen vun zéngdausenden Mënschen, dorënner vill Journalisten, Proffen, Beamten an eng ganz Rëtsch Memberen vun der Arméi an der Police sécherlech net vun ongeféier vu senge Géigner als Autoritär duergestallt gëtt, ass awer och net roueg ze kréien. Kritik koum dowéinst dach och net nëmmen aus Däitschland.

Wat awer, wann och net wierklech nei mee awer an dësem Ausmooss nach net do gewiescht, honnerte vu tierkeschen Zaldote, Fonctionnaire an Diplomate mat hire Familljen zwéngt ëm Asyl ze bieden, dierf een als „Tëschefall mat onklorem Ausgang“ betruechten. Den däitschen Autoritéite no sinn ewell Demande unerkannt ginn. Berlin refuséiert allerdéngs Zuelen ze nennen. An der däitscher Presse war bekannt ginn dat sech hei ëm tierkesch Zaldoten géif handelen, déi notamment bei oder fir d‘NATO täteg waren an nom Putsch op den ominéise Leschten agedroe waren.

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel