Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital
dating nz free websites

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Zwee Deeg virum Staatsbesuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel,

pes 2018 matchmaking settings
dating nz free websites

dating in lincolnshire uk

A senger Sëtzung vum Dënschdeg huet den CGFP-Nationalvirstand den Haushaltsentworf

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!
dating nz free websites

ANOC World Beach Games: Lëtzebuerger Sportler nees schnell ënnerwee!

Bei den éischten ANOC World Beach Games zu Doha (Qatar)

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi 13 Millioune Bierger waren opgeruff ginn déi politesch Ausriichtung vum Industrieräichste Bundesland ze bestëmmen. Fir d’Partei vum Kanzlerkandidat Schulz eng Virentscheedung.

No Sachsen a Schlesesch-Holstein huet d’SPD elo och d’Landeswahl an Nordrhein-Westfalen verluer an domadder ass do dat rout-gréngt Bündnis no siwe Joer um Enn. Eng fatzeg Nidderlag fir d’Hannelore Kraft, déi an Däitschland als eng vun de beléifte Ministerpresidentinne gesi gëtt. Eng Nidderlag déi als Weeweisend fir d’Bundestagswahlen am Hiecht muss a betruecht gezu ginn. Och déi gréng hunn d’Quittung fir hir verfeelte Schoulpolitik kritt a verléiere gutt d’Halschent vun hire Mandater.

Konservativ, liberal a populistesch

D’Gewënner vum Sonndeg sinn eendeiteg d’CDU déi mat engem Plus vu 6,6% an insgesamt 32,9% als stäerkste politesch Fraktioun den Usproch erhiewen dierfen de Ministerpresident ze stellen. D’FDP konnt mat engem Plus vun 3,9% an insgesamt 12,5% och ee grousse Schratt no vir maachen a kéint, wa se da wéilten, am Fall vun engem Koalitiounsaccord mat an der Verantwortung stoen. Eng awer fragil Majoritéit vun nëmmen engem Sëtz. Dee wuel gréisste Gewënner awer sinn d’Populiste vun der AfD, déi aus dem Stand mat 7,4% an den Landtag anzéien.

Den hei zimlech onbekannte konservative Politiker Armin Laschet huet zwar manner Direktstëmmen wéi seng sozialistesch Kontrahentin kritt, steet awer schonn als Ministerpresident fest. Hie muss sech elo op d’Sich no engem Koalitiounspartner maachen, wat awer net einfach dierft sinn. Eigentlech hunn d’Wieler mat hirem Stëmmziedel kloer gemaach, datt si d’SPD net wierklech an der Landesregierung gesinn, wat dorobber schléisse léisst dat eng schwaarz-giel Koalitioun dem Wielerwonsch sollt entspriechen.

Den FDP-Chef Christian Lindner gesäit dat allerdéngs eppes méi differenzéiert: „Ech sinn net de Wonschkoalitiounspartner vum Här Laschet an hien net mäin“, esou de liberale Frontmann op der däitscher Tëlee. „D’CDU huet säit Woche géint eis Wahlkampf gemaach“, esou de Lindner weider, fir dann awer trotzdeem nach wiertlech d’Hand ze reechen. D‘politesch Neigestaltung vun Nordrhein-Westfalen ass op der Regierungsbänk schlussendlech méi einfach wéi wann een an der Oppositioun sëtzt. Dofir steet dann och d’FDP fir eng Regierungsbildung zur Verfügung „…wann ons Zieler ëmgesat sollte ginn“, relativiséiert de Christian Lindner ofschléissend.

Wa sech béid Parteien, also déi konservativ an déi liberal, net sollten eens ginn, da bleift um Enn nëmmen eng grouss Koalitioun mat de Sozialisten iwwreg. Dat bedeit dann awer dass un eng grondleeënd Neiausriichtung a Nordrhein-Westfalen net ze denken ass. Eng Entscheedung déi de Wieler ganz kloer mat sengem Stëmmziedel net wëllt an d’CDU zu Gespréicher mat der FDP zwéngt. Gespréicher bei deene béid Säite gutt berode sinn hir perséinlech Streidereie vum Wahlkampf op der Säit ze loossen.

Äddi Hannelore

D’Ministerpresidentin Hannelore Kraft huett dann och nach um Sonndegowend d’Konsequenzen aus der Nidderlag gezunn an trëtt als Landesparteicheffin zréck. Mat engem Minus vun 7,8% an insgesamt nach 31,3% bleift d’SPD wuel nach déi zweet stäerkste Kraaft a Nordrhein-Westfalen, mee muss awer feststellen, datt et dat schlechtste Resultat säit 1947 ass an déi programmatesch Ausriichtung bei den eegene Leit net op Versteesdemech trëfft.

Virgeworf gëtt dem Hannelore Kraft am besonneschen eng gewëssen Distanz zu de Problemer vun de Mënschen an Nordrhein-Westfalen. D’Sécherheetsgefill vun der Bierger ass op engem Déifpunkt ukomm an d’SPD konnt einfach keng kloer Léisungsvirschléi opweisen. Och an der Migratioun- a Refugiéendebatte hu sech d’Sozialiste wéineg op d’Suergen an d’Bedenke vun der Bierger agelooss a vill Entscheedunge getraff fir déi se mam Stëmmziedel elo d’Quittung krute.

Ëmmerhin iwwerhëlt d’Hannelore Kraft Verantwortung an dréckt sech däitlech aus: „D’SPD konnt d’Vertraue vun de Wieler net méi gewannen“ sot si nom bekannt gi vun de Resultater an wëll mat hirer Entscheedung „eng Chance op ee Neiufank“ sécherstellen.

Fir de Martin Schulz, deen als „Heiland“ säin „Hype“ hat, ass et déi drëtt Landeswahl déi an de Gënns geet. D’Generalprouf vun der Generalprouf vun der Generalprouf, wéi et gëschter op der däitscher Tëlee ze héiere war, stellt de Projet „Kanzler“ endgülteg a fro. Hie selwer huet missen eng „… wierklech kraachend Nidderlag“ agestoen a schwätzt dann och vun engem „… schwéieren Dag och fir mech perséinlech“. Dat besonnescht ass jo, datt hien och aus Nordrhein-Westfalen kënnt an dës Landtagswahl als „Testlaaf fir d’Bundestagswahl“ am Virfeld bezeechent hat.

Och beim Koalitiounspartner Bündnis90 – déi gréng muss Verantwortung iwwerholl ginn. Déi gréng verléiere mat engem Minus vun 5% op elo nach insgesamt 6,3% gutt d’Halschent vun de Mandater a leien domadder nach hannert der AfD. D’Fize-Regierungschefin a Erzéiungsministerin Sylvia Löhrmann gesäit dann och eppes ze spéit an, datt d’Bildungspolitik fir vill Wieler entscheedend war. „Den Undeel, deen ech un dëser Nidderlag hunn, deen huelen ech och un“, sot si gläichfalls no bekannt gi vun de Resultater. Si steet dann och net méi fir ee Posten an der Fraktioun zur Verfügung.

Zwee Extremer awer nëmmen ee Gewënner

Während et fir déi Lénk mat 4,9% net duer geet fir an de Landtag anzezéie packen et d’Populiste vun der AfD direkt mat 16 Mandater. Sécherlech huet de Programm vun der Lénker mat ze vill onrealistesche Fuerderungen de Wieler éischter ofgeschreckt wéi iwwerzeegt. D’Pirate sinn dann och net méi am Landtag vertrueden. Si verléiere mat engem Minus vun 6,8% all politeschen Afloss an verkommen zu enger Randerscheinung.

Ähnlech Sujeten Däitschland, Nordrhein-Westfalen, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel