Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass
International Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass

Wéi d‘Police Bericht huet, koum et haut de Moie kuerz

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz
International Neiegkeeten

Simon Noël: De Staarke mat engem mëllen Häerz

Fir déi eng ass e „brong“ fir déi aner „Rubin-Rout“,

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter
International Neiegkeeten

Dem US-President seng ëmstridde Waffegeschäfter

Et ass keng wirtschaftlech mee ganz entscheet e politesch Entscheedung,

Kapitalismus trëfft op Monarchie

US-President op Staatsbesuch a Groussbritannien

Kapitalismus trëfft op Monarchie

Den US-President, deem vill dru geleeë war am Virfeld vum Staatsbesuch a Groussbritannien op seng Rees opmierksam ze maachen, ass um Méindeg vun der Kinnigin Elisabeth II empfaange ginn. Haut trëfft sech de Donald Trump mam Theresa May.

Fir den Optakt vun engem ëmstriddene Staatsbesuch – ëmmerhi mëscht sech den US-President den Ament zolidd an d‘Innepolitik vun der Insel an der EU an – huet de Milliardär gewise kritt wat ee richtege Palais ass a wéi ee Pomp mat Würd an Anstand zelebréiert. Den Donald Trump duerft awer mat sengem Helikopter am Gaart vum Buckingham-Palace landen.

Monarchie

Hei goufen den amerikanesche President an d‘Melania vum Prënz Charel an der Herzogin Camilla empfaangen, a bis op d‘Veranda vum Palais begleet, wou si dann der Queen virgestallt gi sinn. Um Owend war et eppes méi reliéis an et koum zum Tëschestopp an der Westminster Abtei. Owes dann den obligate Banquet mat vill Lametta am Buckingham-Palace.

Ëm wat et dem Trump geet

De Besuch vum US-President – dee jo zanter enger Woch am Wahlkampfmodus ass – kënnt zu engem Ament, wou d‘Insel an enger vu sengen déifste politesche Krise stécht. Hien ass zudeem alles wéi kee Fan vun der Premierministesch, déi jo bekanntlech scho „Geschicht“ ass, an déi den Donald Trump am léifste géint de Boris Johnson tausche wéilt.

Bis dee Premierminister ass, muss den US-President awer nach mam Theresa May eens ginn. Bei esouvill diplomateschem Geschéck wéi de mächtegste Mann vun der Welt es huet, dierft et ee vun den interessante Momenter vum Staatsbesuch ginn. Schliisslech sollen sech déi zwee iwwert esou Niewesächleches wéi Fräihandelsofkommes oder Huawei ënnerhalen.

Monarchie

Gemunkelt gëtt an dësem Kontext, datt sech d‘Theresa May an den Donald Trump hei wéineg wäerten ze soen hunn. Et geet rieds, datt sech den US-President léiwer mam Boris Johnson an dem Nigel Farage wëll ënnerhalen. Hie schéngt iwwerzeegt, datt déi zwee d‘Zukunft vun der Insel wäerte bestëmmen, wat jo och seng Wiel wier, wann hien da gefrot géif ginn.

Brexit hin, Brexit hir, kier vrun der eegener Dier“

Wann d‘Briten sech och mëttels Referendum fir den Austrëtt aus der europäescher Unioun entscheet hunn an hinnen de politesche Chaos liicht op d‘Nerve geet, esou kënnen si nach eppes manner Ausstoen: Amëschung! Et trennt ee sech schliisslech net vum europäesche Momper, fir sech engem „aneren“ ëm den Hals ze geheien, deen erwisenermoosse keng gutt an der Kopp huet.

 

Monarchie

Esou ergëtt et sech, datt vill Briten „not amused“ sinn iwwert d‘Aart a Weis, esou wéi och den Ëmfang vun dësem Staatsbesuch. Wann d‘Briten aus Respekt virun der Queen gëschter nach d‘Féiss stëll gehalen hunn, esou wäert et haut zu Protest an Demonstratioune kommen. De Protest dierft vum Oppositiounsleader Jeremy Corbyn (Labour) ënnerstëtzt ginn.

Wann den „Haushär“ dir d‘Lewitte liest

Nodeems den Donald Trump a verschiddenen Aussoen an Tweets däitlech gemaach huet, datt et – zumindest fir d‘Theresa May – kee Frëndschaftsbesuch ass, hat de Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, dem US-President op säi verbale vergoss an engleschen Tabloïden reagéiert. Dat wuel eppes méi „manéierlech“ wéi et engem Amerikaner eigentlech zousteet.

Monarchie

An de Sadiq Khan huet et déif setzen. Den Trump géif sech mat sengem Beholl iwwert all déi Idealer ewechsetzen op deenen déi vereenegt Staaten gegrënnt goufen. An de Buergermeeschter vu London trëfft den Nol matten op de Kapp: „Den Donald Trump ass dat ongeheierlecht Beispill fir déi wuessend, weltwäit Gefor déi vun enger politesch „rietser“ Muecht ausgeet.

Eng Frechheet déi sech de Londoner Gemengepapp do geleescht huet an dat diplomatescht Genie aus Iwwerséi huet sech ugeschwat gefillt. Esou twittert de Milliardär, datt de Labour-Politiker eng vollkommen Null wier, déi besser berode wier sech ëm d‘Kriminalitéit a senger Stad ze këmmeren, wéi sech mat héijer Politik ze beschäftegen. Esou geet Diplomatie haut…

mat indymedia/lon

Foto: (v.l.n.r.) Herzogin vu Cornwall, Prënz vu Wales, US-President, Kinnigin vun England, First Lady. © The Royal Family

Ähnlech Sujeten Diplomatie, Donald Trump, Groussbritannien, Monarchie, Queen Elizabeth II, Sadiq Khan, Staatsbesuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel