Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf
International Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Fënnef vun den aacht Parteien, déi bei de Chamberwahlen am

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
International Neiegkeeten

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?
International Neiegkeeten

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus

Et ass éischter ongewinnt fir net ze soen extrem seelen, datt e Staat géint de President vun engem aner Land Uklo erhieft. Zanter et awer den Donald Trump gëtt, wonnert ee sech iwwert näischt méi. Laut Washington awer wier d‘Uklo berechtegt, schliisslech hu si Beweiser datt de Nicolas Maduro, President vum Venezuela, de Kapp vun engem Drogekartell ass, oder zumindest war.

Hei dierf een awer kuerz drun erënneren, datt d‘USA den oppositionelle Juan Guaido mat aller Gewalt als President vum südamerikanesche Land asetze wëllen. Militäresch geet dat net (mee de Gedanke war do), Sanktioune schueden dem Vollek an den amerikanesche Geheimdéngscht war och scho besser. Elo also ass den Nicolas Maduro en Drogendealer op deen e Kappgeld vu ganzer 15 Milliounen US$ ausgesat ass. Et gouf net preziséiert „Doud oder Lieweg“, mee de Gedanken…

Maduro

Den US-Ausseminister – e vill beschäftegte Mann dëser Deeg – huet erkläert datt d‘Belounung fir Hiweiser bezuelt gëtt, déi zur Ergräifung vum venezuelanesche President féiert. Zousätzlech, esou den US-Justizminister Bill Barr, hätt een eng Uklo géint den Nicolas Maduro, wéinst „Drogen-Terrorismus“ opgesat. „De venezuelanesche Regime ass a Kriminalitéit a Kriminalitéit verstréckt“, behaapt de Bill Barr. A wann et den USA drëms geet e Regime ze stierzen, gëtt et och Beweiser.

Esou gëtt dem Nicolas Maduro an aneren Ugekloten zur Laascht geluecht, datt si zanter 1999 en Drogegeschäft ënnert dem Numm „Kartell vun de Sonnen“ uféieren. Dësen Numm géif sech op d‘Sonne-Symboler op den Uniforme vun der venezuelanescher Arméi bezéien. Säit fënnef Joer wieren d‘Ermëttlungen amgaangen, an elo géifen ëmfaassend Beweiser virleien, woubäi och soll festgestallt gi sinn, datt déi venezuelanesch Regierung mat de kolumbianesche Rebelle schafft.

MaduroEng Kooperatioun mat de FARC? Jo, laut deem wat Washington behaapt, hätten de Maduro an seng Komplizen, d‘Reseaue vun de Rebelle genotzt fir Kokain an d‘USA anzeféieren. (Halt w.e.g op mat laachen dat ass en eeschten Artikel) Den US-Staatsanwalt Geoffrey Berman, wëll Beweiser hunn, un deenen ersiichtlech ass, datt den Nicolas Maduro d‘USA mat Kokain zouschëdde wollt, fir der Gesondheet an dem Wuelergoe vun den USA ze schueden. D‘Droge wieren als Waff agesat ginn.

Dat ass eng flott Verschwierungstheorie déi garantéiert hir Unhänger fanne wäert. Washington wéi gesot, stëtzt den oppositionelle Juan Guaido, mee dee kritt den Ëmstuerz net gebak. Mee déi vun den USA agesate Marionett huet Zougang zur internationaler politescher Bühn, an esou huet dem selwer ernannten Interimspresident säi Spriecher fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Julio Borges, erkläert, datt „de Maduro steet fir Drogenhandel, de Maduro steet fir organiséiert Verbriechen“.

Gutt wann een zu 100% aus de Keese vun der CIA finanzéiert, dann ass ee wuel och verflicht déi selwecht Ligen an Dommheeten ze verbreeden, wéi sech dat vum Mäzen erwaart gëtt. De Julio Borges riicht dann alt nees en Appell un d‘Arméi an d‘Police „d‘Säiten ze wiesselen“ an déi gutt, déi éierlech – also d‘Oppositioun – politesch Kräften am Land ze ënnerstëtzen. Dat huet bis ewell, net emol punktuell geklappt, mee dréit, grad zur Zäit vum Covid19, zu weidere Spannunge bäi.

MaduroMat der Uklo huet dem Donald Trump seng Fraktioun vun de „Gerechten“ elo d‘Méiglechkeet erëffent, den Nicolas Maduro bei enger Auslandsrees festhuelen ze kënnen, an dësen dann an den USA virun ee Geriicht ze stellen. Op et hinnen am Fall vum Maduro esou liicht wäert gemaach gi wéi sengerzäit an den 80er Joren, wéi si de panamaeschen de facto Staatschef Manuel Noriega am kader vun enger Invasioun verhaft hunn. Hien ass am Mee 2017 an engem US-Prisong gestuerwen.

mat indymedia/ccs/nyc

Foto: Den US-Staatsanwalt Geoffrey Berman huet zu allem Erklärungen a Beweiser virgeluecht. Woubäi „Beweiser“ trëfft et net wierklech. D‘US-Justiz wäert sech awer nach beméien, och déi fir d‘Medien esou wichteg (Kroun)Zeien ze presentéieren, wann d‘Zäit dofir opportun ass. © US Attorney SDNY

Ähnlech Sujeten Drogekartell, Drogenterrorismus. Kokain, Juan Guado, Kappgeld, Nicolas Maduro, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel