Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Koll an Aktioun Festival 2019
Neiegkeeten

Koll an Aktioun Festival 2019

De Weekend vum 8. an 9. Juni fënnt zu Uewermaarteleng fir

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA
Neiegkeeten

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter

Taiwan ëmmer méi isoléiert
Neiegkeeten

Taiwan ëmmer méi isoléiert

Scholde bei de Chinese maachen, datt ass ee riskant Geschäft,

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt

Wéi et sech op Chrëschtdag gehéiert, hunn d‘Kierchemänner op der ganzer Welt an och hire Leader de Poopst Francis, nees zuelräich Appeller fir de Fridden, Mënschlechkeet a Solidaritéit gemaach. Esou dann och de Jean-Claude Hollerich, zanter ee puer Méint Kardinol vu Lëtzebuerg.

A wann eise Kardinol vu Fridden, Mënschlechkeet a Solidaritéit schwätzt, ass et selbstverständlech datt kee Konflikt ausgelooss gëtt. Et ass an der Chrëschtmass nees vill vu Gewalt a Krich rieds gaangen, woubäi beim Jean-Claude Hollerich d‘Kanner kloer am Virdergrond gestane sinn.

KardinolEt war interessant dem Kierchemann nozelauschteren, wéi hie vun Ausbeutung, Mëssbrauch, jo esouguer vu Vergewaltegung geschwat huet. Alles Folge vun de Konflikter an deenen déi schwächst de „Kierzeren zéien“. An de Kardinol huet sécher Recht, wann hien drop hiweist, datt Kanner a Flüchtlingslager ouni Bezuchspersoun liicht Affer sinn.

Hie befiercht, datt vill vun dëse Mannerjäregen zur Prostitutioun gezwongen oder zum klauen animéiert géifen. An de Kardinol schwätzt net vun de Lager a Libyen, Syrien oder der Tierkei. Hien deen am Mee d‘Flüchtlingen a Griicheland besicht huet, schwätzt vun de Kanner déi schonn an Europa „ukomm“ sinn. Mee wat soll hie maachen?

Och als Kardinol kann een d‘Leed vun dëser Welt nëmmen denoncéieren. Muecht huet hien esou gesi keng, firwat de Jean-Claude Hollerich dann och op de Prinzip „Hoffnung“ setzt. D‘Hoffnung, dat neit Allheelmëttel vun der kathoulescher Kierch beschränkt sech awer net op d‘Flüchtlingen.

KardinolHoffnung bréichten och all déi Leit, deenen hir Zukunft vum Klimawandel bedreet gëtt. Och hei sinn alt nees an éischter Linn déi Aarm, déi Eeler an d‘Kanner betraff. Et wäerten och si sinn, déi zu de neie Flüchtlinge wäerte ginn, dann net als „Wirtschaftsflüchtling“ mee als „Klimaflüchtling“.

An de Kardinol freet sech wéi mir da mat dësen, neie Flüchtlinge gedenken ëmzegoen. Äntwerte kann awer dozou och déi kathoulesch Kierch net liwweren. An esou berout och dem Jean-Claude Hollerich seng Hoffnung um Duerchsetzungsverméige vun de jonke Leit, déi Zukunft selwer bestëmme wëllen a vun der Politik Moossname fuerderen.

Illustratioun: Emmanuel Mendez/Pixabay

Ähnlech Sujeten Flüchtlingen, Jean-Claude Hollerich, Kannermëssbrauch, Kardinol, kathoulesch Kierch, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel