Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!
International Neiegkeeten

Dës Serie bréngt 90er Joren erëm – awer mat Stil!

Netflix mécht säi Porftolio u Serien ëmmer méi breet an

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!
International Neiegkeeten

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International
International Neiegkeeten

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt

De Kierchemann reecht beim Poopst säi Récktrëtt an, dee muss dësen net unhuelen

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt

Nom australesche Kardinol George Pell, deen de 27. Februar vum Geriicht zu Melbourne zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn ass, war et gëschter de Kardinol Philippe Barbarin, Äerzbëschof vu Lyon, sech viru Geriicht fir seng „Vertuschung“ bei sexuellem Mëssbrauch ze veräntwerten. Hien ass zu enger Prisongsstrof mat Sursis condamnéiert ginn.

D‘Geriicht vu Lyon huet et als erwisen ugesinn, datt de Kierchemann a héchste Würdenträger vun der kathoulescher Kierch am Frankräich, Strofdote vu Mataarbechter verheemlecht a vertuscht huet. Mee prezis: D‘Geriicht bezitt sech bei sengem Uerteel op de Fall vum Paschtouer Bernard Preynat, deen iwwer Joren ewech, jonk Scoute sexuell mëssbraucht huet, an de Barbarin wousst Bescheed.

Elo soll och dëse Kniecht an engem getrennte Verfaren seng gerecht Strof erhalen. Dem Preynat seng Affer awer hate viru Geriicht ausgesot, datt den Äerzbëschof vum Preynat senge Virléiften, wousst. 2014 war en Affer beim Philippe Barbarin virstelleg ginn an huet dësem Ongeheierleches bericht. Deen huet déi genannte Strofdoten der Police oder soss zoustänneg Autoritéiten net gemellt.

Schlëmmer nach. Dem Kardinol – deen dat kanounescht Recht iwwert d‘Gesetzer vu Frankräich gestallt huet – wier et eréischt e Joer méi spéit an de Sënn komm, dem Kierchemann mat engem Hang zur Pedophilie, den Ëmgang mat jugendlechen ze ënnersoen. Keen Eenzelfall an dëser esou mënschenzougewannten Institutioun, déi no der Mëssbrauchskonferenzerneiert a besser“ ginn ass.

D‘Uerteel selwer gëtt awer als „Iwwerraschung“ bezeechent, well esouguer de Procureur sech géint e Scholdsproch ausgeschwat huet. E Fait deen däitlech ënnersträicht, wéi wäit den Aarm vum Vatikan nach ëmmer reecht, a wou sech der Kierch hir Handlaanger – am gesamt gesellschaftleche Kontext – befannen. Woubäi, wéinst de Vertuschung jo och villes „Verjäert“ ass, rechtlech gesinn.

Fir d‘Riichterin Brigitte Verney war et folglech keng einfach Verhandlung. Si huet d‘Kéier awer gekonnt kritt, an dem 68 järege Kierchemann e Fall vu Mëssbrauch aus dem Joer 2014 ëm d‘Ouere geschloen. Also eigentlech sengen Affekoten, well natierlech war de Kardinol net selwer viru Geriicht erschéngen. Hien hat schliisslech Versteesdemech fir d‘Leed vun den Affer ausgedréckt.

Dem Philippe Barbarin seng Affekoten hunn no der Uerteelsverkënnegung direkt bestätegt, datt de Kierchemann an Appell geet. Hei wier et net zu engem gerechten Uerteel komm, de Beschëllegte wier esouwuel vun de Medien, der Gesellschaft wéi och der Justiz virveruerteelt gewiescht. Beim massivem ëffentlechen Drock, war et dem Geriicht net méiglech e gerecht Uerteel ze schwätzen.

Et ass ee sech – wahrscheinlech duerch déi laang Zäit an enger Parallelwelt – trotz den erdréckende Fakten, also nach ëmmer kenger Schold bewosst. An awer huet de Philippe Barbarin erkläert säi Récktrëtt anzereechen. Eng duerchaus „bëlleg“ Aktioun, well säi kierchlecht Mandat weiderhin auszefëllen, géif der kathoulescher Kierch méi schuede wéi gutt doen.

Der Vollstännegkeet halber, muss een dierfen drop hiweisen, datt de Mann am Pensiounsalter ass, an egal wéi de rechtleche Volet sech weiderentwéckelt, et him un näischt feele wäert. Zudeem gëtt et am kanounesche Recht esou eppes wéi „Demissioun“ oder „Récktrëtt“ net, an streng geholl kann de Poopst Francis, dem Äerzbëschof seng Decisioun refuséieren. Dovunner ass awer net auszegoen…

mat indymedia/lyo

Foto: Den Äerzbëschof vu Lyon, Kardinol Philippe Barbarin, versteet dat villt Leed dat den affer widderfuer ass, gesäit sech selwer net an der Verantwortung, an versteet zudeem net, datt si sech net mat der Entschëllegung vun der kathoulescher Kierch offanne wëllen, mee och drop bestinn, dat déi kriminell Kierchemänner sech viru Geriicht solle veräntwerten. (Archiv 2017 – AFP)

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof Philippe Barbarin, Frankräich, kathoulesch Kierch, Mëssbrauch, Pedophilie, Poopst, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel