Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump
Cool Neiegkeeten

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump

EU a China treffen sech haut a muer zu Bréissel,

angry
Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse
Cool Neiegkeeten

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse

An enger parlamentarescher Fro vum David Wagner (déi lénk), déi

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken
Cool Neiegkeeten

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober UKIP, ass

cool

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer

D’80/80/90 Reegel gëtt ofgeschaaft! Mee fir d’CGFP ass bei der Reform nach net alles kloer

Wéi et aus dem Communiqué vun der CGFP ervirgeet, ass no laangem Gedeessems, also gutt 30 Méint no der Aféierung vun der Reform am ëffentlechen Déngscht, endlech nogebessert ginn. Als Schwéierpunkt vun der Reform war nieft dem Ofschafe vun der 80/80/90 Reegel, déi méi wéi iwwerfälleg Neibewäertung vun de Carrière beim Staat.

Den CGFP-Nationalvirstand hält fest, datt d‘Ëmsetzung vun dësem eigentlech positive Reklassement alles anescht wéi zefriddestellend verlaf ass. Plazeweis sinn déi Reegelen einfach net wéi erhofft ëmgesat ginn, wat bei de Concernéierte fir entspriechend schlecht Stëmmung gesuergt huet. Als Beispill nennt den CGFP-Nationalvirstand déi voll Unerkennung vum Déngschtalter, déi bei ville Beruffsgruppen einfach net gegraff huet.

Dëse Mëssstand hat d‘CGFP bei hirer Protestveranstaltung de 27. November op neits ervirgehuewen, a wéi et elo am Communiqué heescht, huet deen doduerch ausgeléiste sektorielle Konflikt, am zoustännege Ministère Gehéier fonnt. Esou huet déi lescht Woch dee fir den ëffentlechen Déngscht zoustännege Minister Dan Kersch, sech bereet erkläert déi gefuerdert Korrekture virzehuelen.

Mat guddem Wëlle kann een alles erreechen

An der Sëtzung vum CGFP-Nationalvirstand vu gëschter, ass dann och begréisst ginn, datt de Minister d‘Situatioun erkannt huet. Mat senger Ukënnegung, hie wéilt d‘Ongerechtegkeete bei der Neiuerdnung vun de Carrièren aus der Welt schafen, geet de Minister Dan Kersch dann och op eng vun den Haaptfuerderunge vu der CGFP an, déi bei der Protestveranstaltung gestallt gi war.

Et gëtt dann awer am Communiqué och drop higewisen, datt d‘Eenzelheeten zum Gesetzprojet der CGFP nach net virleien. D‘Hoffnung ass dann awer grouss, datt den Text den Erwaardunge gerecht gëtt. Esou sollten déi gesetzlech Amendementer retroaktiv (ab dem 1. Januar 2018) gülteg sinn. Vun dëse Verbesserunge sollen dann och bis zu 3.000 Mataarbechter vum ëffentlechen Déngscht profitéieren.

CGFP

Bei der Protestveranstaltung vum 27. November, war d‘Fuerderung nom Respekt vum Privatliewen héich gehale ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee bis d‘Vertrauen nees am vollen Ëmfang hiergestallt ass, muss d‘CGFP d‘Fro erhiewen, wéi eng Beruffsgruppen aus der Revalorisatioun vun der Carrière et Notzen zéien. Zudeem stellt sech och d‘Fro, wéi laang et dauere wäert, bis d‘Gesetz un der Chamber gestëmmt gëtt. An dësem Kontext dierf dann och drun erënnert ginn, datt d‘CGFP vill Gedold bewisen huet, an et alle politeschen Acteure gutt zu Gesiicht géif stoen, den Dossier ofzeschléissen.

Et stinn nach Fuerderungen op

E weidert Thema mat deem sech den CGFP-Nationalvirstand beschäftegt huet, ass d‘Aféierung vun Zäitspuerkonten. Dozou hat de Staatsrot bekanntlech eng kritesch Expertis verfaasst. D‘Beruffsorganisatioun vun allen am ëffentlechen Déngscht Beschäftegten hält trotz allem un der Fuerderung fest, datt de Gesetzprojet heizou nach an dëser Legislaturperiod vun der Chamber ugeholl gëtt. Hei geet et ëm net manner wéi d‘Beruffs- a Familljeliewen an Aklang ze bréngen.

Begréisst huet d‘CGFP dann nach, datt de Minister no der Privatwirtschaft, och am ëffentlechen Déngscht eng Upassung vum Mammecongé an Aussicht gestallt huet. Laut dem Communiqué soll dat esouguer „Zäitno“ méiglech sinn. Deemno solle Mammen no der Gebuert iwwer 12 Woche postnatale „Mutterschaftsurlaub“ erhalen, an zwar onofhängeg dovunner, op si d‘Kand stëllen oder net.

Als Gaaschtriedner bei der Sëtzung vum CGFP-Nationalvirstand, ass den Ausseminister Jean Asselborn opgetrueden. An sengem Virtrag, ass de Minister op déi gewalteg Erausfuerderungen agaangen, deenen déi international Gemeinschaft ausgesat ass. Als Schwéierpunkte bei sengen Ausféierungen, sinn d‘Folge vum Brexit an déi europäesch Migratiounspolitik genannt ginn.

Ähnlech Sujeten CGFP, Dan Kersch, Jean Asselborn, Revendicatiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel