Search

You may also like

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of
International Money Neiegkeeten

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz
International Money Neiegkeeten

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

E Sonndeg fannen d‘Wahle fir d‘Europaparlament statt. Op dësem Dag

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet
International Money Neiegkeeten

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe

money

US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet

US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet

Den US-Justizminister an eelef Bundesstaaten huelen der Sichmaschinn hir dominéierend „Plaz“ op de Leescht – et geet ëm de „Monopol“ deen d‘Entreprise sech geneemegt hätt an déi ganz Prozedur hätt och näischt mam Wahlkampf ze dinn, behaapt de republikanesche Justizminister William Barr. Dat ass zwar glat gelunn, mee et ass sécher richteg, datt Google sech och éischter schlecht behëlt.

Laut der Kloschrëft géif Google seng Konkurrente benodeelege. Dat esouwuel beim Inhalt vun de Sich-Resultater, wéi erwisenermoossen och bei der Reklamm. Alles Faiten déi weder nei nach vun den Experten an dëser Matière bestridde ginn. Datt esou ee Verfaren dann awer matten am lafende Wahlkampf lancéiert gëtt, schaaft natierlech der Spekulatioun ee gréissere Spillraum wéi néideg.

Google, eng „Filial“ vum Internetkonzern Alphabet, huet sech bis ewell net zu dëser Uklo wëllen äusseren. Hei schéngt een wuel net amuséiert ze sinn, mee esou kuerz virum 3. November hält een et fir judiciéis, net op dëse Rechtssträit anzegoen. Woubäi et wichteg ass ze betounen, datt déi der „Sichmaschinn“ getätegt Virwërf gläichermoosse vun de Republikaner an den Demokrate kommen.

Et muss och dierfen drop higewise ginn, datt schonn d‘EU-Kommissioun 2019 eng Geldstrof a Milliardenhéicht géint Google verhaangen hat. Hei gëllt et als erwisen, datt den Internetkonzern d‘Konkurrenz „ausgeschalt“ huet. Géif Google och an den USA veruerteelt, misst ee bedaueren, datt, déi Lëtzebuerger Regierung Geschäfter mat Kriminelle bedreift, wat elo net fir d‘éischt wier.

Ob datt allerdéngs och géif erklären, firwat d‘Ofsprooche mat Google, esou de gewielte Vetrieder an der Chamber virenthale ginn – se si streng geheim – a firwat den Bauterrain enger Societéit verkaf ginn ass, déi just a Form vun engem Numm op enger Bréifkëscht Bestand huet, wier dann awer eng wierklech gewoten Thees. Eis Regierung ass an esou Dossiere jo grondsätzlech éierlech.

mat indymedia/sfo

Den Text vun der Ukloschrëft (englesch)

Illustratioun: © Kai Wenzel / unsplash

Related topics Alphabet, DOJ, Google, Kartellverfaren, Monopolstellung, onlautere Wettbewerb
Next post Previous post