Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis
Auto Neiegkeeten Sport

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis

Bei engem Uschlag op déi amerikanesch Ambassade zu Tunis (Tunesien)

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock
Auto Neiegkeeten Sport

Indian Summer: Dead Sinners Live am Little Woodstock

No engem optrëtträiche Summer eng erfollegräicher EP, an enger gutt

dislike
Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!
Auto Neiegkeeten Sport

Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!

Wéi déi lénk et richteg festgestallt huet, sinn den 1.

Karting 2020: Enttäuschung säitens dem Maxime Furon-Castelain

Karting 2020: Enttäuschung säitens dem Maxime Furon-Castelain

Bei der zweeter Kompetitioun vun der Trophée Académie FIA Karting 2020 zu Genk (Belsch) war de Wuerm dran. Wärend sech den 13 Joer jonke Maxime Furon-Castelain bei der éischter Kompetitioun eng exzellent zweet Plaz erzile konnt, ass hien dës Kéier leider duerch technesch Problemer, d’Ofkomme vun der Streck an Strofsekonnen op déi 18. Plaz gefall.

D’International Automobil-Federatioun (FIA) regruppéiert déi bescht Piloten aus der ganzer Welt tëscht 12 a 14 Joer. Heizou gehéiert och de Lëtzebuerger Maxime Furon-Castelain, deen zu Adria (Italien) säi ganzt Talent ënnert Beweis gestallt huet. Ganzer zwee Mol konnt en déi drëtt-bescht Zäit a souguer ee Mol déi absolut bescht Zäit um Plateau fueren a koum sou op den zweeten Träppche vum Podium.

Bei der Qualifikatioun konnt hie schliisslech als 8te vu 26 Participanten erausstiechen.

D’Gléck war net op senger Säit

Eigentlech hat et gutt ugefaangen zu Genk. Den éischte Laf mat 8 Tier huet de Maxime als Fënneften ofgeschloss. Duerch en technesche Problem bei der zweeter Manche konnt hien seng Tier allerdéngs net fäerdeg maachen an ass op déi lescht Plaz gefall.

No enger Kontroll an dem Changement vun elektreschem Deel konnt hie bei leschter Manche déi stolz 3. Positioun kréien.

Fir d’Final stoungen 19 Tier bevir. Trotz senger 14. Positioun huet de Maxime ee gudde Start higeluecht a konnt sech schonn no 10 Tier op déi 6. Plaz eropschaffen. Duerch eng Sortie a haute Vitesse, provozéiert duerch en anere Pilot, ass hien allerdéngs nees op déi 19. Plaz gefall.

Mat vill Méi an Enthusiasmus hätt hien déi 16. Plaz erzilt, krut awer 5 Strofsekonnen ugerechent, wat de Lëtzebuerger Pilot ganzer 2 Plaze kascht huet. D’Final huet schliisslech den Amerikaner Connor Zilisch gewonnen.

Bei der finaler Kompetitioun, déi vum 2. bis 4. Oktober zu Lonato (Italien) gefuer gëtt, kritt de Maxime nach eng lescht Méiglechkeet op de Podium ze klammen. Mir drécken d’Daumen!

Opmaacherfoto: © Sportinphotos – Umberto Fraenkel

Ähnlech Sujeten Adria, Belsch, Connor Zilisch, Course, Enttäuschung, Genk, Italien, Lonato, Manche, Maxime Furon-Castelain, Podium, Potential, Talent, Trophée Académie FIA Karting 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel