Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Auto Neiegkeeten dating namibia swakopmund

https://moien.lu/ano-ang-dating-pangalan-ng-malabon/

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess
Auto Neiegkeeten dating namibia swakopmund

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

Véier jonk Entrepreneren hu gemeinsam mat enger Rëtsch Sponsoren en

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt
Auto Neiegkeeten dating namibia swakopmund

Munneref: De Steve Reckel als neie Buergermeeschter vereedegt

E Freideg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) dem neie Buergermeeschter

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium

An der Finale vun de IAME-Series huet d‘Lëtzebuergerin sech zu Varennes-sur-Allier behaapt

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium

Et war nees ee vun deene „wichtegen“ Datumer am Rennkalenner vum Zoe Knebler, enger jonker Damm déi iwwert de Karting versicht sech eng Plaz bei deene „Groussen“ ze maachen. Motivéiert ass d‘Pilotin vu Weis Racing bis an d‘Hoerspëtzen an et huet och Uspréch geltend gemaach.

Während am Training alles zimlech no Programm gelaf ass an et och vun technescher Säit hir kaum eppes ze soe gëtt, ass et an der Qualifikatioun nees net ganz esou ronn gelaf. Et war fir d‘Zoe awer och emol fir d‘Streck kennenzeléieren. Et war eng éischt Erfahrung zu Varennes-sur-Allier an datt eis Pilotin an der Prefinale „nëmmen“ op Startplaz 12 virfuere konnt, kee schlecht Virzeechen.

An dëser Manche huet d‘Zoe Knebler sech op déi fënneft Plaz virgekämpft, wat dann och nees vill Hoffnunge vir d‘Finale erwächt huet. Et dierf awer weder den Talent nach d‘Determinatioun vun de franséischen Dammen ënnerschätzen, woubäi och nach aner Natioune méi wéi nëmmen e Wiertche matgeschwat hunn. Et war béiss eng Lass bei dësem Ladies Cup an der Finale vun de IAME-Series.

Éischtens kënnt et anescht…

D‘Pole-Positioun hat sech d‘Caroline Candas (Tony Cart) gekroopt an et huet och déi zwou éischt Manche fir sech entscheet. An der drëtter Manche hat et eppes pech an d‘Tania Cirelli (Exprit) huet sech duerchgesat an mat deene Punkten och d‘Pole Positioun fir d‘Prefinale geséchert. Bis dohinner war vum Zoer wéineg ze gesinn, wat duerchaus zu senge Gonschte konnt ausgeluecht ginn.

An der Prefinale huet sech d‘Britin Alicia Barett op emol gewisen an d‘Konkurrentinnen op d‘Plaz gesat. D‘Zoe hat sech bal onbemierkt no vir duerchdrécke kënnen an konnt sech esou – vun der Konkurrenz bal onbemierkt – eng gutt Startplaz an fir d‘Finale erkämpfen. An dat war gutt esou.

Et sollt dann och eng Spannend Finale ginn. Déi 14 Ronne ware kee Kannergebuertsdag an déi favoriséiert Pilotinnen: Alicia Barrett (GB), Luna Cleret (F) an Tania Cirelli (F) hunn sech keen, awer och keen eenzegen ament geschount. Den Trio ass zu honnert Prozent um Limitt gefuer an hannendrun hu se uecht gedoen an op Feeler gelauert. Et war spannend bis déi lescht Sekonn…

…zweetens wéi ee mengt

Den Trio war net gewëllt dem Peloton eng Chance ze loossen an vun hinne sollt d‘Britin Alicia Barrett um Enn déi besser Nerven hunn. Si setzt sech géintiwwer dem Luna Cleret an dem Tania Cirelli iwwerzeegend a verdéngt duerch. D‘Zoe Knebler konnt sech bis dohinner mat der 4. Plaz eigentlech zefridde ginn. Et war en éischt Kenneléieren an eng Plaz ënnert den Top 5 ass ganz gutt.

Mee am Karting gëtt och no der Course nach emol nogekuckt ob sech och jidderee Regelkonform beholl huet. An der technescher Kontroll ass eng Onregelméissegkeet um Spoiler vum Tania Cirelli festgestallt ginn, wat derzou gefouert huet, datt d‘Madamm op Rang 12 zeréckgeschrauft ginn ass.

Dat huet natierlech am Lëtzebuerger Rennstall fir eppes Opreegung an nach vill méi Freed gesuergt, well ganz onerwaart hat d‘Zoe Knebler eng Plaz um Podium sécher. An et soll elo kee kommen a mengen déi wier onverdéngt. De ganze Weekend iwwer huet eis „rout Léiwin“ dat als „Underdog“ zu Varennes-sur-Allier un de Start gaangen ass, sech gutt a mat vill Seriö der Konkurrenz gestallt.

Op dësem gewëssermoosse ganz „internationale Podium“ huet also de Lëtzebuerger Fändel sech nieft den Union Jack an dee vun der Grande Natioun gewisen. E gudde Grond déck Houfreg ze sinn. Mir hoffen zesumme mam ganzen Team dat hannert dem Zoe steet, op eng Widderhuelung.

Foto: © Pascal Knebler/S.Pleimelding

Ähnlech Sujeten IAME-Series, Karting, Podium, Varennes-sur-Allier, Zoé Knebler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel