Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
Angry Crazy Love Sport

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

laughing
Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
Angry Crazy Love Sport

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
Angry Crazy Love Sport

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

angrytonguelove

Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche

Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche

Den éischte „Sprint-Meeting“ vun der FFSA um Circuit vu Lavilledieu, un deem och zwee Lëtzebuerger Espoire bei dem Damen um franséische Championnat deel geholl hunn, war duerch onerwaarte Wiederchangementer „gestéiert“ ginn.

War et um Freideg a Samschdeg nach beschte Fréijoerswieder, esou hat sech um Sonndeg de Wanter kuerzfristeg zréckgemellt. Dat huet sech dann och entspriechend op d‘Finalen ausgewierkt. Dobäi huet et fir eis lëtzebuergesch Pilotinne guer net emol schlecht ausgesinn.

Beim Team „Weis Kart Racing“ war e séier mat den Astellungen um Kart vum Zoe Knebler zefridden, an déi jonk Fra huet dann och direkt Uschloss un d‘Spëtzt fonnt. Beim Lynn Even, datt hei seng éischt „grouss“ Course gefuer ass, huet et wuel nach eppes un Erfarung gefeelt, mee och dës jonk Pilotin huet sech kontinuéierlech verbessert.

An der Qualifikatioun um Samschdeg hat et d‘Zoe Knebler net dat verdéngte Gléck, an huet sech misse mat der 7. Startplaz zefridde ginn. Bei de Coursse vum Nomëtteg konnt sech d‘Zoe no der éischter Manche op der drëtter Plaz behaapten. Leider war déi zweet Manche duerch en „Accrochage“ versaut ginn, wouduerch d‘Piloten op der 18. Plaz iwwert d‘Arrivée gefuer ass.

Vun der 8. Startplaz bal op de Podium

Bei der éischter Course um Sonndeg, am Schloreen, huet sech d‘Zoe Knebler direkt duerchgesat an vum Depart aus zwou Plaze gutt maachen. Vu Ronn zu Ronn ass d‘Knetzel ëmmer méi Séier ginn, an huet sech esou eng verdéngten 3. Plaz geséchert.

An der Final, wou d‘Zoe da vun der drëtter Startpositioun lassgefuer ass, huet et sech mat der Schwäizerin (Lena Buhler) iwwer vill Ronnen e faire Kampf geliwwert. Déi Schwäizerin, déi am Verlaf vun der Course ëmmer méi lues ginn ass, huet et verstanen d‘Lächer zouzemaachen. Keng gutt Situatioun fir d‘Zoe, well esou konnt d‘Mëttelfeld nees opschléissen.

Karting

De Mike Weis, Teamchef vun “Weis Kart Racing” schrueft hei um Zoe sengem Kart. Alles an der Rei, just “fine tuning” (c) Pascal Knebler

Déi Pilotinnen hätten dann och de Speed vum Zoe net kënne matfueren, woubäi awer kloer muss sinn, datt eis Pilotin hätt misse laanscht seng Schwäizer Konkurrentin kommen. Esou ass et komm wéi et huet misse kommen. Déi franséisch Pilotin Doriane Pin, ass dem Zoe an der drëttleschter Ronn an d‘hënnescht Rad gefuer, wouduerch et sech gedréint huet. An der selwechter Ronn, huet déi franséisch Pilotin, dann och d’Lena Buhler op déi gläich, an net grad fair Aart a Weis vun der Streck geholl.

Fairplay gesäit anescht aus

Domatter huet sech d‘Doriane Pin dann och déi drëtt Plaz geholl, a sollt se och iwwert d‘Arrivée bréngen. Traureg bei dësem Virfall ass dann awer de Constat, datt kee vun de Kommissären op der Pist, eppes vun dësem „onfaire“ Verhale wëlle matkritt hunn. An et war dann och wierklech keen „incident de course“, d‘Zoe ass de Facto „ofgeschoss“ ginn.

A well sech och keen – weder bei der Direktioun vun der Course, nach bei der FFSA – bereet erkläert huet zum Virfall Stellung ze huelen, kann een nëmme spekuléieren. Bis zur drëttleschter Ronn wieren zwou auslännesch Pilotinnen op de Podium komm, wat sech elo am franséische Championnat net esou Medienträchteg benotze léisst.

Gewonnen, an dat verdéngt, huet dann awer déi franséisch Pilotin Léonie Claude, datt seng stäerkste franséisch Konkurrenz am entscheedende Rennen hannert sech gelooss huet. Déi jonk Pilotinne Lola Lovinfosse an Doriane Pin, hunn de Podium vervollstännegt.

Als Fazit muss een zréckbehalen, datt d‘Zoe Knebler fir dës Saison gutt opgestallt ass, an sech esou liicht net méi wäert „aus der Bunn“ geheie loossen. Beim Lynn Even, datt hei seng éischt „richteg“ Erfarunge sammele konnt, an op enger bemierkenswäerter 15 Plaz ukomm ass, dierf een och zouversiichtlech an d‘Zukunft kucken.

Fotoen: © Pascal Knebler

Ähnlech Sujeten FFSA, Karting, Lavilledieu, Lynn Even, Weis Kart Racing, Zoé Knebler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    2

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    3

  • WTF

    0

  • Crazy

    2

  • Love

    1