Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

A Poil
fortnite custom matchmaking keys 2018

A Poil

Hoer. Mir hunn der um Kapp an um Kierper, an

fortnite custom matchmaking keys 2018

early dating scan heartbeat

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?
fortnite custom matchmaking keys 2018

Wéi gutt kenns du Wäisswampech?

Dës Kéier geet et wäit bis an den Norde vum

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass. Dat hat e gudden an erfreeleche Grond: de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Stad Lëtzebuerg hu ganz offiziell de Chantier vun der Valorisatioun fir d‘Péitruss-Kasematten agelaut.

Et war also grousse Kino an dat zu Recht. D‘Kasematte vum Bock an der Péitruss sinn eng vun den Haaptattraktiounen an eisem Land. Zanter 1933 sinn se dem Public zougänglech an zanter 1977 ginn dës touristesch Site vum LCTO betreit. D‘Kasematten sinn 1994 op d‘Lescht vum Welt-Patrimoine vun der UNESCO komm.

Fir den Ufank vun den Aarbechte mat engem Symboleschen Akt ze feieren, ass déi eenzeg wierklech original Kanoun – Joergang 1834 vun de Preisen – aus de Kasematten „entfouert“ ginn. Also d‘Pompjee vun der Stad hunn se erausgeholl, an d‘Arméi huet se iwwerholl a bréngt se a gutt Hänn fir dat se ka restauréiert ginn.

D‘Pompjeeën hunn d‘Kanoun erausgeholl, drop oppassen dierf d‘Arméi © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi „Operatioun“ war dann allerdéngs eng fantastesch Geleeënheet fir all Bedeelegt e bëssen ze feieren. De Marc Angel als President vum LCTO-Verwaltungsrot huet dann och awer wierklech jidderengem deen um Projet iergendwéi bedeelegt ass Merci gesot. Datt ass net nëmme gutt mee och richteg esou.

Fir d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass d‘Kanoun e Symbol dat eis dru soll erënneren, datt een Zukunft nëmme ka gestalte wann een de Passé kennt. Als Stad wier et dann och selbstverständlech gewiescht, sech dësem Projet, scho wéinst der „Plus-Value“ unzeschléissen. Hei ass dann och drop higewise ginn, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech d‘Käschte vun den Aarbechte mam Tourismusministère zu 75/25 deelt.

Vill Gäscht ware komm fir uecht ze dinn, datt et dem gudde Stéck och un näischt feelt © Martine de Lagardère/moien.lu

Ganz interessant war eng bal bäileefeg Remark vum Lydie Polfer: De Gedanke vum Lift, deen d‘Place de la Constitution mam Péitrussdall kéint verbannen, ass allem Uschäin no nach ëmmer aktuell. Bis et awer esouwäit ass, erlaabt eis drop hinzeweisen, datt während den Aarbechten nëmmen d‘Kasematte vun der Péitruss zou sinn. D‘Kasematte vum Bock sinn op, an alles wat een heizou wësse muss fënnt ee bequem op www.lcto.lu

Foto: Eng Feierlechkeet ouni Kuch, ass wéi Béier ouni Schaum. D‘Gäscht an och d‘Press huet de schéine Kuch mat Freed a Genoss „verschafft“. Opgeschnidden huet deen awer d‘Buergermeeschtesch, ënnert de frëndlecher Opsiicht vum LCTO-Verwaltungsrotpresident Marc Angel. © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Kasematten, LCTO, Lydie Polfer, Marc Angel, Péitruss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel