Search

You may also like

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“
International Neiegkeeten

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Et war nawell en zimlech genervte SNPGL-President, deen op der

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
International Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019
International Neiegkeeten

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019

Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)

Chaos a Verhaftungen hunn ee politesch brisant Uerteel an der oftrënneger spuenescher Provënz begleet

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)

Um Méindegmueren hat den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid géint néng vun zwielef katalanesch Separatisten en Uerteel gesprach. Prisongsstrofen tëscht 9 an 13 Joer si verhaange ginn, well déi beschëllegt den 1. Oktober 2017 en „illegalen Onofhängegkeetsreferendum“ organiséiert hunn, aus deem d‘Regionalregierung dann d‘Onofhängegkeetserklärung ofgeleet haten.

Haaptugeklote war de Oriol Junqueras, deen zesumme mat deene meeschten Ugekloten elo och schonn 2 Joer an Untersuchungshaft sëtzt. Nieft dem Fait e verbuedene Referendum organiséiert ze hunn, ass den Ugekloten och nach Rebellioun a Verontreiung vun ëffentlechem Geld virgeworf ginn. 3 Separatisten si wéinst „Ongehorsam“ vum Geriicht „bestrooft“ ginn.

SeparatistenMéiglech – a vum Procureur gefuerdert – waren 30 Joer feste Prisong, mee an dësem politiséierte Fall huet d‘Geriicht et virgezunn, dem Requisitoire vun der Staatsanwaltschaft net nozekommen. Déi veruerteelt dierfen dann och fir d‘Dauer vun hirer Strof – déi soll amenagéiert ginn – net d‘Recht sech fir e politescht Mandat opzestellen oder eent auszefëllen.

De fréiere Regionalpresident Carles Puidgemont, deen am Hiecht 2017 mat aneren an de belschen Exil gaangen ass, stoung net viru Geriicht, war awer ugeklot. Esou huet d‘Geriicht dann och nees en internationalen Haftbefehl géint de Politiker ausgestallt. Deen huet d‘Uerteel entspriechend kritesch kommentéiert an als „Barbarei“ bezeechent. Et ass e politescht Uerteel.

Katalounien am Ausnamezoustand

Déi ganz Aktioun hat d‘Gemidder am Land eppes erhëtzt. Si gëtt vu villen als eng vun de gréissten a wichtegsten „demokrateschen Aktiounen“, zanter dem Dout vum Diktator Franco, a Spuenien betruecht. Vum Geriicht goufen eng 600 „Zeien“ befrot, dorënner de fréiere Ministerpresident Mariano Rajoy, dee mat senger Politik de Referendum iwwerhaapt ausgeléist huet.

Hien a seng (erwisenermoossen) korrupt Parteikollegen haten de Katalane Rechter beschnidden an nom Referendum d‘Provënz ënner Momper gestallt. Hien a säi Partido Popular (PP) sinn entmuecht ginn, mee de Schued war ugeriicht a de „politesche Prozess“ net méi opzehalen. Den neie „Chef“ Pedro Sanchez (PSOE) hat net de politesche Courage, deem ganzen en Enn ze bereeden.

SeparatistenNom Uerteel ass et erwaardungsgeméiss zum Onmutt an Katalounien komm. Zu Gerona, der Héichbuerg vun de Separatisten, wéi och an der Provënzhaaptstad Barcelona, ass et zum Tumult an Opstand komm. Zu Barcelona gouf de Fluchhafe blockéiert an dosende Flich sinn ausgefall. D‘Leit un sech op Stroossen an am Metro versammelt. Stonnelaang ass keng gelaf…

Heibäi ass et „natierlech“ zur Ausenanersetzung mat der Police komm, déi eng 30 Demonstranten deraart „zaart“ ugepaakt huet, datt déi elo am Spidol sinn. Um Owend hunn sech nach emol dausende Katalanen um Parvis vun der Regionalregierung versammelt, wou si d‘Fräiloossung vun de „politesche Prisonéier“ an nees d‘Onofhängegkeet gefuerdert hunn.

No dësem Uerteel huet Spuenien e Problem

Zwee Joer nom Referendum ass elo den Oriol Junqueras, Vizepresident vun der Regionalregierung zu 13 Joer Prisong veruerteelt ginn. Elo gëtt et Stëmmen déi sech drop behaapten, datt hien a seng Komeroden dach gutt ewech komm wieren, si hätte bis zu 30 Joer kréie kënnen. Dat esou däämlech wéi politesch brisant, firwat et wichteg ass d‘Verhältnesméissegkeet ze berécksiichtegen.

Laang virum Geriichtsprozess haten zuelräich Juristen de Virworf vun der „Rebellioun“ verworf. An haut muss een sech d‘Fro stellen, ass dat alles verhältnesméisseg? Tëscht 9 an 13 Joer feste Prisong vir en „illegale“ Referendum? Fir eng Onofhängegkeetserklärung déi direkt suspendéiert gouf an eng Maniff déi aus dem Rudder gelaf ass? De Franco hätt seng Freed…

SeparatistenGutt, et war gewosst, datt et net zu engem Fräisproch komme géif, dat ass net Sënn an Zweck vun engem politesche Prozess. Do geet et drëms „all déi aner“ am Land ze iwwerzeege vun esou Kapriolen d‘Fanger ze loossen. Och déi „haart“ Uerteeler waren erwaart ginn an sinn elo Fakt. Mee war de Prozess iwwerhaapt néideg an hätt een dee verhënnere missen?

Dat kann ee fréistens da beäntwerten, wann d‘Juristen (a mir och) dat 500 Säiten ëmfaassend Uerteel gelies hunn. Mee d‘Fro selwer ass rekurrent, well et de roude Fuedem am ganze spuenesch-katalanesche Konflikt ass. Eng Analys, och duerch déi politesch erzwonge Subjektivitéit, net déi einfachst, mee eng wichteg Aufgab, well mat dësem Uerteel huet Spuenien a Problem.

E Politikum un d‘Justiz weidergereecht

Datt et tëscht der Zentralregierung zu Madrid an de Katalanen ëmmer nees zum Sträit komm ass, huet och ganz vill domatter ze dinn, datt d‘Regierung sech ëmmer engem demokratesche Prozess verweigert huet. De konservative Mariano Rajoy a seng kriminell Parteikollegen hunn de katalanesche Problem ëmmer a virun allem konsequent un d‘Riichter delegéiert.

Hei huet de Mann, deen haut nach vun der EPP gefeiert a gelueft gëtt, sech bewosst a provokant all Dialog verweigert. Jo den eigentleche Problem ass ausgeblend ginn, Ausweeër bewosst, Léisunge wëssentlech verhënnert ginn. Mee et brauch der op mannst zwee fir et zum Sträit kommen ze loossen, an och bei de Separatisten ass net alles esou wéi si dat duerstellen.

SeparatistenRichteg ass, d‘Bewegung war ëmmer friddlech, mee datt déi konservativ zu Madrid och gewëss nëtzlech Idiote waren (an haut nach sinn) dierf een net ënnerschloen. Si hunn d‘Mobiliséierung iwwerhaapt méiglech gemaach. Si wollten sech als „d‘Patronen“ opspillen, hunn d‘Separatisten als Gangster duergestallt a ware selwer wäitaus méi kriminell aktiv.

D‘Separatisten hirersäits hunn och gelunn, wéi si de Katalanen en „einfache Wee an d‘Fräiheet“ virgehalen hunn. Déi ambitiéis „Onofhängegkeet“ ass net komm, déi kriminell Regierung gëtt et (den Ament zumindest) net méi… Et huet kee Gewënner ginn, an erauskomm ass hei, datt Riichter entscheet hunn, firwat elo de politesche Prozess a Fro gestallt ass.

mat indymedia/bcn/mad

Related topics Carles Puidgemont, Geriichtsuerteel, Katalounien, Mariano Rajoy, Oriol Junqueras, Pedro Sanchez, Separatisten
Next post Previous post