Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verkéiersaccidenter a scheinbar inexistentem Mënscheverstand
International Neiegkeeten

Verkéiersaccidenter a scheinbar inexistentem Mënscheverstand

D’Kombinatioun aus guddem Wieder a méi lockere Moossnamen zur Andämmung

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!
International Neiegkeeten

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft
International Neiegkeeten

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft

Nordkorea, dat Land an deem et offiziell nach ëmmer kee

Katalounien brennt

Schlëmmste Bëschbrand a Spuenien zanter 20 Joer

Katalounien brennt

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn d‘Flame schonn eng 4.000 Ha Bësch vernicht an d‘Autoritéite fäerten, datt wann d‘Feier net séier ënner Kontroll bruecht ka ginn, et bis 20.000 Ha kéinte ginn. D‘Feier soll duerch en explodéierende Mëschtekoup ausgeléist gi sinn.

Et ass eng dënn besidelt Géigend an den nächste Strand mindestens eng Autostonn ewech. A fir d‘Pompjeeën ass den Asaz net einfach. D‘Weeër déi et gëtt si kaum zougänglech, d‘Konditiounen extrem an et muss mat opfrëschendem Wand gerechent ginn. Déi héich Temperature favoriséieren d‘Brandentwécklung. De Pompjeeskommandant, David Borell, ass entspriechend besuergt.

Katalounien

Op der Plaz sinn eppes iwwer 300 Pompjeeën am Asaz an den Inneminister Miquel Buch war bei hinnen, fir sech e Bild vun der Lag ze maachen. Laut dem Miquel Buch, ass dëst dee schlëmmste Bëschbrand zanter 20 Joer. D‘Rettungsdéngschter maachen hiert Bescht. Fir den Ament gëtt sech op déi riets Flank vum Feier konzentréiert an och d‘Läschfliger géifen intensiv géint d‘Flame kämpfen.

Als Ausléiser vum Feier gëtt e Mëschtekoup genannt, deen op engem Bauerenhaff vun der Sonn deraart opgehëtzt soll gi sinn, datt dëse reegelrecht „explodéiert“ ass. Mënsche ware bis ewell net a Gefor. Eng 30 Persoune sinn awer evakuéiert an e sëlleche Stroossen gespaart ginn. Wéinst der Hëtztwell ass ze befierchten datt et och nach op aner Plazen zu Bëschbränn komme wäert.

Katalounien

mat indymedia/bcn

Foto: © Bombers Generalitat de Catalunya

Ähnlech Sujeten Bëschbrand, Bombers Generalitat de Catalunya, Hëtztwell, Katalounien, Miquel Buch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel