Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
International Neiegkeeten

edinburgh uni speed dating

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

https://moien.lu/dating-gibson-pickups/
International Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel
International Neiegkeeten

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel

Unreakable Kimmy Schmidt huet am Ufank vun Netflix senger Offensiv,

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen ze verhënneren, huet de Wonschkandidat vun de Katalanen, Carles Puidgemont, gëschter zu Berlin an engem minuttelaange Statement, den Deputéierte Quim Torra als Regionalpresident fir Katalounien virgeschloen. Domatter mécht hien de Wee fir eng Regierungsbildung fräi.

Et ass mat engem Video-Statement vu 10 Minutten, an deem de Politiker, dee vun den Autoritéite wéinst Rebellioun a Geldverontreiung per Haftbefehl gesicht gëtt, d‘Nouvelle an d‘Welt gedroen huet. Hien huet wéi gewinnt net mat Kritik um spuenesche Staat gespuert. Dee wier autoritär an Intolerant, well dësen d‘Kandidate fir d‘Amt vum Regionalpresident zeréckgewisen huet.

Heibäi mengt de Carles Puidgemont an éischter Linn sech selwer. Um Mëttwoch hat dat spuenescht Verfassungsgeriicht e regionaalt katalanescht Gesetz gestoppt, dat eng Wal vum Carles Puidgemont per Videokonferenz erméiglecht hätt. De Wee zréck un d‘Spëtzt vun der Regionalregierung, ass him esou endgülteg verspaart ginn.

E wierdegen Nofolger

De Carles Puidgemont gesäit an, datt d‘Schluecht mat der Zentralregierung zu Madrid verluer ass. An der Konsequenz huet hie mat senger Fraktioun dann elo e neie Kandidat virgeschloen. „Ons Fraktioun schléit den Deputéierte Quim Torra als Presidentschaftskandidat vir. Hien ass an der Lag direkt eng Regierung ze forméieren. Ech soen him ënnert dësen Ëmstänn Merci“.

Säi „Remplaçant“ de Quim Torra ass Affekot an Schrëftsteller. Hien huet eng ganz Rei Bicher zu Katalounien geschriwwen, an stoung un der Spëtzt vun „Òmnium Cultural“, eng Organisatioun déi et sech zur Aufgab gemaach huet, déi katalanesch Sprooch ze verdeedegen an ze fërderen. Den Torra huet via Twitter matgedeelt, datt hie seng nei Aufgab mat Verantwortung iwwerhuele wëll.

Datt de Quim Torra fir d‘Katalanen de richtege President ass, bestätegen och déi regierungstrei Parteie vu Katalounien. Si kritiséieren de Choix, well den Torra genau esou géif denke wéi de Puidgemont. Si hätten sech vu Madrid gewënscht, méi Drock op d‘Separatisten auszeüben, an e Kandidat ze erzwéngen, den unerkannt hätt, datt den Onofhängegkeetsprozess gescheitert ass.

Et gëtt héich Zäit

Mat der Annonce vum Carles Puidgemont aus sengem Berliner Exil, muss elo de katalanesche Parlamentspresident den Termin festleeën, fir datt de Quim Torra gewielt ka ginn. Dat muss bis spéitstens nächste Mëttwoch iwwert d‘Bühn lafen, well wa Katalounien bis zum 22. Mee keng nei Regierung virweise kann, da muss et Neiwahle ginn.

De spuenesche Ministerpresident, Mariano Rajoy, huet um Donneschdeg Gespréichsbereetschaft mat enger zukünfteger katalanescher Regierung ugedeit. En Dialog deen awer vu Madrid bestëmmt gëtt, an nëmmen am Kader vu bestoende Gesetzer stattfanne kann. Froen zu méigleche Referende fir eng Onofhängegkeet dierfen net emol „ugeschwat“ ginn.

Op dëser konservativer an nationalistescher Grondlag wëll de Mariano Rajoy de Dialog opbauen. Hie gesäit sech als Gewënner, well et senger Regierung gelonge wier, d‘Separatiste mat Hëllef vun der Justiz, politesch roueg ze stellen. Eng wierklech Léisung vum politesche Konflikt tëscht Madrid a Barcelona ass dat awer net. D‘Katalanen dierften dat der Zentralregierung nach däitlech maachen.

mat AFP

Foto: De „neie“ Mann un der Spëtzt vu Katalounien? De Quim Torra vun „Junts per Catalunya‘s“ (JxCat) ass vum Carles Puidgemont, via Video-Statement als President vun der katalanescher Regionalregierung virgeschloe ginn. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Quim Torra, Regionalregierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel