Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
dating rain check https://moien.lu/famous-person-dating-a-fan/

dating a female widower

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

https://moien.lu/just-friends-dating-service/
dating rain check https://moien.lu/famous-person-dating-a-fan/

Du sichs e méisproochegt Kannerbuch? Dëse Kiewerlek hëlleft der weider!

Et feelt um Lëtzebuerger Bichermaart net u Kannerbicher. Sief et

dislike
US-Politik: Wann der zwee unenee geroden
dating rain check https://moien.lu/famous-person-dating-a-fan/

US-Politik: Wann der zwee unenee geroden

Washington kënnt net zur Rou. Nodeems sech den Donald Trump

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Katalounien: den Artikel 155, erkläert

Déi spuenesch Regierung wëll mat aller Gewalt d‘Kontroll iwwert dat autonoomt Katalounien iwwerhuelen. An deem Sënn soll haut de Senat ofstëmmen, fir Madrid ze erlaben: d‘Regional Regierung ze entmuechten an ersetzen, d‘Police an d‘Medien ze dirigéieren.

An hei spillt den Artikel 155 vun der spuenescher Verfassung seng Roll. Wat seet den Text, wéi gesäit et mat der Ëmsetzung aus an gëtt et Prezedenzfäll?

Eng drastesch Mesure

Den Artikel 155 seet: „wann eng autonom Communautéit net d‘Obligatiounen, déi hir vun der Verfassung oder anere Gesetzer operluecht sinn respektéiert, oder esou agéiert datt et dem generellen Interessi vu Spuenien schued, da kann d‘Regierung déi néideg Mesuren unhuele fir se ze zwéngen déi genannten Obligatiounen ze anzehalen, oder de allgemengen Interêt ze schützen.

An dat ass eng delikat Ugeleeënheet, well Spuenien e besonnesch dezentraliséiert Land ass. Seng 17 Regiounen an „autonom Communautéiten“ hänken un der Muecht déi hinnen zougestane ginn ass, dat beispillsweis am Beräich vun der Gesondheet oder der Educatioun.

Fir Katalounien wier de Verloscht vun der Autonomie e grousse Réckschrëtt an léisst a ville Käpp d‘Erënnerung un d‘Zäit vun der Franco Diktatur (1939 – 1975) nees opliewen. D‘Regierung zu Madrid verdeedegt hir Positioun an erkläert, den Artikel 155 nëmme wëllen unzewenne fir Recht an Uerdnung wéi an der Verfassung bestëmmt, op sechs Méint festzeleeë fir der Bedreeung vun der Onofhängegkeet entgéint ze trieden.

D‘Mesure selwer awer schockéiert besonnesch op lokalem Niveau. Schonn 2010 hat d‘Justiz partiell e Statut annuléiert, dat Katalounien méi Muecht zougestanen huet. An hei läit dann och den Epizenter vun der Kris.

Wéi léist een den Artikel 155 aus?

De Regierungschef kann net eesäiteg den Artikel 155 ausléisen. Dofir muss fir unzefänken de President vun der betraffener Regioun opgefuerdert ginn sech nees der Verfassung ze ënnerstellen. Dat war hei den 11. Oktober geschitt.

Ass d‘Äntwert net zefriddestellend, da muss sech de Regierungschef un de Senat wennen, deen him dann d‘Erlaabnes ka ginn, d‘Autonomie partiell oder ganz auszesetzen. De Senat muss hei och d‘Mesure kennen a beuerteelen, déi de Regierungschef wëll uwenne fir d‘Regioun dozou ze bréngen nees sengen Obligatiounen nozekommen.

De Rajoy wëll déi katalanesch Regierung opléisen an d‘Regioun vu Madrid aus leeden. Zudeem sollen déi katalanesch Police an d‘ëffentlech Medien ënner Tutelle gestallt ginn. Och d‘Kontroll iwwert d‘Gesetzer déi am regionale Parlament gestëmmt ginn, wëll Madrid erhalen.

An et ass dann och den Ëmfang vun de Mesuren déi vu Madrid gefuerdert sinn, dee bei de Spezialiste vum Verfassungsrecht fir gréisser Diskussioune suergt. Do gëtt sech d‘Fro gestallt op et nach rechtens ass eng ganz Regionalregierung ofzesetzen. En Fro déi sech esou fir de Rajoy net stellt, am Senat huet dem Rajoy seng Partei d‘Majoritéit. Hie sollt haut also d‘Méiglechkeet kréien d‘Mesurë progressiv oder direkt ganz ëmzesetzen.

E Bléck op d‘Geschicht

Den Artikel 155 war bis haut nach ni ganz zur Uwennung komm. Mee Katalounien huet Erfarung mam Aussetze vu senger Autonomie. Den Diktator Francisco Franco hat hinnen (an och dem Baskeland) d‘Autonomie entzunn. De 6. Oktober 1934 hat de President vun der autonomer Regierung vu Katalounien, de Lluis Companys en katalanesche Staat am Kader vun enger federaler Republik Spuenien ausgeruff.

Mee déi zweet spuenesch Republik war net federal an d‘Äntwert vun der Regierung koum prompt. De Chef vun der Arméi a Katalounien, de Generol Domingo Batet, refuséiert sech der „Generalitat“ ënner ze uerdnen. No Consultatioune mat Madrid, huet de Generol de Krichszoustand ausgeruff.

Wéi et derzou komm ass, datt en Zaldot vun engem Member vun der Miliz erschoss gouf, ass ni wierklech opgekläert ginn. D‘Arméi huet jiddefalls mat Kanounen zréckgeschoss a bei den Ausenanersetzungen an der Nuecht sollen tëscht 45 an 80 Leit ëm d‘Liewe komm sinn. De 7. Oktober um 6 Auer moies, 10 Stonnen nom Ausruffe vum Staat, huet sech den Lluis Companys dem Generol Domingo Batet erginn.

De 14. Dezember 1934 huet e Gesetz d‘Autonomie vu Katalounien bis 1936 opgehuewen. Nom Biergerkrich vun 1936 bis 1939, hat war de Companys als Refugié am Frankräich. Hei ass hien 1940 vun der däitscher Besatzungsmuecht festgeholl an un de spueneschen Diktator ausgeliwwert ginn. Hie gouf de 15. Oktober zu Montjuic, der Festung op den Héichte vu Barcelona, erschoss. De Companys ass zanterhier en Held vun der Onofhängegkeet vu Katalounien.

mam Michaela Cancela-Kieffer/AFP

Foto: Bei enger Manif zu Barcelona sinn dausende Studente géint den Artikel 155 op d‘Strooss gaangen. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Artikel 155, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel