Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart
online dating is hard reddit Neiegkeeten

funny dating online quotes

Bei eise franséischen Nopere gëtt et dräi Niveauen zur Warnung

why traditional dating is better than online dating
online dating is hard reddit Neiegkeeten

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“

Eisen Ausseminister, Jean Asselborn (LSAP), war zu New York, wou

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht
online dating is hard reddit Neiegkeeten

Vun neie Waasserschutzzonen an der Bloalge-Pescht

Am Kontext vun enger sécherlech schwiereger Situatioun an eise Gewässer

Katalounien erkläert sech onofhängeg an erwächt ënner Tutelle

Katalounien erkläert sech onofhängeg an erwächt ënner Tutelle

Um Freideg hat sech Katalounien d’Onofhängegkeet ginn an säit haut de Moie steet d’Regioun ënner Tutelle. Gefeiert gouf déi kuerz „Fräiheet“ dann awer. Madrid sengersäits huet de Verfassungsartikel 155 ëmgesat an och Bréissel erkennt d’proklaméiert Onofhängegkeet net un.

Op der Sant Jaume Plaz zu Barcelona haten sech d’Katalane, déi hir Onofhängegkeet vu Spuenien erzwénge wëlle mat engem Freedefeier selwer gefeiert. Zu Madrid sinn Neiwahle fir den 21. Dezember festgeluecht ginn. Hei sollten um haidege Samschdeg dann och déi Spuenier manifestéieren, déi fir d’Verbleiwe vu Katalounien a Spuenien sinn.

Esou stinn sech dann elo awer zwou ganz ënnerschiddlech Fraktioune géinteniwwer. E Symbol fir eng Kris wéi se Spuenien säit dem Retour zur Demokratie am Joer 1977 nach net gesinn huet.

D’Proklamatioun

Um Freidegowend, nëmmen ee puer Stonnen no der Proklamatioun vun der Republik Katalounien als eegestännegen a souveräne Staat, huet d’Regierung zu Madrid ugefaangen e ganzt Arsenal un Mesuren ze ergräifen. Mesuren déi zanter Woche virbereet an ugekënnegt goufen.

Tutelle

D’Katalanen hunn um Freideg hir (kuerz) Onofhängegkeet gefeiert, nodeems d’Parlament d’Resolutioun zur Onofhängegkeet mat 70 vun 135 Stëmmen ugeholl hat. © Pau Barrena/AFP

No enger aussergewéinlecher Sëtzung vum Ministerrot, huet de Premierminister Mariano Rajoy erkläert, datt de separatistesche President Carles Puidgemont a seng Regierung ofgesat wieren. D’Parlament vu Katalounien ass dann och opgeléist ginn an zu Madrid sinn Neiwahle fir den 21. Dezember festgeluecht ginn.

Dem Rajoy seng riets Hand, d’Soraya Saenz de Santamaria wäert dann och haut d’Staatssekretäre convoquéieren. Déi mussen elo d’Funktioune vun der ofgesate katalanescher Regierung iwwerhuelen. Als weider Mesuren si virgesinn: d’Entloossung vum Direkter vun der regionaler Police an déi katalanesch Vertriedungen an der Welt sollen zougemaach ginn.

Onberechenbar Situatioun

D’Konsequenze vun dëser eesäiteger Onofhängegkeetserklärung an d’Momperschaft vu Madrid sinn onberechenbar. Zu Bréissel ass een dann och besuergt. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech och nach um Freideg zur Situatioun geäussert an ënnerstrach, datt „d’EU brauch keng weider Rëss“.

Vu Washington bis Ottawa, vu London bis Paräis, vill Regierungen hunn elo och scho kloer gemaach, datt si d’Eenheet vu Spuenien géifen ënnerstëtzen. Déi ganz Welt stellt sech also géint d’Katalane? Net wierklech, déi Autonom vu Korsika stellen sech op d’Säit vu Katalounien.

Zu Bréissel huet den EU-Rotspresident Donald Tusk Madrid opgeruff „d’Kraaft vum Argument dem Argument vun der Kraaft“ virzezéien. Dat mam Hannergrond vun der Gefor, datt Katalounien an eng Spiral vun Ausenanersetzunge geréit.

Fir den Zesummenhalt

„D’Regierung huet dës Mesure geholl, fir eng onzoulässeg Geiselnam duerch d’Majoritéit vun de Katalanen an den Déifstall vun engem Deel vu Spuenien ze verhënneren“, esou de Plaidoyer vum Mariano Rajoy.

D’Ukënnegung vun der Momperschaft ass dann um Freideg vu grousse Manifestatiounen uechter vill katalanesch Stied begleet ginn. Zu dausende waren d’Separatisten op d’Strooss gaange fir hir nei an zerbriechlech onofhängeg Republik ze feieren. Dat op engem Territoire esou grouss wéi d’Belsch a wou 16% vun de Spuenier liewen.

Et war dann och déi kleng lénksextrem CUP déi resolut zu enger direkter Proklamatioun vun der Onofhängegkeet gedrängt huet. An engen Tweet betount d’CUP: „Mir wäerte weidermaachen an un engem Opbau vun der Republik Schaffen! Mir wäerten eis net dem Autoritarismus vum Rajoy oder dem Artikel 155 ënnerwerfen“.

Begrenzt Optiounen

Vu senger Funktiounen entbonnen, huet sech de katalanesche President Carles Puidgemont nach net zu Wuert gemellt. De Parquet zu Madrid hat schonn ugekënnegt, datt déi nächst Woch eng Prozedur géint de Carles Puidgemont wéinst Rebellioun ageleet gëtt. Dee riskéiert esou eng laangjäreg Prisongsstrof.

Tutelle

Iwwer der „Generalitat“, dem Sëtz vun der katalanescher Regierung, de spueneschen a katalanesche Fändel. © Pau Barrena/AFP

Déi lénk Buergermeeschtesch vu Barcelona, Ada Colau, huet d’Veronsécherung vu senge Matbierger zum Ausdrock bruecht. An engem battere Message huet d’Ada Colau eng Onofhängegkeetserklärung zréckgewisen „déi net den Zousproch vun enger Majoritéit vun de Katalanen huet“.

Si huet allerdéngs och déi Konservativ vu Madrid beschëllegt „onfäeg ze sinn ze lauschteren a vir all d’Bierger ze regéieren“. Beschëllegt huet si och d’Separatisten zu Barcelona, fir mat enger „suizidärer Vitesse d’Flucht no vir“ ergraff ze hunn.

De politesche Réckbléck

Bei de leschte Regionalwahlen 2015, haten déi pro Onofhängegkeet-Formatiounen (vun der extrem lénker bis Mëtt riets) nëmme 47,8% vun de Suffragen, mee eng Majoritéit vun de Sëtzer am katalanesche Parlament erhalen.

D’Resolutioun zur Onofhängegkeetserklärung war am katalanesche Parlament mat 70 vun 135 Stëmmen ugeholl ginn. Allerdéngs het de gréissten Deel vun der Oppositioun zu deem Ament schonn de Sall verlooss.

Et muss dann awer drun erënnert ginn, datt de Begier fir d’Onofhängegkeet groussen Zousproch kritt huet, well de Mariano Rajoy beim Verfassungsgeriicht 2010 d’Beschneidung vun de Rechter vun der autonomer Regioun duerchgesat krut. De bestoende Statut, deen der Regioun méi Muecht zougesprach hat, war domatter vum Dësch.

mam Marie Giffard an dem Laurence Boutreux/AFP

Foto: Virum katalanesche Parlament hunn d’Leit op d’Onofhängegkeetserklärung gewaart, während zur gläicher Zäit zu Madrid iwwert Tutelle entscheet ginn ass. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Madrid, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel