Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COP25: UN-Weltklimakonferenz geet an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

COP25: UN-Weltklimakonferenz geet an d‘Verlängerung

Eigentlech sollt bei der UN-Weltklimakonferenz (COP25) de Paräisser Accord vun

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister
International Neiegkeeten

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister

De „rietse“ Flillek vun der däitscher Regierungskoalitioun wëll der Bundeskanzlerin

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch
International Neiegkeeten

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik

Madrid ass erstaunt, Bréissel hält sech nach eraus an zu Barcelona schloen se sech d‘Käpp an

Katalounien: heftegt Geklapps op de Stroossen a Generalstreik

De Protest géint dat „politescht“ Uerteel vum ieweschte Geriichtshaff zu Madrid, mat deem néng katalanesch Separatisten zu heftege Prisongsstrofe veruerteelt goufen, hält sech. Jiddereen dee vum Ministerpresident opfuerdert gouf sech géint d‘Gewalt auszeschwätzen huet dat gemaach, mee et gëtt sech trotzdeem nach ëmmer zolidd op d‘Schnëss geschloen. An haut dann de Generalstreik.

Gëschter ass et an den Owesstonnen zu Barcelona op en Neits zum „Opstand“ komm. Dëscher a Still vun de Bistroen a Restauranten, Dreckskëschten a soss „urban Miwwelen“ sinn a Flamen opgaangen, vereenzelt hunn sech Demonstranten a Polizisten op d‘Schnëss geschloen. Et heescht, d‘Separatisten hätte mat Steng a Knupperten op d‘Police geworf, an déi hätt sech just gewiert.

Demonstratioune gouf et och an der Separatistenhéichbuerg Gerona an zu Lleida. Zu Dausende waren se nees op de Stroossen, an dës Kéier huet sech d‘Police och missen tëscht d‘Katalanen déi fir hir Onofhängegkeet demonstréieren an d‘Neofaschisten (déi sech d‘Spuenien vum Generol Franco zréck wënschen) misse stellen. Ënnert de lescht genannte gëtt dann och et kaum Katalanen.

Et war dann och schonn déi véiert Nuecht a Folleg, datt sech a Katalounien op d‘Schnëss geschloe gouf an alles wat dem Sozialist Pedro Sanchez – zum selwer verschëlte Problem – afält: „Dat muss direkt ophalen!“. Dat dierft ee fromme Wonsch bleiwen, zumindest esoulaang wéi déi als politesch Prisonéier festgehale politesch Leader net fräigelooss ginn. An dat ass aktuell net virstellbar.

GeneralstreikHaut wäert Katalounien awer wéinst dem Generalstreik gelähmt sinn. Barcelona erwaart honnert Dausende Bierger, déi sech un de Märsch fir d‘Fräiheet bedeelegen. Déi hunn sech iwwert déi lescht Deeg a fënnef Stied organiséiert a si schonn ënnerwee. De Regionalpresident Quim Torra ass iwwert d‘Gewalt och net erfreet an appelléiert, grad wéi Madrid, d‘Hostilitéiten ze beendegen.

Déi Konservativ – ënnerstëtzt vun de Faschisten – fuerdere mëttlerweil vum Pedro Sanchez, déi katalanesch Provënz nees ënner Momper ze stellen, esou wéi dat Mariano Rajoy a seng korrupt Regierung gemaach hat. Esou ee Schratt kann sech de Pedro Sanchez – zumindest elo – net erlaben, wann hien sech wëll d‘Chancen nees gewielt ze ginn, net ganz wëll verbauen. Et ass net einfach…

mat indymedia/bcn

Foto: © Sandra

Ähnlech Sujeten Barcelona, Demokratie, Katalounien, Onofhängegkeet, politesch Prisonéier, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel