Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien
International Neiegkeeten

Déi Lénk: Solidaritéit mat Katalounien

Solidaritéit mat Katalounien, dat ass keen Dossier fir d’Regierung. Et

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn
International Neiegkeeten

US-President ass vum eegenen Affekot virgefouert ginn

Den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg en „duebele“ juristesche

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!
International Neiegkeeten

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

Bei geneeër Betruechtung vun den Zuelen déi d‘UN elo virgeluecht

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Zu Madrid kréien 12 Separatisteleader de Prozess gemaach. D‘Roserei vun alle Katalanen déi sech d‘Onofhängegkeet wënschen ass grouss, esou grouss datt si sech fir e Generalstreik entscheet hunn. Zu Barcelona gouf et déi gréissten Demonstratioun, bei där et och zu Ausenanersetzunge mat den Autoritéite komm ass.

Laut de Police sollen esou eng 40.000 Katalanen an de Stroosse vu Barcelona Demonstréiert hunn. Säitens den Organisateuren ass rieds vun 200.000 Participanten. Moies haten sech scho wäit iwwer 10.000 Leit bei der Universitéit versammelt. De Motto vum Protest: „Dat ass kee Prozess, dat ass eng Schan!“. Nieft dem Protest, huet och e Generalstreik grouss Deeler vun der Regioun betraff.

Generalstreik

Zum Generalstreik opgeruff, haten de Gewerkschaftsbond CSC opgeruff. Dësen Appell ass vun der Regionalregierung ënnerstëtzt ginn. Am Kontext vun den Demonstratiounen, déi dëse Generalstreik begleet hunn, si Stroossen an Kräizunge blockéiert ginn. Hei soll et och zu Verhaftunge komm sinn. Vum Streik betraff waren an éischter Linn den ëffentlechen Transport an d‘Gesondheetswiesen.

Während déi grouss katalanesch Gewerkschaften de Streik net ënnerstëtzt hunn, waren d‘Studente massiv bedeelegt. Spuenesch Medie wëllen awer festgestallt hunn, datt d‘Bedeelegung wiesentlech méi geréng ausgefall ass, wéi sech d‘Organisateuren dat erhofft hunn. Den ëffentlechen Transport ass, wéi vum Gesetz virgesinn, am Minimum-Betrib gefuer, Behënnerunge soll et keng ginn hunn.

Scho leschte Weekend war et zu Barcelona zu enger Groussdemonstratioun komm. D‘Katalane wieren sech mat Hänn a Féiss géint dat wat si als „politesche Prozess“ betruechten. 12 Prominent Leader vun der Onofhängegkeetsbeweegung, fréier Minister vun der Regionalregierung an Aktivisten, sollen zu Madrid wéinst Rebellioun, Oprou an aneren Delikter veruerteelt ginn.

Net viru Geriicht, de Carles Puidgemont, deen aus sengem belschen Exil de Prozess och denoncéiert huet. Hien huet géintiwwer de Medie gemengt, datt et sech bei dësem Prozess ëm eng Farce handelt, an den eigentleche Verantwortlechen, also hien, net als Zeie beim Prozess zougelooss gëtt. Dobäi wier hien et gewiescht deen d‘Onofhängegkeet nom Referendum proklaméiert hat.

Generalstreik

mat indymedia/bar/mad

Foto: Zu Barcelona waren d‘Stroosse „schwaarz vu Leit“. Vill Katalanen huelen et der Regierung zu Madrid iwwel, datt si de Separatisteleader e politesch motivéierte Prozess maachen. © CSC

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, CSC, Generalstreik, Katalounien, politesche Prozess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel