Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
International Neiegkeeten

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel
International Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel

Déi erneit Hëtztwell déi Europa erleit, ass zweiwelsfräi en Zeeche

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen
International Neiegkeeten

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an

Katalounien: Kann de Quim Torra sech mat Madrid verstännegen?

Katalounien: Kann de Quim Torra sech mat Madrid verstännegen?

De katalanesche Regionalpresident Quim Torra, deen engersäits fir d‘Onofhängegkeet vun der spuenescher Provënz steet, anersäits e „Noviz“ an der Politik ass, dee fir de Carles Puidgemont „agesprongen“ ass, huet déi schwéier Aufgab, sech mat der neier Regierung vum Sozialist Pedro Sanchez ze verstännegen. Fir den Aktivist vum separatistesche Fligel, eng Erausfuerderung.

Viru ronn sechs Wochen, wou de Quim Torra zum Regionalpresident ernannt ginn ass, hat de Pedro Sanchez, deen zu deem Ament de Mariano Rajoy nach net gestierzt hat, säi Gespréichspartner vun haut, als de „Le Pen vun der spuenescher Politik“ ëmschriwwen. Eng Ausso déi sech op eng ganz Rei Tweets a Schreiwe vum Quim Torra bezunn huet, an deen hie ganz offensiv géint d‘Spuenier virgaangen ass. Elo solle béid Politiker sech bei enger Entrevue op „Entspanung“ verstännegen.

Zanter de Quim Torra am Amt ass, gëtt hie vun engem ausschléissenden nationalistesche Schied verfollegt. Seng Géigner werfen him vir, sech éischter als Aktivist wéi als Regionalpresident ze behuelen, an dem Carles Puidgemont fir alles Rechenschaft ofzeleeën. Richteg ass datt den Torra all Dag mat sengem Virgänger telefonéiert, an dësen och schonn zwee mol an Däitschland besicht huet.

„Vive dat fräit Katalounien!“ hat hie gejaut, wéi hie mat 66 géint 65 Stëmme gewielt gouf. De Quim Torra hat da versprach, ouni nozeloossen un der Konstruktioun vun enger onofhängeger Republik schaffen ze wëllen. Hien huet sech a de Katalanen dann och nach agestanen, datt säi Mandat nëmme provisoresch ass. Hei gëtt op de Retour vum Carles Puidgemont gewaart, deen op d‘Entscheedung vun engem däitsche Geriicht waart, dat sech zu senger Extraditioun muss äusseren.

De Wonsch no Onofhängegkeet

Aussoen déi vun de spuenesche Medie gären opgeholl goufen, fir de katalanesche President als „Marionette“ oder „Stréimännchen“ ze verklären. Säit de Quim Torra am Amt ass, bedeelegt hie sech oft un de Manifestatioune fir d‘Onofhängegkeet. Hien ass esouwäit gaangen, op der Façade vun der Regionalregierung, e grousst gielt Band installéieren ze loossen.

Dat ass fir d‘Katalanen e Symbol mat deem d‘Fräiheet vun de fréieren Onofhängegkeetsaktiviste gefuerdert gëtt, déi an Untersuchungshaft sëtzen, an déi de Quim Torra am Prisong och scho besicht huet. Hien hat och net gezéckt d‘Situatioun a Katalounien als „Humanitär Kris“ ze bezeechnen a d‘Geschicht vu senge Landsleit mat där vun den Armenier, déi am 20. Joerhonnert Affer vun engem Genozid goufen, ze vergläichen. Och dat ass entspriechend an de Medien ausgeschluecht ginn.

An och wann de katalanesche President net déi „onnëtz“ Onofhängegkeetserklärung vum leschten Oktober widderholl huet, esou setzt hien sech awer fir en „neien éischten Oktober“ an. Dat am Kontext vun engem Referendum, dee vu Madrid als illegal erkläert ginn ass. „Mir mussen en aneren 1. Oktober schafe fir mengem Land d‘Onofhängegkeet ze ginn an d‘Republik ze installéieren“.

„Den Torra ass en Dogmatiker, e Radikalen, méi radikal wéi de Puidgemont“, behaapt de Fernando Vallespin, Politolog op der autonomer Universitéit zu Madrid. De frëndlechen Toun vun dësem breedschëllerege Mann mat der déiwer Stir iwwert sengem schwéiere Brëll, kontrastéiert staark mat senge Schrëftstécker déi vun der Oppositioun „ausgegruewen“ goufen. Eng Oppositioun déi dat als Grondlag hëlt fir hien als „ultranationalistesche Katalan“ ze brandmarken.

Internet… den Uert wou näischt vergiess gëtt

Elo ass et richteg, datt Quim Torra an enger Serie online Artikel sech net mat Luef fir Spuenien e Numm gemaach huet. E Land datt hien als „Exportateur vu Misär“ bezeechent huet. Hien huet och kee Blat vrun de Mond geholl, fir an den eegene Reien de Punkt ze markéieren. Wien net wéi hien déi katalanesch Sprooch a Kultur verdeedegt huet, ass schonn emol zolidd beleidegt ginn.

Am strengsten awer war de Quim Torra ëmmer mat de Spuenier, déi hien „als Besatzer déi nëmmen eppes kënnen: klauen“, bezeechent huet. Esou zumindest eng Ausso déi aus villen Tweets vun 2012 staamt, an déi zanterhier geläscht goufen, awer beim géigneresche Lager gutt versuergt waren. Den Auteur huet dozou gemengt: „Ech bedaueren, datt Tweets, déi aus hirem Kontext gerappt gi sinn, an un déi spuenesch Regierung geriicht waren, Leit kënne beleidegt hunn“.

De Quim Torra, deen an der katalanescher Küstestad Blanes, gebuer ass, kann op eng laang Carrière an der Schwäizer Versécherungsgesellschaft Winterthur zréckblécken. Hien huet 2008 d‘Verlagshaus „A Contra Vent“ gegrënnt. E Verlag dee spezialiséiert ass an der Recuperatioun vun Texter vu katalanesche Journalisten aus der 2. Republik an am Exil während der Franco Diktatur.

Bis 2015 huet de Quim Torra de Kulturzenter am Quartier „El Born“ zu Barcelona geleet. Dee presentéiert d‘Ruine vun der Festungsmauer vu Barcelona. Der Stad déi vun de Royalisten 1714 beim engem „Ierfschaftskrich“ ageholl ginn ass. Bis haut gëtt dëse Virfall als Beweis virgeluecht, wéi et derzou komme konnt, datt Katalounien seng Onofhängegkeet verluer huet. Et gëtt dann awer vill Hoffnung an d‘Gespréich vun haut geluecht, woubäi Madrid muss Waasser an de Wäi schëdden.

mam Daniel Bosque/AFP

Foto: „Laangt Liewe fir d‘Republik, Dout der Repressioun“, esou d‘Opschrëft vum Transparent dee vun Aktiviste baussent dem Prisong vu Lledoners zu San Joan de Vilatorrada (Katalounien) héich gehale gëtt. Hei sinn d‘Separatisteleader vu Madrid, mat der Begrënnung se méi no un hir Famillje bréngen ze wëllen, iwwerstallt ginn. © Josep Lago/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Pedro Sanchez, Quim Torra, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel