Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof
Fail International Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof

Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“
Fail International Neiegkeeten

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“

Den amerikanesche „Labour Day“ – datt ass eppes wéi eisen

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher
Fail International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher

Ob de Reeboufësch, de Struwwelpéiter oder d’Geschichte vum Pippi Langstrumpf

dislike

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt, datt d’Autonomie vun hirer Regioun nees kéint Suspendéiert ginn, sollt de Carles Puidgemont de Versuch ënnerhuelen, vu Bréissel aus d’Geschécker vun der Regionalregierung ze leeden.

Virun der versammelter Parteileedung, déi sech zu Madrid afonnt hat, huet de Premierminister Mariano Rajoy betount, datt de President vu Katalounien säin Amt „physesch“ iwwerhuele muss. „Et kann een net seng Funktioun vu Bréissel aus ophuelen. (…) Sollt hien dat net maachen, bleift den Artikel 155 a Kraaft“, esou seng Deklaratioun.

De konservative Regierungschef hat dësen Artikel aus dem Tirang geholl, fir déi fréier Regionalregierung vu Katalounien ofzesetzen an Neiwahlen erbäizeféieren, knapps datt sech dat katalanescht Parlament fir d’Onofhängegkeet ausgeschwat hat. Hien huet allerdéngs deemools och versprach, datt hien der Regioun hir Autonomie géif zréckginn, wann déi nei Regierung am Amt wier.

Den ofgesate President Carles Puidgemont, géint deen en Haftbefeel besteet, hat sech zu Bréissel verschanzt.

Et war eng Moossnam, déi vu ville Katalane schlecht opgeholl ginn ass, well d’Bierger aus der Regioun hirer Autonomie besonnesch verbonne sinn. Si haten déi eréischt nom Enn vun der Franco-Diktatur erëmkritt. De spueneschen Diktator ass 1975 gestuerwen.

Den ofgesate President Carles Puidgemont, géint deen en Haftbefeel besteet, hat sech zu Bréissel verschanzt, vu wou aus hie säi Wahlkampf bedriwwen huet. Hien hat de Katalane versprach, datt wann si hien op e neits wielen, si hir Würd géifen zréckkréien.

E Schachzuch deen opgaangen ass, well d’Lager vun den Independantisten huet d’Majoritéit behalen a krut 70 vun den 135 Mandater. Dem Puidgemont seng Lëscht „Zesumme fir Katalounien“ war als stäerkste Kraaft ervirgaangen. D’Independantiste wëllen hien dann och nees als President vun der Regionalregierung asetzen.

Mee hie gëtt vun der Justiz wéinst Oprou a Rebellioun gesicht, a géif direkt an Untersuchungshaft kommen, wann hien nees e Fouss op spuenesche Buedem setzt. De Carles Puidgemont wënscht sech also, entweder via Videokonferenz als President agesat ze ginn, oder seng Ried am Parlament vun engem aneren Deputéierte vu senger Lëscht „liesen“ ze loossen.

Zweiwel un der Strategie

Béid Optioune kann déi aner Partei déi sech fir d’Onofhängegkeet vun der Regioun asetzt, net iwwerzeegen. Déi republikanesch lénk vu Katalounien (ERC – 32 Mandater) bezweiwelt, datt dat eng Léisung ass, déi fir d’Regioun liewensfäeg ass.

D’Oppositioun an d’Zentralregierung hu versprach sech viru Geriicht géint esou eng Investitur opzestellen. „Am Fall wou ee wëlles hätt zouzeloossen, datt de Puidgemont vu Bréissel aus, un enger Debatt zu Investitur kann deelhuelen, géi d’Regierung dës Abstrus Entscheedeung direkt kontestéieren“, esou ee sichtlech genervte Mariano Rajoy.

Via Twitter kënnt dann och prompt d’Äntwert vum Carles Puidgemont, deen ironesch uféiert, datt de Mariano Rajoy „d’Regierungsgeschäfter vu Katalounie vu Madrid aus leet, obwuel hien nëmme véier Deputéiert“ vu senger Partei am Parlament sëtzen huet.

D’Deklaratioune vum spuenesche Premierminister kommen zu engem Zäitpunkt, wou dat katalanescht Parlament, dat aus de Wahle vum 21. Dezember ervirgaangen ass, eng éischte Kéier soll siegéieren. Bei der Sëtzung vun e Mëttwoch, sollen d’Deputéiert de President vun der Regionalregierung an säi Büro wielen, d’Organ dat doriwwer waacht, datt d’Reegele vum Parlament ugewannt ginn an och d’Dagesuerdnung festleet.

An se hunn awer d’Majoritéit

An och wann nach aacht vun de 70 Deputéierten am Prisong sëtzen oder sech am Ausland ophalen, behalen d’Independantisten hir Majoritéit a sollten och d’Direktioun vum Parlament erhalen. Dat läit dorunner, datt e „Vote par procuration“ zoulässeg ass.

De Büro muss d’Reegele vum Parlament uwennen, an am Prinzip dem Avis vu senge Juriste Folleg leeschten, déi e Méindeg gemengt hunn, datt d’Protagoniste vun der Investitur-Debatt „mussen un der Sëtzung deelhuelen“ fir dat ze erméiglechen, wat „eng parlamentaresch Debatt charakteriséiert“, notamment „déi mëndlech Aussproch“ an „déi direkt Kontradiktioun“.

Elo hunn d’Leader vun de Parteie fir d’Onofhängegkeet awer och scho fréier den Avis vun de Juristen ignoréiert. A bis zur Sëtzung fir d’Investitur vum President, déi eréischt Enn dës Mount virgesinn ass, kann sech d’Lager vun den Independantisten nach fir ee Kandidaturwiessel entscheeden.

„Et gëtt Zweiwel am Lager vun den Independantisten“, mengt de Professer fir Verfassungsrecht vun der Universitéit zu Barcelona, Xavier Arbos. „Esou eng Investitur gëtt juristesch kontestéiert, a wann se kontestéiert gëtt, gëtt se vum Verfassungsgeriicht opgehuewen, wat eng nei juristesch Schluecht mat sech bréngt. Suspendéierungen a Strofe sinn net ausgeschloss“.

mam Michaela Cancela-Kieffer an dem Daniel Bosque/AFP

Foto: „Ech warnen iech. Wann der et zouloosst, datt de Carles Puidgemont vu Bréissel aus zum President vun der Regionalregierung gewielt gëtt, da stellen ech iech nees ënner Momper“, esou de spuenesche Premierminister un d’Adress vun de katalaneschen Independantisten. © Javier Soriano/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel