Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider
dating someone after 6 months dating sites in dc

write the best dating profile

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel

https://moien.lu/gemini-man-dating-gemini-woman/
dating someone after 6 months dating sites in dc

US-Schauspiller Burt Reynolds am Alter vun 82 Joer verstuerwen

Hollywoodstar an de 70er an 80er Joer, ass den US-Schauspiller

70 Joer Gënzefest zu Wolz
dating someone after 6 months dating sites in dc

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet

Um Donneschdeg waren d‘Katalanen zur Wal opgefuerdert ginn. D‘Resultat dierft dem Premier Mariano Rajoy net gefalen, d‘Parteien déi sech fir d‘Onofhängegkeet asetzen, hunn op e neits d‘Majoritéit erhalen. Eng grouss Erausfuerderung fir Madrid, déi de Mouvement duerch Neiwahle wollte schwächen.

An d‘Wahlbedeelegung war mat 82% enorm, en historesche Rekord fir d‘Regioun. Déi dräi Parteie fir d‘Onofhängegkeet hunn 47,6% vun de Stëmmen erhalen. A well d‘Wahlgesetz vu Katalounien et esou ageriicht huet, datt déi ländlech Provënzen – wou de Wëllen zur Onofhängegkeet grouss ass – e „Virdeel“ hunn, konnten déi „Dräi“ op e neits déi absolut Majoritéit erreechen.

Mat 70 vun insgesamt 135 Mandater – zwee manner wéi 2015 – sollten se als Koalitioun déi „nei“ katalanesch Regierung bilden. Als stäerkst Fraktioun mat 34 Sëtz, d‘Lëscht vun „Zesumme fir Katalounien“ kritt den éischte Géigner vum Mariano Rajoy, de Carles Puidgemont nees politescht Gewiicht.

De President vun der, no der Proklamatioun vun der Onofhängegkeet, „ofgesate“ Regierung, ass trotz sengem Bréisseler Exil op neits vun de Katalane bestätegt ginn. Katalounien ënner Momper ze stellen, gewielte Volleksvertrieder anzespären, déi anere mat Haftbefehler verdriwwen ze hunn, huet Madrid net den erhoffte Succès bruecht.

Verständlech datt sech de Carles Puidgemont op der Sonnesäit vum Liewe gesäit. „De spuenesche Staat ass geschloen. De Rajoy a seng Allianz huet verluer!“, esou de fréiere katalanesche President.

De President am Exil, de Vizepresident am Bing

No der Wal stellt sech allerdéngs eng grouss Fro. Dat sech d‘Parteien déi fir d‘Onofhängegkeet stinn an enger Koalitioun sollten erëmfannen, schéngt ersiichtlech, wou et awer kann ee Problem, ginn ass d‘Zesummestellung vun der Regierung. Deen een am Exil, deen aneren am Prisong, dat mécht et net méi einfach.

Zudeem muss beduecht, ginn datt den Haftbefehl géint de Carles Puidgemont weider gülteg ass, an esoubal hien a Spuenien ukënnt, kann a sollt hie verhaft ginn. De staarke Mann vun der zweeter Partei, den Oriol Junqueras, Vizepresident vun der Regionalregierung sëtzt schonn am Prisong. Eleng d‘Tatsaach, datt béid Politiker vum Wieler bestätegt gi sinn, ännert un hirer Situatioun näischt.

De Carles Puidgemont, deen den 12. Dezember erkläert hat zréck a Spuenien ze goen, fir de Fall datt hien nees President vun der Regionalregierung sollt ginn, muss elo Faarf bekennen. An eigentlech schwätzt och näischt dergéint, datt e Politiker säin Amt kann iwwerhuele wann e Verfahre géint hien opgemaach ginn ass, vu datt et keng Veruerteelung gëtt.

Mee et muss een awer op „fräiem Fouss“ sinn. A sengem Ëmfeld huet ee nach virun de Wahle gefuerdert, hien nees „areesen“ ze loossen ouni dat hie riskéiert verhaft ze ginn. Et ass eigentlech och den eenzege Wee fir de Fall, datt een zu Madrid gewëllt ass ze verhandelen. De Carles Puidgemont sollt sech um Freideg zu dëser an anere Froen äusseren.

Vu Madrid nach keng Reaktioun

Um Donneschdeg, no der Wal, huet sech de riets-konservative Premierminister Mariano Rajoy net gemuckst. Et gëtt awer erwaart, datt hien sech haut zu Wuert mellt, no enger Reunioun mat sengem „Pardido Popular“. Déi hunn iwwregens bei de Neiwahlen uerdentlech den Dicks gebéit kritt a verléiere bal all hir Mandater. Vun deemools aacht Sëtz, sinn der nach dräi bliwwen.

Mee wa sech unhand den absoluten Zuelen e Virdeel fir d‘Onofhängegkeet ofzeechent, esou ass et dann awer net esou einfach.

E Wieler aus dem lénke Spektrum vum Onofhängegkeetsmouvement, de 26 Joer jonken Dokter Fran Robles huet e komescht Gefill: „Mir gewannen un Deputéiert, mee net un der Zuel vu Stëmmen. Also kann sech all Lager als Vainqueur duerstellen. Dat spigelt ganz d‘Realitéit erëm wéi a wat Katalounien ass. Katalounien ass politesch gespléckt an déi eenzeg Aart a Weis Kloerheet ze schafen, ass d‘Fro däitlech an engem Referendum ze stellen“.

„Mat dësem Resultat ass de Message u Spuenien: Setz iech a schwätzt!“, esou e weideren Unhänger vun der Onofhängegkeet zu Barcelona, de Francesc Portella, e 50 järege Marketingmanager. Ähnlech gesäit dat de Soziolog Narciso Michavila, deen zu Madrid e Sondageinstitut leet: „Et geet elo néideg, datt ze zu Madrid och Entscheedungen Treffen déi hinnen net gefalen“.

Och deenen aneren nolauschteren

Bei der ganzer Euphorie déi d‘Victoire vun de Separatiste mat sech bréngt, sollt een awer Uecht dinn, net déi Katalanen ze iwwersinn, déi fir déi spuenesch Eenheet astinn. Och déi geséichen et gären, wann een hinne géif nolauschteren.

Déi haten sech ëmmerhin, nodeems ersiichtlech gouf, datt et zu enger unilateraler „Trennung“ kéint kommen, och massiv an de Stroosse gewisen. An si hunn och mat hirer Stëmm, d‘Partei Ciudadanos als stäerkste politesch Kraaft gewielt. Mat 37 Mandater stellt Ciudadanos déi gréisste Fraktioun an der Regionalregierung.

„Déi nationalistesch Parteie kënnen elo net méi am Numm vu ganz Katalounien schwätzen, well Katalounien dat si mir alleguerten“, esou d‘Spëtzekandidatin Inès Arrimadas.

Laut dem Narciso Michavila, wäert sech och d‘wirtschaftlech Realitéit bei de Kandidate fir d‘Onofhängegkeet astellen. Se wäerten net derlaanscht kommen „Waasser an hire Wäin“ ze schëdden, fir d‘Erosioun vum Tourismus ze stoppen an och nees d‘Investisseuren unzelackelen.

mam Laurence Boutreux an dem Michaëla Cancela-Kieffer/AFP

Foto: Unhänger vun der Partei Esquerra Republicana de Catalunya (ERC) freeën sech iwwert d‘Wahlresultater um Donneschdegowend. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet, Oriol Junqueras, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel