Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)
https://moien.lu/dating-someone-my-own-age/ https://moien.lu/dating-someone-in-nursing-school/

dating guys with acne

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

https://moien.lu/steph-celebs-go-dating/
https://moien.lu/dating-someone-my-own-age/ https://moien.lu/dating-someone-in-nursing-school/

D‘INF-Ofkommes ass Geschicht (eng Analys)

D‘Ofkommes dat mam vollen Numm „Intermediate-Range Nuclear Forces Treaty“ (INF)

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart
https://moien.lu/dating-someone-my-own-age/ https://moien.lu/dating-someone-in-nursing-school/

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart

Hobby-Handwierker, et ass nees Zäit sech zu Walfer ze versammelen!

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung

D‘Carme Forcadell huet en Donneschdeg Bekannt ginn, datt si sech net méi fir de Posten als Parlamentspresidentin vun der katalanescher Regionalregierung géi zur Verfügung stellen. Als Ursaach gëtt déi fréier Parlamentspresidentin d‘Strofverfolgung un, där si wéinst der Onofhängegkeetserklärung ausgesat ass.

„Ech deelen iech mat, datt ech net wäert Kandidatin sinn, fir erëm Presidentin vun dëser Chamber ze sinn“, sot d‘Carme Forcadell der Press. Dat dräi Wochen no de Walen, déi op e neits de Parteie fir d‘Onofhängegkeet eng Majoritéit abruecht hunn. „Ech sinn der Meenung, datt dësen neie politesche Moment eng nei Persoun brauch, déi net duerch juristesch Prozedure behënnert gëtt“.

No der Proklamatioun vun der Republik Katalounien duerch 70 Deputéiert vun 135, de 27. Oktober 2017, war d‘Regioun vum Premierminister Mariano Rajoy ënner Momper gestallt, d‘Regierung ofgesat an opgeléist ginn. Géint d‘Parlamentspresidentin war en Ermëttlungsverfare wéinst „Rebellioun“ an „Oprou“ ageleet ginn, firwat si den 9. November eng Nuecht an Untersuchungshaft verbruecht huet.

D‘Entscheedung vum Carme Forcadell, déi dem Parlament als Deputéiert erhale bleift, ass zwee Deeg no der Ukënnegung vum fréiere Justizminister Carles Mundo gefall, deen zwar als Nofolger gehandelt ginn ass, sech awer ganz aus der Politik wëll zréckzéien. Wéi déi ganz Regierung vum Carles Puidgemont, gëtt och géint de Carles Mundo, wéinst „Rebellioun“ an „Oprou“ ermëttelt.

Dat mécht d‘Regierungsbildung net méi einfach

Zanter Oktober 2016, gëtt och géint d‘Carme Forcadell ermëttelt, well engem Uerder vum Verfassungsgeriicht net soll nokomm sinn. Si war opgefuerdert ginn, d‘Presentatioun vun de Gesetzer, déi mat der Prozedur fir d‘Onofhängegkeet ze dinn haten, ze verbidden. Si hat sech dann awer iwwert dësen „Uerder“ ewechgesat.

„Mir haten eis drop beschränkt eng ganz einfach Saach ze garantéieren: dat een am Parlament iwwer alles ka schwätzen“, ënnersträicht d‘Carme Forcadell, déi ugeklot gi war, d‘Rechter vun der Oppositioun mat Féiss ze trëppelen. Si hätt alles dru gesat, déi Drénglechkeetsofstëmmung ze erméiglechen, déi d‘Gesetzer fir d‘Onofhängegkeet erméiglecht hunn.

D‘Formatioun vum neie Parlament an der neier Regionalregierung vu Katalounien ass dann och richteg komplizéiert. Déi Deputéiert, wou sech fir d‘Onofhängegkeet asetzen, hätte gären, datt de Carles Puidgemont nees President vun der Regionalregierung gëtt. Dee sëtzt am Moment allerdéngs nach a sengem Bréisseler Exil fest, well géint hien en Haftbefehl a Spuenien unhängeg ass.

Wat den Deputéierte vun der Majoritéit virschwieft, ass eng Investitur aus der Distanz. Et kéint een dat via Videokonferenz maachen. Als Alternativ gëtt driwwer spekuléiert, op sech de Carles Puidgemont net vun engem Mandataire representéiere loosse kéint. Domatter wier wéinstens de Risk verhaft ze ginn aus der Welt. D‘Oppositioun denoncéiert dat ganzt als illegal.

mat AFP

Foto: © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Carme Forcadell, Katalounien, Onofhängegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel