Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill
https://moien.lu/oxy-hookup/ what does hook up really mean

rv hookup sacramento

Eigentlech sollt déi 24. UN-Klimakonferenz (COP24) e Freideg mat enger

https://moien.lu/dirty-jokes-about-dating/
https://moien.lu/oxy-hookup/ what does hook up really mean

ULC: D’Gesetz vum Taxiwiese muss iwwerpréift ginn!

D’Gesetzesännerung zum Taxiwiesen huet net nëmme positiv Aspekter mat sech

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat
https://moien.lu/oxy-hookup/ what does hook up really mean

Dem US-President säi mysteriéist Telefonat

Enn Juli hat den US-President Donald Trump en Telefonat mam

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de wichtegsten Onofhängegkeet-Organisatioune vu Katalounien agespaart. Eng riskant Mesure, wann ee weess, datt grad déi zwou Organisatiounen eng reell Kapassitéit fir d‘Mobiliséierung vun hire Sympathisanten hunn.

De Jordi Sanchez an de Jordi Quixart, ugeklot fir Oprou vun der nationaler Audienz, engem Geriicht dat sech ënner anerem ëm déi national Sécherheet këmmert, sinn an de Prisong vu Soto del Real, net wäit ewech vu Madrid, iwwerstallt ginn. Dat dierft eng Entscheedung sinn, déi éischter Ueleg op dat katalanescht Feier géisst, wéi zum Dialog animéiert.

Wéi d‘Annonce vun der Verhaftung a Katalounien ukomm ass, huet et an der ganzer Provënz, déi elo bekannte Kasseroll-Concerten als Zeeche vum Protest ginn. Mat esou Moossnamen ass et dann och nëmmen normal, datt sech Spuenien vun Dag zu Dag ëmmer méi déif an der politescher Kris verleeft.

Eng Kris déi Madrid an d‘Separatiste géinteniwwer stellt. D‘Katalanen, déi sech op e Referendum beruffen, dee wuel vu Madrid als Illegal bezeechent gëtt, awer stattfonnt huet. Trotz alle méiglechen Aktioune vu Madrid, hunn hei awer nach 43% vun de Bierger hir Stëmm konnten ofginn. Dovunner haten sech der 90% fir d‘Onofhängegkeet ausgeschwat.

Engagement mat Folgen

De Jordi Sanchez an de Jordi Quixart gi beschëllegt honnerte Leit ermontert ze hunn, den 20. September zu Barcelona den Ausgang vun engem Gebai blockéiert ze hunn. Domatter sollten d‘Beamte vun der Guardia Civil behënnert ginn, déi op der Plaz Perquisitiounen duerchgefouert haten. Perquisitiounen déi am Kader vum Referendum stattfonnt hunn. Bis ganz spéit an d‘Nuecht eran, ware Beamten am Gebai festgesat.

D‘Associatioune vun den Inhaftéierten, d‘Katalanesch Nationalassemblée (ANC) an d‘Omnium Cultural, sinn allerdéngs den haarde Kär vum separatistesche Mouvement a Katalounien. Enger Provënz an deenen d‘Leit déi nach bis viru kuerzem, zu gläichen Deeler fir d‘Onofhängegkeet a fir Spuenien stoungen.

Eng Reaktioun vun der katalanescher Regierung huet net op sech waarde gedoen. D‘Spriecherin vun der separatistescher Regierung huet d‘Mesure vum Geriicht zu Madrid als „Staatsprovokatioun“ bezeechent. Politesch Prisonéier a net Krimineller wieren do an de Prisong geschéckt ginn. Eng Moossnam déi engem Dialog net entgéint kënnt. Trotzdeem sinn d‘Sympathisanten opgeruff gi friddlech ze bleiwen.

Fräiheet fir d‘Jordis“ konnt een op engem Plakat vun de ronn 400 Manifestante liesen, déi sech ëm Mëtternuecht am Zentrum vu Barcelona afonnt haten.

Lescht Warnung

Déi zwee Aktiviste sinn agespaart ginn, während Madrid um Méindeg dem Carles Puidgemont e leschten Delai vun dräi Deeg ginn huet, fir sech nees op de „legale“ Wee ze beginn. De President vu Katalounien léist zanter enger Woch d‘Aussiicht vun enger eesäiteger Onofhängegkeetserklärung am Raum stoen.

Mir hoffen datt an de Stonnen déi kommen (…) dir eng kloer Äntwert wäert ginn zu deem wat all d‘Bierger verlaangen“, schreift de spuenesche Premierminister Mariano Rajoy. Hien ënnersträicht datt et nach just dräi Deeg sinn bis zum Donneschdeg 10:00 Auer, fir nees op de gerechte Wee ze fannen.

Esou also d‘Äntwert op de Bréif vum Carles Puidgemont, deen ugebueden hat sech fir zwee Méint op en Dialog anzeloossen. Engem Schreiwes awer, an deem net schwaarz op wäiss, esou wéi vu Madrid verlaangt, ze liese war op d‘Provënz dann elo d‘Onofhängegkeet ausgeruff hätt oder eben och net.

Zudeem hat de katalanesche Leader och den Doute erhalen, wéi a wat ënnert dem Dialog ze verstoe wier. Eenzeg „de Wonsch vum katalanesche Vollek sech op de Wee als onofhängegt Land ze maachen“ war hei néiergeschriwwe ginn.

An och wa sech de Carles Puidgemont am kloren doriwwer ass, datt déi katalanesch Gesellschaft gedeelt ass, esou geet hien dovunner aus e Mandat ze hunn fir d‘Onofhängegkeet ze fuerderen. Hie berifft sech hei op de Referendum vum 1. Oktober dee vun der Oppositioun boykottéiert ginn ass.

Sturheet amplaz Mediatioun

A wann et elo net zu engem Dialog kënnt, wäert Madrid wuel d‘Autonomie vu Katalounien ophiewen. Zanter der Franco Diktatur (1939 – 1975) huet et dat net méi ginn. Vill Leit fäerten dann och datt esou eng Moossnam an der Provënz zu Onroue féiert. D‘Regioun mat 7,5 Milliounen Awunner ass ganz enk mat senger Sprooch a senger Kultur verbonnen.

De Mariano Rajoy verweigert sech awer all Dialog, op mannst bis se et opginn hir Onofhängegkeet wëllen auszeruffen. Vu Mediatioun awer wëll de spuenesche Premierminister näischt héieren, an esou verhält et sech och mat den EU-Memberlänner. Ze grouss ass d‘Angscht e Prezedenzfall ze schafen.

Aus der Geschäftswelt ass och den Appell un de Carles Puidgemont geriicht ginn, de „Réckgang“ anzeleeën. Honnerten Entreprisen hätte schonn d‘Regioun verlooss, déi u sech 19% vum Bruttoinlandprodukt generéiert. Madrid huet an dësem Zesummenhang och d‘Prognose fir de Wuesstem vun 2018 ne ënne korrigéiert. De fält vun 2,6 op 2,3% wéi aus engem Bréif u Bréissel ervirgeet.

De Puidgemont kritt awer och aus den eegene Reien Drock gemaach, wou déi méi „radikal“ hien opfuerderen de leschte Schratt ze maachen, an d‘Onofhängegkeet auszeruffen. Och fir dësen Dënschdeg sinn nach e sëlleche Manifestatiounen ugemellt.

mam Cancela Kieffer an dem Marianne Barriaux/AFP

Foto: Virum Palais vun der „Generalitat“ halen d‘Leit hir Plakater héich: „Fräiheet fir déi politesch Gefaangen“. Eng Aktioun déi sech géint d‘Entscheedung vum Geriicht zu Madrid riicht an d‘Fräiheet fir déi zwee „Jordi“ fuerdert. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Jordi Quixart, Jordi Sanchez, Katalounien, Mariano Rajoy, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel