D‘Regierung vu Katalounien steet viru Geriicht

Déi duerch d‘Bestriewe vun Onofhängegkeet ausgeléiste politesch Kris, deplacéiert sech haut op Madrid. D‘Membere vun der katalanescher Regierung déi der Onofhängegkeet zougestëmmt hunn, ginn haut vun der Justiz gehéiert.

D‘Riichter kéinten d‘Separatiste wéinst „Rebellioun“ ënner Uklo stellen. De President vun der katalanescher Regierung, Carles Puidgemont, denoncéiert vu Bréissel aus e „politesche Prozess“. De Procureur fuerdert dann och, datt déi ronn zwanzeg Regierungsmembere fir ënnerschloe vun ëffentlechem Geld, Oprou a Rebellioun sollen ugeklot ginn.

Bei enger Veruerteelung wéinst Oprou a Rebellioun, sti Strofe vu bis zu 15, respektiv 30 Joer Prisong am Raum. De Procureur beschëllegt déi Betraffen dann och aktiv „e Volleksopstand“ vun der Bevëlkerung organiséiert ze hunn, fir déi autonom Regioun vum spuenesche Kinnekräich ze trennen.

Heibäi berifft sech de Procureur op de Verbuet, dee vun der spuenescher Justiz verhaange gi war, den éischten Oktober en Referendum zur Selbstbestëmmung ofzehalen. De Referendum dee vu vireran net vu Madrid unerkannt ginn ass, an zudeem vun deenen déi géint d‘Onofhängegkeet ware boykottéiert ginn ass, war vun enger besonnesch gräisslecher Policegewalt begleet ginn.

Novollzéibar Reaktioun

D‘Moossname vun der Regierung hunn allerdéngs och dozou gefouert, datt nëmmen 43% vun de Katalane konnten um Referendum deel huelen. An déi sollen sech zu 90,18% fir d‘Selbstbestëmmung, also d‘Onofhängegkeet ausgeschwat hunn. An der Folleg, an och well den Drock vu Madrid net manner ginn ass, hunn de 27. Oktober 70 katalanesch Deputéiert sech fir d‘Proklamatioun vun der Onofhängegkeet entscheet.

An nëmmen ee puer Stonne méi spéit huet Madrid misse konsequent reagéieren an huet d‘Regierung vun der Provënz Katalounien ofgesat. Am gläichen Ament sinn dann och Neiwahle fir den 21. Dezember festgeluecht ginn.

Deen éischten dee sech haut de Moie wäert musse virun der Untersuchungsriichterin veräntwerten, ass de Vizepresident Oriol Junqueras. Sollt d‘Riichterin de Fuerderunge vum Parquet nokommen, misst den Oriol Junqueras net nëmmen ugeklot ginn, mee och an Untersuchungshaft kommen.

Ähnlech kéint et dann der Parlamentspresidentin Carme Forcadell an de véier Membere vum Büro vun dëser Assemblée ergoen, déi awer opgrond vun hirem parlamentaresche Privileg, vun engem Riichter musse gehéiert ginn, deen dem ieweschte Geriichtshaff ënnerstallt ass.

Orchestréiert Strategie

Eenzeg de Carles Puidgemont erschéngt haut net viru Geriicht. Deen huet sech, zesumme mat véier vu senge Ministeren, zu Bréissel verschanzt. An engem Communiqué denoncéiert de katalanesche President d‘Mesure als „politesche Prozess“. Zudeem stellt hien d‘Opdeelung vu senger (katalanescher) Regierung als eng orchestréiert Strategie duer.

Den ofgesate President vu Katalounien huet sech den 31. Oktober am Presseclub zu Bréissel de Froe vun de Journaliste gestallt an erkläert firwat hie sech net zu Madrid viru Geriicht ka weisen. © Aurore Belot/AFP

Verschidde Membere vun der Regierung stellen sech also der „nationaler Audienz“, vir de Wëlle vun der spuenescher Justiz ze denoncéieren eng politesch motivéiert Prozedur anzeleeden. Déi aner bleiwen zu Bréissel fir de Prozess virun der internationaler Communautéit ze denoncéieren.

Ee vun de Membere vum Parlamentsbüro, den Joan Josep deen och haut gehéiert gëtt, huet allerdéngs d‘Manéier vum Carles Puidgemont als „onverantwortlech“ beschriwwen. „All déi wou sech hat viru Geriicht presentéiere wäerten an Untersuchungshaft landen, well de Puidgemont demonstréiert huet, datt de Risk vun enger Flucht ganz reell ass“, esou de Joan Josep op Catalunya Radio.

Déi selwecht Riichterin hat dann och schonn d‘Fluchtgefor ugefouert, wéi si de 16. Oktober de Jordi Sanchez an de Jordi Quixart an Untersuchungshaft gesat huet, well béid Aktivisten opgeruff haten, géint Guardia Civil – während de Perquisitiounen zu Barcelona – ze demonstréieren.

Komplizéiert Rechtsspriechung

Virum Refus vum Carles Puidgemont a senge véier Minister sech bei Geriicht ze weisen, wäert de Parquet hir Verhaftung fuerderen. D‘Riichterin dierft dann och gewëllt sinn, en europäeschen Haftbefehl auszestellen.

Hei gëtt dann awer och seelen alles esou waarm g‘iess wéi et gekacht gëtt, an den Affekot vum Puidgemont ass dann och bekannt mat esou Dossiere gutt kënnen ëmzegoen. Deen hat nämlech scho presuméiert Membere vun der baskescher Separatistenorganisatioun ETA erspuert u Spuenien ausgeliwwert ze ginn. Zudeem gesäit den Affekot kee Widdersproch um Fait, datt de Puidgemont kéint zu Bréissel gehéiert ginn.

„Hie geet net op Madrid an ech hu virgeschloen, datt een hien hei an der Belsch verhéiert“, esou de Me. Paul Bekaert um Mëttwoch op der katalanescher Tëlee TV3.

Am Dezember si Walen

D‘Analyste gesinn de Manöver och am Zesummenhang mat den Neiwahle vum Dezember, wou sech d‘Separatisten op e neits erhoffen d‘Majoritéit ze erreechen. Eng Majoritéit déi se schonn 2015 genotzt hunn fir d‘Prozedur fir d‘Onofhängegkeet anzeleeden.

Fir de Politolog Fernando Vallespin vu Madrid, wier dann och ersiichtlech, datt de Carles Puidgemont mat sengem „Exil“ zu Bréissel éischter d‘Opmierksamkeet vun de Medie sicht, wéi datt hien sech wéilt der Justiz entzéien. Ëmmerhi géifen déi Politiker wou vum Geriicht convoquéiert goufen, vu Perséinlechkeeten a politesche Mandataire begleet.

Zu Barcelona huet déi grouss, der Onofhängegkeet zougestanen Organisatioun ANC zu zwou Manifestatiounen opgeruff. Eng virum Sëtz vun der Regierung an Owes virum Parlament. D‘Leit sollen sech hei géint d‘Persecutioun duerch d‘Justiz ausdrécken.

mam Patrick Rahir/AFP

Foto: Membere vun der ofgesater katalanescher Regierung um Wee fir an d‘Geriicht. (v.l.n.r.) Joaquim Forn, Raul Romeva, Jordi Turull, Carles Mundo, Josep Rull a Meritxell Borras. © Gabriel Bouys/AFP