US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“
Fir de Mike Pompeo, dee nom 20. Januar hoffentlech net
Fir de Mike Pompeo, dee nom 20. Januar hoffentlech net
Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng
Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels
D’Katar-Kris suergt och zu Lëtzebuerg fir Onrou. De Laurent Mosar (CSV) fuerdert an enger parlamentaresch Fro den Ausseminister zu enger Stellungnam op. Dobäi wëll en net nëmme wëssen, wéi eng Positioun Lëtzebuerg elo offiziell wëll bezéien, mee och wéi eng Konsequenzen sech dorausser sollen erginn.
Dem Laurent Mosar seng eege Positioun zu dem Thema ass zimlech kloer. E gëtt op Twitter net midd, stänneg ze betounen, datt d’Isolatioun vum Katar opgrond vun der Ënnerstëtzung vum Terrorismus vun Hypokrisie gepräägt ass. Dës Positionéierung léisst en bei der Frostellung an der parlamentarescher Fro op der Säit.
Quell: Twitter/Screenshot
Quell: Twitter/Screenshot
Dobäi gräift en och schonn emol op besonnesch skurril Vergläicher wéi des zeréck, déi bei senger Followershaft awer ganz gutt zéien.
Quell: Twitter/Screenshot
Net ze vergiessen ass do, datt de Laurent Mosar anscheinend längst ausgemaach huet, wou d’Drotzéier anscheinend wierklech sëtzen:
Quell: Twitter/Screenshot
Dem Paperjam vis a vis huet de Marc Angel (LSAP) gesot, datt d’Situatioun beonrouegend wier. De Jean Asselborn (LSAP), Ausseminister, huet vis a vis vun RTL schonn en éischten Abléck a seng Positionéierung erlaabt. Hie pocht do op eng equilibréiert Politik.