Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé
International Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé

Si ass ënnert de Gewerkschaften déi onbestridden Nummer 1, an

Digital Lëtzebuerg hat um Weekend säin 3. Hackathon organiséiert
International Neiegkeeten

Digital Lëtzebuerg hat um Weekend säin 3. Hackathon organiséiert

Mat der Ënnerstëtzung vum Nohaltegkeetsministère, huet Digital Lëtzebuerg um Weekend

Nouspelt: Schéint Wieder, gutt gelaunte Mënschen… Esou geet „Eemaischen“
International Neiegkeeten

Nouspelt: Schéint Wieder, gutt gelaunte Mënschen… Esou geet „Eemaischen“

Et war schonn déi 63. Editioun vun der Eemaische, déi

Katastroph vu Genua: Ursaachefuerschung a Scholdzouweisung

Katastroph vu Genua: Ursaachefuerschung a Scholdzouweisung

Och déi lescht Nuecht hunn, déi ronn dausend Secouristen a Pompjeeën zu Genua hir schwéier Aarbecht fortgesat, dat mat der Hoffnung nach Iwwerliewender aus dem Trëmmer ze retten. Am Liicht vu grousse Projekteren hunn d‘Equippen, ouni sech wierklech eng Paus ze gënnen, mat Baggeren a Sichhënn tëscht de Bëtongsplacken no engem Liewenszeeche gesicht.

De Bilan um Mëttwochowend bleift mat 39 Doudeger a 16 Blesséierte weiderhi provisoresch. Néng Leit wiere ganz schwéier verletzt ginn, an hiren Zoustand gëtt als „kritesch“ beschriwwen. Ënnert den Affer befannen sech och dräi Kanner am Alter tëscht 8 an 13 Joer. Véier jonk Fransousen, déi ënnerwee op en Techno-Concert waren, dräi Chilenen an e Kolumbianer, sinn och ënnert den Affer.

„Et bleift ëmmer d‘Hoffnung fir d‘Secouristen nach Iwwerliewender ze fannen. Mee wat d‘Zäit vergeet, wat et méi schwéier gëtt“, erkläert de Kommandant vun de Carabinieri, Riccardo Sciuto.

Kriminell Noléissegkeet

Déi italienesch Regierung huet um Mëttwoch, nodeems de Viaduc Morandi zesummegefall ass, de Noutstand fir Genua ausgeruff. Am Kader vun der Sich no „Schëllegen“ huet d‘Regierung elo och an enger éischter Phas versprach, der Autobunnsgesellschaft Autostrade per l‘Italia (Grupp Atlantia, gehéiert zu 30% der Famill Benetton – N.v.d.R.) als Exploitant d‘Konzessioun ze entzéien.

Dem Concessionaire gëtt „kriminell Noléissegkeet“ virgehäit. De Regierungschef, Giuseppe Conte, huet op Demande vun de Regioun Ligurien, fir 12 Méint iwwer Genua den Noutstand verhaangen. Eng Entscheedung, déi am Uschloss un eng aussergewéinlech Sëtzung, vum Ministerrot zu Genua geholl ginn ass. Eng Mesure déi e normative Kader fir d‘Gestioun vum Site festleet.

Dat „Noutstandsgesetz“ séchert den iwwer 630 evakuéierte Mënschen, deenen hir Haiser ënnert dem Viaduc geleeë sinn, Hëllef zou. D‘Regierung huet sech dann och engagéiert, all déi betraffen Awunner virun Enn vum Joer ze relogéieren. Ëmgi vum Wirtschaftsentwécklungsminister Luigi Di Maio, an dem Inneminister Matteo Salvini, huet den Giuseppe Conte, och iwwer Finanze geschwat.

Finanzsprëtz a Staatstrauer

Fir direkt, sinn 5 Milliounen Euro deblockéiert ginn. Iwwer weider finanziell Moossname gëtt entscheet, wann d‘Situatioun gekläert ass. D‘Regierung huet een Dag „Staatstrauer“ ugekënnegt. Laut italienesche Medien, soll datt op dëse Samschdeg falen. Dat ass den Dag deen d‘Autoritéite vu Genua ausgewielt hunn, fir den Affer e feierlecht Begriefnes an eng Mass ze bidden.

De Procureur vu Genua, Francesco Cozzi, deen sech och op der Plaz e Bild vun der Tragedie gemaach huet, stellt fest: „Datt dësen Ouvrage a sech zesummegefall ass, datt huet näischt mat Schicksal ze dinn“. Dobäi fänkt d‘Enquête eréischt un…

De Giuseppe Conte huet sengersäits bestätegt, datt d‘Regierung dem Exploitant, Autostrade per l‘Italia, d‘Konzessioun wëll entzéien. De Gestionnaire vu ronn 3.000 Autobunnkilometer, steet am Mëttelpunkt vun aller Kritik. D‘Direktioun vun der Autobunnsgesellschaft, huet sech um Mëttwoch nach emol drop behaapt, alles de Reegelen no, a mat Seriositéit, gemaach ze hunn.

En Exempel statuéieren?

Fir de Luigi Di Maio steet fest, datt de Viaduc a sech zesummegefall ass „well d‘Maintenance net gemaach ginn ass“. Hien ënnersträicht: „Während Joren ass eis erzielt ginn, datt d‘Gestioun vun den Autobunnen a privat Hänn ze iwwerginn, wier besser wéi dem Staat et ze iwwerloossen. Elo erzielt eis ee vun de gréissten Autobunn-Gestionnairen an Europa, datt dës Bréck sécher war“.

Genua

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, deen sech um Mëttwoch op der Plaz en Iwwerbléck verschafft huet, fuerdert eng Revisioun vun den ëffentleche Konzessiounen. Hien ass net dovunner iwwerzeegt, datt eng privat Gestioun eng besser Maintenance vun den Autobunnen sécher stellt. © Piero Cruciatti/AFP

Wann den Transportministère an enger éischter Entscheedung, der Autostrade per l‘Italia, nëmmen d‘Konzessioun fir de betraffene Streckenofschnëtt wëll entzéien, an op senger Internetsäit all d‘Verträg zu de lafende Konzessioune wëll verëffentlechen, esou fuerdert de Matteo Salvini eng Revisioun vun aneren ëffentleche Konzessiounen, a fest Prisongsstrofe fir déi Verantwortlech.

Eng „Roserei“ déi een och am Hibléck op eng Serie Virfäll verstoe kann. De Viaduc Morandi ass de fënneften Ouvrage senger Aart, dee bannent fënnef Joer an Italien zesummegefall ass. Zwee a Sizilien 2014, wouvunner een direkt een Dag no der Inauguratioun. Zwee anerer sinn 2017 an der Lombardei an een an de Marken zesummegefall.

D‘Liewensdauer iwwerschratt

Fir den Antonio Occhiuzzi, Expert am nationalen Institut fir d‘Technologie vun der Konstruktioun am nationale Fuerschungszenter (CNR): „dausende Brécken an Italien hunn haut déi Liewensdauer iwwerschratt, fir déi se gebaut goufen. Eigentlech mussen se alleguerte renovéiert ginn“.

Autostrade de l‘Italia widdersprécht deem net, behaapt sech awer drop, datt de betraffenen Tronçon all Trimester kontrolléiert ginn ass. Hei hätt ee sech un déi legal Norme gehalen, an zousätzlech Iwwerpréiwunge mat héich spezialiséierten Apparater duerchgefouert. Zousätzlech hätt een den Zoustand vum Viaduc duerch weltwäit unerkannten Organisatioune préiwe gelooss.

D‘Direktioun vun der Autobunnsgesellschaft weist drop hin, datt all d‘Kontrollen zu „adequate Garantien zum Zoustand vun der Infrastruktur“, gefouert hunn. Déi hätten zudeem dozou gefouert, datt een d‘Interventioune konnt festleeën, déi esou och vum Infrastruktur- an Transportministère ugeholl gi wieren. Et géif mat den Autoritéiten zesummegeschafft fir d‘Ursaachen opzeklären.

mam Remi Banet an dem Vincent Xavier Morvan/AFP

Foto: Mat dësem Panoramabléck, wou een d‘Appartementshaiser ënnert dem Viaduc Morandi erkennt, gëtt ersiichtlech, wéi en Ausmooss d‘Tragedie hätt kënne kréien, wann se op hirer ganzer Längt zesummegefall wier. © Piero Cruciatti/AFP

Ähnlech Sujeten Autobunn, Genua, Italien, Katastroph, Viaduc
Nächsten Artikel Virrechten Artikel