Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Accisen um Diesel ginn an de Keller
International Neiegkeeten

https://moien.lu/austin-hookup-spots/

E Méindeg huet d‘Administratioun vun der Douane an den Accisen

dating sites look up
International Neiegkeeten

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise

All leschte Mëttwoch proposéiert d’Brasserie K116 flott Dinner-Concerten, wou een

surprise
Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet
International Neiegkeeten

Esch Uelzecht: Aktuelle Schoulsystem vergréissert d’Ongläichheet

Déi Lénk hunn ee Mangel an der aktueller Schoulpolitik vun

Katastroph vu Genua: Rette wat nach ze retten ass

Katastroph vu Genua: Rette wat nach ze retten ass

Déi ganz Nuecht iwwer hu Sauveteuren am Ëmfeld vum agestierzte Viaduc zu Genua (Norditalien) no méiglechen Iwwerliewende gesicht. Dosende Leit si bei dëser „Katastroph“ gestuerwen, an den italieneschen Inneminister huet eng ëmfaassend Enquête gefuerdert.

De Viaduc Morandi (nom Constructeur benannt), war en Dënschdeg an der Mëttegstonn stënterlech zesummegebrach. Vill Gefierer mat hire Passagéier goufen aus 45 Meter an d‘Déift geschleidert. Et war allerdéngs gewosst, datt dës Bréck „strukturell Problemer“ opgewisen huet. Politiker fuerderen, datt déi wou d‘Schold fir dës „Noléissegkeeten“ hunn, identifizéiert a bestrooft solle ginn.

E Bilan ze maachen ass am Ament reng Spekulatioun. Den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, deen sech op Sizilien opgehalen huet, erwähnt „ronn 30 bestätegt Affer a ganz vill schwéier blesséiert Persounen“. Hien huet géintiwwer de Medie versprach, datt déi Verantwortlech dëse Virfall deier bezuele missten.

De Regierungschef, Giuseppe Conte, deen am Owend op der Plaz ukomm ass, huet vun engem „provisoreschen“ awer ongewësse Bilan geschwat. Zu dësem Zäitpunkt war rieds vu 25 Doudegen a 16 Blesséierter. D‘Regioun vu Ligurien, vun där Genua d‘Haaptstad ass, hat nach informéiert, datt een Affer am Spidol u senge Blessure verstuerwen ass.

D‘Ausmooss vun der Katastroph nach net a Siicht

Et war spéit an der Nuecht, wéi den Inneministère nei Zuele virgeluecht huet. Am bis elo leschte Bilan, ass rieds vun 31 Doudeger, dorënner 5 Affer déi nach net konnten identifizéiert ginn. 16 Leit si Verletzt ginn, 12 schwéier bis kritesch. Mee dës Zuele muss een nach mat Virsiicht betruechten. D‘Rettungsdéngschter déi sech op schwieregem Terrain bewegen, rechne mat weideren Affer.

Genua

De Viaduc Morandi ass op enger Längt vun 200 Meter a sech zesummegebrach. D‘Tragedie ass an der Mëttegstonn ënner Schloreen agetrueden. D‘Bréck war fir seng „strukturell Problemer“ bekannt an ass „besonnesch“ iwwerwaacht ginn. © Valery Hache/AFP

„Et ass eng Katastroph déi Genua a ganz Italien getraff huet. E schrecklecht an Absurd Drama huet sech op Mënschen a Familljen néiergeschloen“, esou de President Sergio Mattarella an engem Communiqué.

Wéi d‘Nuecht agebrach ass, hunn nach honnerte Secouristen an engem impressionnante „Koup aus Blech a Bëtong“ weider no méiglechen Affer an Iwwerliewende gesicht. Vill Hondsstaffele waren op der Plaz. Laut dem italieneschen Zivilschutz, sinn alles an allem, wann een all déi verschidde Servicer zesummerechent (Pompjeeën, Rout Kräiz, Police) iwwer 1.000 Mann am Asaz.

Sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun maachen

„D‘Hoffnung stierft als lescht. Mir hunn ewell eng Dose Leit aus den Trëmmer gerett, a mir sinn decidéiert, 24 op 24 Stonne weiderzemaachen“, erkläert sech den Emanuele Gissi, géintiwwer AFP. „D‘Operatioune ginn déi ganz Nuecht iwwer weidergefouert. 240 engagéiert Pompjeeë léisen sech déi ganz Nuecht iwwer of, a wäerten am Scheinwerferliicht hiert bescht ginn“.

„A verschidden Zonen, wou no enger éischter Phas déi ganz Huelraim duerchsicht goufen, setze mir elo schwéiert Material, wéi Bagger, an. Déi sollen déi schwéier a grouss Bëtongsplacke réckelen, fir d‘Sich no méiglechen Affer ze erliichteren“, preziséiert den Emanuele Gissi.

Genua

Dëse Camion ass aus enger Héicht vu 45 Meter erofgefall. Fir de Camionschauffer koum all Hëllef ze spéit. © Valery Hache/AFP

E franséische Pompjee, de Patrick Villardy, deen als Verstäerkung op der Plaz ass, huet déi grouss Schwieregkeete vun der Operatioun ënnerstrach. „Déi éischt Uewerflächen-Affer sinn evakuéiert, elo muss ënnert den Trëmmer gesicht ginn. Eng schwiereg Operatioun, wann e bedenkt datt een hei mat dausenden Tonne Bëtong ze dinn huet“.

Den Infrastruktur- an Transportminister Danilo Toninelli, schwätzt vun enger immenser Tragedie. Um haidege Mëttwoch kommen de Vizepremier Luigi di Maio an den Danilo Toninelli op Genua fir sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun ze maachen. Och de Matteo Salvini, gëtt erwaart. Hie soll awer eréischt am Nomëtteg zu Genua ukommen.

Vun engem Ament op deen anere war d‘Strooss verschwonnen

D‘Katastroph huet an der Mëttegstonn, ënner Schloreen stattfonnt. An engem déiwen Donner, deen d‘Leit fäerte gedoen hat et géif et Äerdbiewen, ass de Viaduc Morandi op enger längt vun 200 Meter zesummegebrach. Dobäi goufen eng 30 Autoen an e puer Camione mat an d‘Déift gerappt.

Aus engem vun dësen Autoe konnt sech den Davide Capello (36), selwer Pompjee, aus eegener Kraaft befreien. Nach geschockt, mee ouni déi geréngste „Schréips“, erkläert hie dat erlieften: „Ech hu wéi e kréckelen héieren, an dunn ass alles zesummegebrach. Vun engem Ament op deen anere war d‘Strooss verschwonnen. Ech kann net verstoen, datt mäin Auto net zerdréckt ginn ass“.

Genua

De „grénge Camion“ dee wuel nach am leschte Moment un d‘Hale koum an nach zrécksetze konnt, steet nach ëmmer do wou de Chauffer e stoe gelooss huet. © Valery Hache/AFP

De marokkanesche Camionschauffer Afifi Idriss (39) hat och zolidd Chance. „Ech hunn dee grénge Camion viru mir gesi bremsen an de Réckgang aleeën. Dat war komesch. Ech si stoe bliwwen, hunn de Camion zougespaart a si fortgelaf“. De grénge Camion war um Dënschdegowend nach ëmmer op der beschriwwener Plaz, nëmmen Zantimeter vum Ofgrond ewech.

Géintiwwer der AFP erzielt de Sandro, en Taxichauffer vun 53 Joer: „Ech sinn dausende mol iwwer dës Bréck gefuer, et huet ëmmer Aarbechte ginn“. An déi dierften och de Grond dofir sinn, datt et zu der Trauer, och vill Roserei gëtt.

Deem ganze muss een elo op de Grond goen

„Ech wäert alles maache fir d‘Nimm an d‘Virnimm vun all deene Verantwortlechen ze erhalen, déi zu iergendengem Zäitpunkt mat dësem Viaduc ze dinn haten. Et ass einfach net akzeptabel, datt een op dës Aart a Weis an Italien stierft“, iergert sech de Matteo Salvini. „Si mussen dofir bezuelen, a si wäerten deier dofir bezuelen“.

De President Sergio Mattarella fuerdert och „eng seriéis a streng Enquête iwwert d‘Ursaache vum Drama. Keng Autoritéit wäert sech der Verantwortung entzéie kënnen, dat verlaangen net eleng d‘Famillje vun den Affer. Och d‘Communautéit, déi vun der Tragedie getraff ginn ass, huet e Recht op Opklärung. D‘Italiener hunn en Usproch op modern a sécher Infrastrukturen“.

Den 1.180 Meter laange Viaduc Morandi, ass Enn der 60er Joren aus Bëtong gebaut ginn. Laut den Experten, huet dës Bréck scho beim „opriichten“ mat strukturelle Problemer ze kämpfe gehat. Dat erkläert och de „besonneschen Opwand“ bei der Maintenance, deen zu engem finanzielle Faass ouni Buedem ginn ass. Schold dorunner: vill „Rëss“ a „schlechte Bëtong“.

Déi eenzeg realistesch Zukunft fir de Viaduc: ofrappen

Laut der italienescher Autobunnsgesellschaft, ware Konsolidéierungsaarbechten um Viaduc am gaangen. Si bestätegt och, datt dës Bréck bestänneg iwwerwaacht ginn ass, an enger besonnescher “Opmierksamkeet“ ënnerworf war.

De Vizeminister fir Infrastrukturen, Edoardo Rixi, huet sech pessimistesch zur Zukunft vum Viaduc geäussert. „Déi ganz Bréck muss ofgerappt ginn“, gëtt de Minister vun der italienescher Agence Ansa zitéiert. Aarbechten déi schwéier Konsequenze fir de Verkéier an d‘Stad Genua a sengem Ensembel huet. „Eng Bréck fält net wéinst engem Blëtz oder Onwieder zesummen!“.

Genua

De Viaduc, deen och als Contournement vu Genua eng wichteg Roll am Verkéier dréit, ass iwwert engem Industriegebitt zesummegebrach. En Fait deen et am Ament onméiglech mécht en definitive Bilan virzeleeën. © Valery Hache/AFP

„Esou Tragedien dierfen net an engem ziviliséierte Land wéi Italien passéieren. D‘Maintenance huet d‘Prioritéit iwwert alles an déi Verantwortlech mussen zur Rechenschaft gezu ginn“, insistéiert den Transportminister Danilo Toninelli.

D‘Autobunn A10, och „Blummenautobunn“ genannt, verbënnt Genua mat Vintimille op der franséischer Grenz. Wéinst dem Relief, tëscht dem Mier an de Bierger geleeën, ass de ganze Parcours vun der Autobunn, mat Brécken an Tunnellen ausstafféiert.

mam Remi Banet an dem Xavier Morvan/AFP

Foto: Secouristen hunn déi ganz Nuecht iwwer no Iwwerliewende gesicht. En éischte virsiichtege Bilan geet vun 31 Doudegen a 16, deels schwéier Blesséiert Mënschen aus. © Valery Hache/AFP

Ähnlech Sujeten Autobunn, Genua, Italien, Katastroph, Viaduc
Nächsten Artikel Virrechten Artikel