Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse
International Neiegkeeten creative questions to ask online dating

https://moien.lu/job-dating-iae-caen/

An enger parlamentarescher Fro vum David Wagner (déi lénk), déi

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
International Neiegkeeten creative questions to ask online dating

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

surprise
Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech
International Neiegkeeten creative questions to ask online dating

Den SEW-OGBL start seng Campagne #echwieremech

Beim Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL zerbrécht ee sech

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?

D’Katharina Schwirkus am Klimawahn: Sinn Hënn Schold?

Säit kuerzem schockéiert dem Katharina Schwirkus säin Artikel mam provozéierenden Titel „Loosst eis déi Köter ofschafen“ déi gesamt Internetwelt. Traureg awer wouer: d’Madamm mengt et eescht. Dobäi zielt si d’Grënn op, wisou eis Schnuffe richteg Klimasënder sinn, a mir wuel an Zukunft besser ouni Hausdéier liewe sollen.

Dem Katharina Schwirkus säin Artikel ass um 17. Juli 2019 op der Säit vun der sozialistescher Dageszeitung Neues Deutschland, déi zur Halschent der Partei Die Linken gehéiert, verëffentlecht ginn a gëllt als Kommentar vum Auteur. Heibäi huet d’Schwirkus scho mam Titel uerdentlech un der Provokatiouns-Klack gelaut. Hir Haapt-Argumenter, datt Hënn eng onnéideg Belaaschtung fir eist Klima wieren, si Folgend:

  • Si verknaschten alles mat hiren „ekelhaften Ausscheedungen“, déi „schwéier ofbaubar“ sinn
  • Hënn friesse Fleesch an droen zum Ausstouss vu Kuelestoffdioxid bäi
  • D’Ökobilanz vun engem Hond entsprécht der Autofuerleeschtung vun engem Joer (op 37.000 Kilometer gerechent)

Katharina Schwirkus

Hirer Meenung no sollten also all déijéineg, déi dem Klima eppes Guddes doe wëllen, sech weder een Hond, nach eng Kaz uschafen. Esou soll och d’Ziichtung vun de Véierbeener agestallt ginn, sou datt ee mol net a Versuchung kënnt, sech esou eppes Komesches an d’Haus ze huelen. Schold wier ënnert anerem awer och eist romantescht Bild vun engem Hausdéier, datt een schonn a jonke Jore mat engem pelzege Kolleg opwiisst, deen iergendwann zu engem richtege Familljemember gëtt. „Kanner sollt schonn a jonke Jore kloer gemaach ginn, datt et absolut egoistesch ass, an enger Stad een Hond oder eng Kaz ze halen.“

Katharina Schwirkus

Keng Hënn – Kee Problem?

Generell sollt dëst Thema an Zukunft och vun de Klima-Aktivisten opgeholl ginn an eng Erhéijung vun der Hondssteier fuerderen. Jo, dëse radikale Meenungsartikel ass der Schwirkus hire puren Eescht. Zwar géif d’Auteurin selwer nimools een Déier ëmbréngen, an awer wollt si de Lieser een Denkustouss mat op de Wee ginn.

Mol keng Woch no der Verëffentlechung vum Beitrag huet si sech -wahrscheinlech duerch déi hefteg Äusserunge vu veriergerten Déierefrënn – via Twitter geäussert. Duerch déi iwwer 500 Lieserbréiwer hätt d’Katharina Schwirkus bemierkt, wéi dëst Thema polariséiert. „Net alles war 100 % eescht gemengt. D’Kollegin hat haut nees hiren Hond dobäi, also hei ass alles ok“. Well si sech elo aus der mësslecher Situatioun zéien? Wichteg wier et, wann dann elo gewosst wier, wat um Artikel schlussendlech hiren eegenen Iwwerzeegungen ëntsprécht.

CO2-Ausstouss duerch Déieren

Natierlech stoussen d’Déieren, wéi och mir Mënsche CO2 aus. Laut der FAO ginn all Joer 41,8 Milliarden Tonnen Zäregaser op de Konto vun der Véizuucht, woubäi d’Déierenhaltung – laut FAO – soumat als Haaptverantwortleche fir de globalen Zäreneffekt gëllt. Uschléissend huet een de Rapport nach emol korrigéiert an uginn, datt op mannst 51 % vun alle klimaschiedleche Gaser duerch d’Déierenhaltung verursaacht ginn. Hire Bericht ass aus dem Joer 2009, woubäi een d’Zuele mëttlerweil wuel nach weider an d’Luucht setze kann.

Notzdéiere brauche grouss Flächen, souwuel fir d’Uplanze vu Fudder, wéi och fir drop ze liewen. Fir vill Länner ass et profitabel heivir de Reebësch ofzeholzen, woubäi een Hektar vun dësem Reebësch jo awer 200 Tonne CO2 späichere kéint.

Der FAO no sollen iwwregens och 37 % vum Methanausstouss vun den Notzdéiere kommen, woubäi dëst Gas ee 25 Mol méi héijen Äerderwiermungspotential wéi CO2 soll hunn. Wichteg ass allerdéngs, datt net all Déiere gläich vill Gaser ausstoussen. Op Plaz 1 stinn d’Mëllechkéi, wäit duerno eréischt Schwäin, Päerd, Schof, Geessen an Hénger. Natierlech kënnt et och hei nees dorop un, wéi vill vu wéi engen Déieren existéieren.

An dësem Kontext a vir zeréck op de Kommentar vum Katharina Schwirkus ze kommen, soe mir elo net, datt besser d’Notzdéieren, wéi d’Hausdéiere sollen ofgeschaaft ginn. Generell ass d’Klima ee komplext Thema mat zuelräichen Ausléiser.

Wien iwwregens elo säi perséinleche Foussodrock an CO2-Ausstouss berechne wëll, dee kann dës beispillsweis iwwert www.fussabdruck.de oder och iwwert www.wwf.de berechnen. Iwwert d’Säit Klimatarier kann een donieft och nach d’CO2-Bilanz vun senge Liewensmëttel ausrechnen. D’Resultat ass leider net erfreelech.

Opmaacherbild: Jo, esou hu mir och gekuckt, wou mir den Artikel gelies hunn…

Ähnlech Sujeten Artikel, Hausdéier, Hond, Katharina Schwirkus, Kaz, Klimawandel, Lasst uns die Köter abschaffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel